Donnerstag, 14. Januar 2010

Movies: The Imaginarium of Dr. Parnassus

The Imaginarium of Dr. Parnassus

Trailer vum Film an HD

Am Geijensaatz zu sou munch aaner Filmer gouff relativ weineg Reklamm fier dëse Film gemaach. Op den eischte Bleck mengt een, dass de Film sech genuch verkeeft, eleng weinst der ganzer Geschicht mam Heath Ledger. (fier d'Hinterwelter:( Hallo Steven an Thierry ), den Heath Ledger ass gestuerwen wärend de Film nach am Tournage war, an sou huet de Film fier vill Opreejung gesuercht). Allerdings wärt der herno nach liesen dass daat net onbedingt de Grond war!

Wann een an de Kinosall rageet, da setzt een sech gemittlech dohin an stellt sech fier waat fier abgefahren Saachen op een duerkommen, an freet sech op eng fesselnd Story, leider gouffen dei, deelweis ze heisch Erwaardungen wierklech net erfëllt!

De Film geet also un, an et gett een sou bëssen ageweiht an d'Story, bzw waat een ennert deem Imaginarium ze verstooen huet. No enger Gewësser Zeit, sooen mer 15 Minuten, setzt een awer emmer nach am onklooeren do, fierwaat daat alles sou ass, an et freet een sech: "weini kennt mol een vun deene Schauspiller mat deenen de Film souvill Pub mecht?? Oo" ( de Verne Troyer zielt net, daat ass io och just en Halwen)... Leider leisst daat Gefill vun der Onklooerheet net no mat der Zeit, an sou vergin dann 40 Minuten, dei filmesch wierklech ganz schein ze kucken sin, Inhaltech awer weineg brauchbares fier d'Story hiergin.
No der besooter Zäit kritt d'Geschicht eng kleng Wend an et geet rem bëssen Bierg op mat der Verständlechkeet, waat awer net heescht dass alles klooer ass bis dohin. No enger gudder Stonn, also knapp der Halschent vum Film, geet et dann sou richteg lass. E Groussdeel vun den folgenden Szenen spillen sech am Imagianirium oof, enger fiktiver Welt, dei am Film awer existeiert, an dei duerch Dreem an Gedanken gebaut gett. Et fällt e Bëssen op dass wierklech 90% vum Rescht vum Film an der Welt spillen, warscheinlech well dei geplangten Szenen mam Heath op der Erd nach nach gedreint waren ier heen gestuerwen ass, mee et steiert awer net wierklech!
Zum Schluss kann een sooen dass en sech net laang zitt, well en spillt sech wierklech fuerchtbar seier oof, an et feelen engem ierjendwei zevill Informatiounen fier logesch novollzeien ze kënnen FIERWAAT de Personnage grad gemaach huet waat en gemaach huet.

Souvill zu engem klengen allgemengen Resumee!
Kommen mer dann lo mol zu mei genauen Analysen, awer nemmen e Puer, ech well lo neemlech hei neicht Falsches behaapten, net dass herno ierjendeen Wëllfriemen ob mech zougerannt kennt an mech Schëmmel an Blesse vernennt ...
Also, wei scho gesoot fannen ech dass den Ufank sech fuerchtba laang zidd, waat engem am Film selwer net sou fuerchtbar opfällt, eischter Duerno, well een do de Film nach eng keier am Kapp duerchgeet an dann wierklech feststellt dass et en vill ze laangen Intro ass.
Duerch dei ganz Geschicht zidd sech en grousse Roude fuedem, mat villen Oofzweigungen, mee leider ass et dem Realisateur net gelongen engem dei Oofzweigungen schmackhaft ze maachen. Oft hun se vill mat der Geschicht ze dinn, mee dei eenzeg Persoun dei dann och wierklech verstaan huet waat engem dei Oofzweigung sooe well, wärt wuel den Terry Gilliam selwer sin! Et huet een menger Meenung ze oft daat Gefill dass een an Stach gelooss gett, an sou ass et och net erstaunlech dass een mat 100 Frooen dei mat "Wei, waat, wou, fierwaat, waat ass" ufänken!

Wann dei Oofzweigungen bëssen mei verdeift gewiercht wieren, an den Ufank net grad sou laang, an de Schluss net op Käschte vun der Verständlechkeet gekierzt wier, dann geiff meng Kritik wesentlech besser ausfaalen.

Lo zum Schluss kommen ech awer nach eng keier op d'Pub zereck! Menger Meenung no huet de Film net sou vill Pub gema, well en definitiv neicht fier de grousse Publik ass, mee eischter fier dei am alter mei fortgeschratt wei mer, Leit, dei ob mannst eng keier an hierem Liewen dei wichteg Litteratur wei zB de Faust gelies hun. De Film spillt neemlech vill op sou litteraresch Wierker un, an et ass vleicht och doweinst dass an eisen Interviews, am Kader vun MOVIES AND MORE, waat emmer um UELZECHTKANAL leeft, dei Jugendlech de Film net sou gutt bewert hun wei dei eeler Leit, dei de Film als "fantadtesch an genial" beschriwwen hun! Dass de Film net op de grousse Publik oofgestëmmt ass, huet een och deen Owend am Kino gesin, et ass sou zimmlech den eischten Film deen direkt am Salle 5, also engem klenge Salle start, amplaatz am Salle 1, wou dei richteg genial Produktioune laafen!

Trotzdem kann een de Film kucken an seng sech eejen Meenung maan, well en ass schon zimmlech verreckt an et ass net sou wi wann et sech net loune geiff en ze gesin, en suercht fier genuch Gesprächsstoff ennert Kollegen ;) Weem et awer zevill ass daat hei alles ze liesen an de Film kucke gooen dee muss dann am Februar den Uelzechtkanal kucken, wou de Ben an ech zesummen de Film ennert 'dLupe huelen, an eieser eejener Rubrik: "Movies 'n More"

stay tuned!



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen