Sonntag, 17. Januar 2010

Movies: Invictus

Invictus

Trailer an HD

No engem mei oder weineger enttäuschenden Dr. Parnassus, an engem net wierklech meeega superen Zweiohrküken, huet Invictus et färdeg bruet dass mei Jooer 2010 dach nach mat engem richteg gudde Film ufänkt!
De Film erzielt vun der Geschicht vum Nelson Mandela, deen no zech Jooren Prison endlech rem fräi ass, an zum Präsident vum Südafrika gewielt gouff. Wärend senger eischter Zäit als Präsident well heen dass daat Afrikanescht Vollek rem mei eng staark Zesummenaarbescht an Frenndschaft ennert en een bild. An eischter Line gesäit heen d'Nationalmannschaft vum Rubgy ass den Hoffnungsträger. Heen motiveiert d'Equipe fier d'WM(1995) ze gewannen an erhofft sech dass heen doduerch d'Vertraue vun de Leit em sou mei gewënnt, an dass dei staark Verbdindgung der entsteht dem Land hëllefe wert. Vue dass de Film op enger richteger Story baseiert, war et eng Hürd fier den Clint Eastwood, alles genee sou ze inszeneiren dass engem zu kengem Moment opfällt dass et "fake" ass. Suwuel d'Rubgyspiller hun hieren Originalen Vierbiller relativ gutt geähnelt, wei och den Nelson Mandela. Et ass einfach herrlech de Morgan Freeman an der Roll ze gesin.
D'Ähnlechtkeet ass verblüffend, fierun allem well zum Schluss vum Film Originalfotoen vun 95 kommen, an een reicht bei der 3ter oder 4ter mierkt dass et Originaler sin, well d'Schauspiller am Film wierklech eng erschreckend Ähnlechkeet haalen.

Kommen zur Filmkritik.
Wärend dem Film huet een nemmen zu ganz weinegen Momenter d'Gefill dass et langweileg keint gin, an zwar relativ am Ufank. Gott sei dank huet sech awer rausgestallt dass deem net sou ass! :D Et gëtt een lues awer secher an d'Geschicht ageweiht, dei politesch an gesellschaftlech Lag gett erklärt, an et ass een quasi "live" dobäi wann den neien Präsident sein eischten Schaffdaag untrëtt. Hei gëtt engem och direkt gewissen weivill Wert de Nelson op d'Menschen geluet huet, an net nemmenop hiert Können.
Am Ufank vun senger Amtszäit ass hien nach net beim ganze Vollek beleiwt, heen muss sech also als eischt beweisen bis en d'Vertrauen kritt. Dobei soll him d'Rugbysequipe hëllefen. Heen fuerdert sie op d'WM ze gewannen, an ennerstetzt se tatkräfteg. (Mei deiff gin ech net drop an, soss muss een de Film io nemmi kucken).
Mee de Film ass net sou einfach gestreckt wei sech daat lo unheiert. Et gin nach zech kleng Nierwegeschichten dei de Film oofwiesselungsräisch gestalten. Sou gett et zB een Bodyguard deen neicht vun Rubgy versteet, an regelmeisseg ageblendt gett wann en net verstaan huet dass se gewonnen hun, oder e Punkt gemaach gett. An sech besteet de Film aus 4 klenge Storien dei parallel zu en een laafen. Engersäits dem Mandela säi Kampf, aanerersäits de Ween vun der Rubgysequipe, nach dobei den Alldaag vun den 8Bodyguards an als 4t nach wei daat aarmt Vollek daat ganzt materliewt.
De Film bidd engem wierklech eng grouss Pallette vun Emotiounen un, dei och alleguer wierklech gutt zum Vierschäin kommen. Ech soutz mei wei eng Keier mat deem legendären "ok daat do war lo mega schein ech mengen ech muss pinschen ah nee gott sei dank awer net"-Gefill do, an ech war, an daat weess ech aus zouverlässeger Quell, net den Eenzejen :P

Kommen mer lo awer zum Highlight vum Film: dem Rubgy.
Ganz eierlech: Wann Rubgy an där Form um Fernseh iwwerdrooe geiff gin, da geiff ech de ganzen Daag neicht aaneschters kucken. Filmesch ass daat einfach absolut TOP! Et ass een matzendrann am Getümmel, et huet een d'Gefill et setzt een um Terrain wann beemol een 2mm lanscht d'Kamera leeft. Ganz wichteg Momenter laafen an Zäitlupp oof, an sou Kämpf wou se zu 6 op en een Hänken sin och an Zeitlupp, awer den besonnëgen Extra ass, dass d'Stëmmen, bzw dei Tein se vun sech gin, duerch d'Zäitlupp mei lues, an doduerch mei Donkel ooflaafen. Sou huet een heiansdo d'Impression dass en Steierkampf wier, wou een geint deen aaneren dreckt! En plus sin d'Matcher richteg spannend. Obwuel ech io genee wosst dass de Film scho laang op Band opgezeechent ass, an obuwel ech wosst wei et ausgeet well et io eng richteg Story ass, soutz ech do an hun matgeziddert wou dei lescht Sekonnen vun der Finall gespillt gouffe!

Fazit: "Invictus" ass wierklech en Meeschterwierk daat et sech lount kucken ze gooen, an zwar an allen Hinsichten. Kameratechnesch Top! Bei laangen Reesen gouffen zum Beispill sensationel Landschaften gewissen, oder och dei aarm Veirel, dei engem wierklech no ze denke gin hun. Direkt 2 Hightlights huet awer d'Audiospur vum Film bruet! Engersäits dei fantastech epesch Bongo Musik, bei der een einfach nemmen RICHTEG gudd Laun an Motivatioun kritt! Aanerersäits war et dann och dem Morgan Freeman seng ultar epesch Voiceover, dei deelweis 40 Sekonnen gedauert huet. Dee Mann huet einfach THE voice!

ps: JA ech hun absolut neicht Negatives um Film auszesetzen, ech fannen dass un deem Film net vill ze meckeren ass, an dass een och roueg mol eng keier eng pur positiv Kritik schreiwe kann!



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen