Samstag, 29. Juni 2013

California, here I come!

Yesss, endlech ass den Daag sou gudd wéi do! Moa de Mueren um 5 Auer geet et aus dem Haus fier dann mam Fliijer Directioun amerikanesch Westküst ze fléien; ganzer 23 Deeg wert ech an dësem liicht méi woarmen Deel vum Planéit verbrengen an wärend dems sou gudd wéi näicht Sehenswertes ausloossen! Iwwer LA, Phoenix, Death Valley, Yosemite Natural Parc, Las Vegas, San Francisco an nach vill méi Destinatiounen wert ech hoffentlech all Daag kënnen berichten!


Ech hu geplangt dass ech all Daag eng Foto op de Blog setzen, an dobäi eng kleng Geschicht vum Daag erzielen, mat vill Chance klappt daat, vierausgesaat ech hun iwwerall Internet-Access ;). D'Auerzäiten weini dee Post online kënnt wert allerdings e bësse mei random sin; vu dass ech 9 Stonnen hannendran wert sin, an ech réicht Owes am Hotel optauchen, wert der den Post géint mueres 5,6 oder 7 Auer ze gesin kreien! Mee hey, besser daat wéi guernet ;)

No der Vakanz schreiwen ech natierlech e bësse méi detailleierten Resumé, an wert äerch rem räichlech mat Movie Reviews an Dommheete versuergen! Lo heescht et awer mol nach Valisse paaken, Akkus lueden an de Boart maan ;)

bis dohin,
stay tuned.



1 Kommentar:

  1. Ech hu meng scho programméiert a blendend ATM Kaart fir de Maximum vun 1.000 € pro Dag fir maximal 20 Deeg zréckzekréien. Ech sinn sou glécklech dass ech dat lescht Woch meng Minn an ech hunn se benotzt fir $ 20.000 ze kréien. De Mike Fisher Hackers verëffentlecht d'Kaart just fir den Aarmen an der Bedierfung ze hëllefen, obwuel et illegal ass, awer et ass eppes schéi, an et ass net wéi all aner Betrüger, déi eidel ATM Kaarten hunn. A keen ka bei der Verwaltung vun der Kaart erfaasst ginn. Gitt Iech vun Mike Fisher Hackers haut! Nëmme mer eng E-Mail op blankatm002@gmail.com

    AntwortenLöschen