Freitag, 29. Januar 2010

#7: I'm sorry!

Hi Folks!
et erfëllt mech wierklech mat deifster Trauer dass ech an de leschten Deeg herzlech weineg gepost hun, an daat maan ech dann lo mol heimadder rem eenejermoossen gutt! Ech haat neemlech grad dei Idee rem bëssen d'Interesse um Blog bei äerch ze erwecken, an wei geet daat besser mat neien Ukënnegungen? Also fier mech dann och net all ze kuerz ze faassen, fänken ech mol domat un ze erklären fierwaat ech net vill gepost hun.

Wei der secherlech wësst haat ech su en richtegen Epic Fail Day, vun deem ech mech natierlech mol erhuelen misst. Waat duerno komm ass war heischgradeg skuril waat meng Verhaalensweisen ugeet... Ech hun et wierklech färdeg bruet den Mettwoch an den Donneschten baal net um iMac ze sin, an JA, ech sooen lo net einfach Pc oder Computer hei, ech haat neemlech mol eng Keier eng kleng Opbléiphase am UK, ech sin io schliesslech och de Genie vum Zolwerbierg! An wann een de ganzen Daag schneit, huet een Owes nemmen nach am Kapp sech sou seier wei meijlech an d'Bett ze leehen! Aanescht war et geschter, wou ech mer dei Aufgab operluet haat d'Moderatioun zesummen mam Aldijana a mam Tagea ze filmen; wei sech herno rausgestallt huet war daat net grad dei einfachst Aufgab. Ech sin also doutmidd heemkomm no 3 Stonnen filmen, an haat den Final Cut Pro 7 am Rucksaak, (een, wei soll ech sooen, deiren Schneidprogramm, an mer sin hei am 4-Stellegen Beräich :P),deen ech dann direkt installeiert hun. An der Freed en endlech ze hun, hun ech dann mol d'Nuet duerch gemaach an an der Zeit 3 mei oder manner grouss Filmer ze schneiden, dei ech awer nach su baal net veröffentlechen wärt :P (stay tuned :D).

Joa, an DOWEINST koum sou weineg vu menger Säit an de leschten Deeg..! Intressant ne? Naja, doriwwer leisst sech streiden, op jiddefall kennt lo den richteg informativen Deel, meelech deen mat den Ukennegungen! An den nächsten Deeg wärt kommen:

-2 nei Deeler vun "Movies"
-1 neien Deel vun "Music"
-1 neien Deel vun Ulmi's World ODER Random

Ech haat op jiddefall e ganz relaxen Owend mat deem iwwerdriwwen genialen Film "Sherlock Holmes", iwwert deen den ausführleche Bericht dann moa kennt... LO brauch ech no 40 Stonnen waakresch sin mol bësse Schloof

bis dann



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen