Dienstag, 12. Januar 2010

Interns: We are...

Haut dann mol eng Keier eppes aanescht aus dem grenzwerteg komplexen Ulmineschen Universum. Des keier sin ech an dei verstëppsten Kescht mat der Opschrëft "sentimental" wulle gaang. Mee keng Angscht, et gett lo keng Gefillsexplosioun, mee stellen domat leiwer mol direkt am Ufank klooer dass deen hei Beitrag net fier ze laachen ass, mee eischter un all dei geriicht ass, dei sech domat ugesprach fillen! Dann geht's mal los^^

We are...

Mer sin dei, dei de Leit aus eiser Schoul an dem ganze letzebuerger Land weisen waat wou an eisem klenge Ländchen lass ass, an Mount fier Mount weise waat mer kennen. Mer sin dei, dei a Kaaf huelen dass hier Fräizeit ausserhalb vun der Schoul dropgeet, mee mer sin awer och dei, deenen daat egal ass, well se et gär maachen. Mär sin dei, dei wuel am engsten mat hieren Proffen an enger Frenndschaft stinn, an dei, dei sech net schummen sech der Welt ze presenteiren. Mer sin dei, dei fierum Mac setzen an um Schluss vum Montage ganz stolz aus dem Gebei gin an sech eng Tape gin op dei gudd Zesummenaarbescht. Bei eis, gett Teamwork nach grouss geschriwwen.
We are... THE UK!

Mer sin dei, dei als "Elite vun der Natioun" bezeechent gin, dei vun deenen heiansdo zevill erwaart gett. Mer sin och dei, dei sämtlechen Clicheen widdersprecht, dei een sou vun eis huet. Mer sin dei, dei zesummen eng Freakshow bilden, mee eenzel jiddereen eng aaner Sorte Held ass. Mer sin dei, dei hiert d'Liewen laang den X wärte sichen, dei anormal vill Stellen hannert dem Komma vum Pi (3,14159265358979...) auswändeg leiren, dei den Rubiks Cube am Schnëtt an enger Minutt leisen, AN dei wou sech aus all Klengegkeet eng Spillsaach bastelen fier sou onwichteg Fächer wei [hei beliebeg vill Fächer afügen, ausser Mathe an Physqiue] ze iwwerstooen. Mer sin dei, dei sech eng Stonn amüseiren mat 2 klenge Bullen d'Zäit emzekreien. Mer sin dei, dei iwwerdimensional Klammeren opleisen fier dass herno 1 rauskennt. Bei eis, richt een dei atheistech Astellung scho vu wäiten.
We are... D'2IEME B!

Un dëser Stell mol nach seier eng kleng Remarque: Hi! :D

Mer sin dei, dei nie roueg ierjendwou setze kenne bleiwen. Dei, dei emmer eppes am Grapp mussen hun, oder am Ouer. Dei, dei einfach sou e Lidd am Kapp hun an daat dann summen ouni sech domm vierzkommen. Dei, dei bei engem Guitarssolo fier ze frecken net de Kopfhörer aus dem Ouer huelen fier mat engem ze schwetzen. Mer sin dei, dei moies EMMER extrem midd sin, an owes zur Héchstform oplaafen. Mer sin dei, fier dei een liewen ouni CDEFGAH onmeijlech wier, dei mam Rythmus am Blut. Mer sin dei, ouni dei d'Welt an 50 Jooer ganz schein fad wier, dei dei Stemmung maachen, an dei dee wuel greisste Wëllen hun fier eppes ze packen. Mer sin dei, dei vun allen beneid gin dei net zu eis geheiren, an dei wou zu all Liewenslaag en Songtext kennen.
We are... THE MUSICIANS!

Mer sin dei, dei leidenschaftlech chaotesch sin, an trotzdem den Duerchblevk hun. Mer sin dei, dei gären d'Mensch-sin komplett meeschteren, also dei, wou dei perfekt Mooss tescht Virtuell an Real Life fonnt hun. Mer sin dei dei beim Wuert "Freak" net beleidegt sin, mee mat Stolz deem Giejeniwwer erklären dass en Freak besser wei e Matleefer ass. Mer sin dei, dei aanescht schwammen, weder mam Stroum, weder geint de Stroum, mer schwammen säitlech! Mer hierwen eis vun der Mass oof, an hun fier alles en aaneren Numm. Mer sin dei, dei laachkriisen am Cours maan, an sech duerno frooen fierwaat, an doweinst rem laachen! Mer sin dei dei einfach meeegaaa gudd Note keinten hun, mee ze faul sin souvill ze leiren! Mer sin dei, dei e Klickapparat mat an d'Schoul huelen an zielen wei oft sech een am Cours emdreint. Mer sin dei, dei hier Freakechkeet genee sou beherrschen, dass mer se gezielt kennen asetzen fier d'Laachkriis op enger Party ze entfachen, ouni peinlech ze gin!
We are... hm ja, wei soll ech eis nennen? THE KINGS!



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen