Donnerstag, 18. Juli 2013

Amerika Part 18 - Welcome to San Francisco

Yess, hei hu mer se, déi éischt Groussstaat säit laangem op eiser Reess - San Francisco! No enger 4 stönneger Autosétape duerch vill onschéin an onziviliséiert Plaatzen si mer kuerz fierun San Francisco mat flotten Gebeier an Wunnquartieren begréisst gin, fier uschléissend iwwert eng verdammt laang Bréck mat genialer Vue op déi ganz Staat ranzefueren (nee, et war net d'Golden Gate Bridge).

Duerch dei ideal Laag vun eisem Hotel konnte mer och direkt e Bléck an de liewegsten Deel vu San Francisco geheien; nët nëmmen ass hei alles voller (deelweis suguer talentéiert) Musiker an Artisten, mee allgemeng wierkt déi ganz Staat e bësse méi relax an vill manner hektech wéi zum Beispill LA. D'Leit fueren mam Velo oder chillen op enger Plaatz, et gëtt weineg getuut, d'Restaurants sin aluedend an vill kleng Detailler bréngen Charme mat sëch.

Vu dass mer nach 2 ganzer Deeg fierun eis hun fier alles genee ennert d'Lupp ze huelen, hu mer eis op eisem éischten Nomëtten hei mol e bëssen emgekuckt, an déi wahnsinneg vill Geschäfter erkund. Dobäi fällt engem séier op dass San Francisco e bëssen méi "bodenständeg" bliwwen ass, wubäi dëst Statement mat Viersiicht ze genéissen ass... Zwar fënnt een hei am Shoppingdeel keng Millioune vu Wolkenkratzeren déi vun uewen bis ënnen voll mat Buttiker sin, mee dofier huet su gudd wéi all Mark hieren eejenen grousse Butték, an, ganz dovun oofgesin, hu mer eng Mall mat 7 Stäck fonnt ;)

Mee trotzdem: op den éischte Bléck fannen ech dass San Francisco eng gemiddlech Staat ass, déi vum Feeling hier e bëssen méi un doheem erënnert, eben well net alles sou iwwerdriwwen ass. (an well d'Temperaturen mat 17-21°C wesentlech méi deenen vu Lëtzebuerg ähnelen) Um zweeten Daag wert ech ierch awer mot Fotoen versuergen kënnen, hoffen ech zumindest ;). Ahjo, Loft! hei ass verdammt vill Loft!!

bis dohin,
stay tuned.



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen