Dienstag, 9. Februar 2010

#10: Emfroo hei an do

Waaaaaaaat?
Nee, daat kann dach net sin!
Fierwaat dann ausgerechne bei DÄR Froo? Lo haat ech mer wierklech geduet dass DEI Sträitfroo iwwerhaapt mat der leschter Emfroo entgülteg eng Änfert fënnt, an dann DAAT? Fier dei manner, vum leiwen Herrgott mat Intelligenz beschenken,Leit: Et geet em de Kampf tëscht "Löwenzahn" an "Die Sendung mit der Maus", an raus ass komm dass et 50:50 steet.

Soumat ass dei Froo dei eischt an der ganzer Emfroo-Karriere vun dësem Blog dei net zum Allgemengwëssen vun der Menschheet begeidrooen huet, wubei een natierlech och domat kann ugin, dass een lo weess dass d'Illuminaten dohannert stierchen, an alles meijleches maachen fier dass sou grouss Rätsel vum Universum NIE opgeklärt gin, well et soss Rëss am Raum-zeit-Kontinium kënne gin (cf: Theorème de l'Univers Ulminien). Also sou ganz nierwebäi: ech gleewen net dass et Zoufall ass dass et 50:50 steet, do MUSS eppes dohannert stierchen, mee dozou zu engem aaneren Zäitpunkt mei! ;)

Wei ech schon fierun ca. 10 Deeg ugekënnegt haat, wärt ech äerch dëse Mount befrooen wei der dei Aktuall UK-Sendung fannt! Et ass e ganz gudde Mix un Themen dëse Mount, d'Moderatioun wierkt net ZE kënstleg, an vun de Biller hier ass et eng vun de beschten seit Laangem. Ech perseinlech fannen se ass relativ gutt gelongen, och wann een daat een oder aanert Thema net uschwetzt, muss een sooen dass keng vun de Reportagen wierklech langweileg ass, well se entweder wierklech informativ oder halt knapp und bündig sin!

Hei dann e Link op den offiziellen UK-Site an den momentanen Reportagen. Dozou muss een sooen dass do nëmmen d'Glanzstecker vum Mount, bzw eng Selectioun ukuckbar ass. Ween sech die ganz Sendung an der richteger Reihenfolg well ukucken, dee kann daat:

Meindes 18:00 20:00 22:00
Dënnstes 18:00 20:00 22:00
Donneschtes 18:00 20:00 22:00
Samschdes 17:00
Sonndes* 17:00

maachen. *Bedeit an dësem Fall dass et um letzebuerger RTL leeft! All dei aaner Deeg leeft en um UK-Sender, daat ass deen wou och den .dok an d'Nordliicht TV leeft. D'Emfroo ass wei emmer ganz Uewen um Blog ze fannen!

Moa kënnt dann endlech de Blog mam fulminanten Titel "Ulmi's World: Psychopatesch Tendenzen" online, un deem ech schon eng Zäitchen schaffen, well en ass wierklech bëssen ze laang, well ech denken net dass ierjendeen souvill wäiss Schrëft op schwaarzen Hannergrond liese kann, ouni dobei komplett Brätsch, oder eischter, nach mei Brätsch an der Bier ze gin :D



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen