Mittwoch, 14. April 2010

Analysis: D‘Dekadenz vum däitsche Fernseh, bei relativem Bewosstsin

Voila, hei ass dann meng allereischt Episod vun „Analysis“... Ech geiff sooen, schwetze mer net laang rondrem de Bräi, an leen direkt lass.
_______________________________________________________

Et ass erch io secherlech net entfall dass sech an de leschten 10 Jooer, villes geännert huet, seif et am techneschen Beräisch wei och an der Natur (hi@ Global Warming). Zu dem eischt genannten Genre zielt sech dann och de Fernseh, och gär Tele oder Schlappekino genannt; an waat sech do geännert huet, ass mei, wei nëmmen d‘Tatsach dass se ca. 2 Meter mei dënn gi sin, an lo mat ca. 5 Centimeter Déckt locker un all Mauer gehaangen kënne gin. Dei greisst Changementer sin neemlech am Inhalt komm, an genee dëst ass fierun allem bei den däitschen Noperen ze bemierken.

Ech kommen direkt zur Saach an behaapten dass de Niveau deen sou zimmlech all TV-Sender ereechen kann, relativ heisch ass, sief et dass en TOP-Reportagen oder sensationell Filmer weist; mee leider huet dei Medaille och eng Recksäit, an sou ass et net verwonnerlech dass de Niveau, an daat ass mei oft de fall wei emgedreint, erstaunlech oft geint 0 oder nach manner tendeiert. De King an der Kategorie ass definitiv RTL, an alles waat dobei geheiert, well sooen RTL II oder och Super RTL, mee dozou kennt mei weit Ënnen nach mei ..!

Ween dei eng oder aaner Keier mol op mei Blog liese kennt, dee weess dass ech net vill vum Groussdeel vun der menschlecher Bevölkerung haalen, well et einfach vill ze vill Idioten gin an onbrauchbar Leit dei nach mei domm Entscheedungen treffen, dei d‘Menschheet net brauch... Trotzdem gett et nach eng Gesellschaftsklass dei ech NACH manner leiden kann, dei sougenannt Asozial; waat mech awer am meechten opreejt ass dass et an Däitschland anscheinend meichlech ass genee duerch sou en Optrieden eng eejen Fernsehsendung ze kreien, an do si mer och schon beim spragende Punkt. Waat kann en Fernsehsniveau ganz seier roofdrecken? Ganz genee, d‘Idee 12/24 Stonnen am Daag nëmmen sou asozial Sendungen ouni Sënn an Zweck ze senden.

( Dass ech Asozial Leit, an e Grousdeel vun der Bevölkerung net leiden kann, klengt op dëser Plaatz bëssen sauer, mee ech muss dobei sooen dass daat net sou krass gemengt ass wei et klengt... Wann een an engem Land liewt, wou een sech als Letzebuerfer friem vier kennt, bauen sech sou kleng Spannungen op... Soit...)

Ech mengen, kuckt äerch dach mol nemmen de Mëttesprogramm vun engem Sender wei RTL un:

-“Gerichtsshows“, an denen saugenannt „Schauspiller“ mat enger Iwwerzeegung hier Roll verkierperen an sech weinst ierjendenger onrealistescher Klengegkeet streiden.

Ganz eierlech? Wee kuckt sou eppes fräiwëlleg, also ouni Afloss vu Suuen oder ierjendenger Belounung?

-„Die Ausreisser“, eng Sendung an där et em Teenager geet dei ze domm sin fier an d‘Schoul ze gooen an mengen op der Stross geingen se all Daag 500 Euro geschenkt kreien. Daat sin dann och dei dei hier iwwerdriwwen fetteg Hooer(fetzen) gring/rosa oder och mol moov an bloo fierwen, an mat Armeisbox an ierjendwelchen uraalen Schung rondremlaafen.

Ganz eierlech? Wee kuckt sou eppes fräiwëlleg, also ouni Afloss vu Suuen oder ierjendenger Belounung?

-“We are family“, nach sou eng Sendung, wou eng total anormal Famill, mat nach vill anormalen Liewenszieler,wärend enger Woch mat der Kamera begleet gett, an daat och nach all langweilger Situatioun (Schmier iessen, uiuiuiui...). De leschte Keier wou ech dat per Zoufall beim zappen fonnt haat, ass et drems gaang dass en 56 Jooer aalen Frührentner sech eng Fraa aus China zougeluet huet (28 Jooer aal) an mat der 2 kleng Kanner kritt huet. Mee no 4 Jooer Ehe haat d‘Chinesin heimweh an ass, ouni eppes ze sooen, an der Nuet a China zreckgeflunn. An der Sendung ass et dann drem gaan dass de Mann dei ganzen Zeit gepinscht huet, an seng Fraa gesicht huet, an op der aanerer Seit war en Kamerateam beim „Flüchtling“ dobei... Do freet een sech dach fierwaat Kamerateam A net einfach Kamerateam B urifft an deem aalen Saak da seet wou seng Fraa ass? Oo

Ganz eierlech? Fierwaat kucken souvill Leit daat? Daat Leit menger Meenung no einfach um Urinstinkt vum Mensch, eppes ze kucken, a wa meijlech eppes waat en eigentlech guer net soll gesin. (c.f. Eva: ooh waat ass daat fier eng Fruucht?). Eppes verbuedenes ze maachen huet de Mensch also schon emmer gereizt, an lo wou Fernsehkucken mol net verbueden ass, kann een dei Pulsioun (Voyeurismus) a sengem Kierper also ganz einfach befriedegen.

A wei daat sou um Fernseh üblech ass, kënnt lo mol Werbung! Dëst ass natierlech den idealen Moment fier Werbung! Nodeems den Zuschauer eng Stonn laang mat enger Sendung zefriddegestallt gouff, bei der heen net eng eenzej Sekonn nodenken misst, bzw sein kriteschen Geescht aktiveiren misst, huet sei Gehier an de Standby-Modus geschalt, waat bedeit dass en sämtlech Informatiounen dei en erhällt einfach sou opsaugt, ouni se als eischt am Kapp zu "brauchbar" oder "onbrauchbar" ze klasseiren. Nëmmen doduerch sin ganz Verkaafsstrategien entstaan wei zB och dei heiten Reklamm:

Et fueren 2 Autoen eng Traap roof.
Am Hannergrond leeft en Lidd vum Shakira.
Dei 2 Seat-Autoen fueren einfach mol weider
. D‘Reklamm ass gleich riwwer.
 D‘Autoen sin ënnen ukomm, an dann steet do d‘Shakira, stöhnt 2 mol wärend et seng Hëft no vier schleidert, an d‘Reklamm gëtt domat oofgeschloss dass ierjenden Hirni „Seat“ seet. Sex sells ass ganz einfach d'Devise, an all Mensch deen nemmen bëssen Nodenken kann erkennt dach duerch waat den Operateur sei Produit verkaafe well... (ACHTUNG: daat heescht net dass sämtlech SEAT-Fuerer domm sin!)

Sooou, kommen mer lo zum Absoluten Highlight. Dem Mëttwoch Owend bei RTL.
20:15, Die Super Nanny. Et gesäit een am Trailer eng Rëtsch lusteg Biller wei kleng 3-jähreg Kanner hier Mamm Schlampe an Hure beschimpfen, oder Teenager Meedecher mat 8 Tattoos an 17 Piercings dei onbedingt eng nei Packung Zigaretten brauchen. Doropshin kënnt eng Stëmm dei seet „nach diesem emotionalen Kampf und mit Hilfe der Super Nanny folgt dann um 21:15 „Raus aus den Schulden“ mit Peter Zwegat“

21:15, Raus aus den Schulden, mam Peter Zwegat. xD . Waat geseit een am Trailer? Eng Taafel wou -293.000 Euro dropsteet, an eng Fraa, natierlech mat der Zigarett am Baak, dei seet „ich habe 300.000 Euro schulden“. Am Hannergrond gesäit een en riesengroussen Flatscreen Fernseher, op deem ZOUFÄLLEG RTL leeft, an soss ass och de Recht vun der Bude mat High-Tech vum neisten Stand ausgestatt.

Sou, daat ass dann och riwwer, trailertechnesch gesin, an dann kennt nach de Resume an der Voiceover „Der Mittwoch Abend bei RTL - der Abend der die Menschen berührt“.
Klooer, ween bereiert et net kleng Saukanner ouni Maneiren ze gesin dei hier mam eeschthaft schlooen an de ganzen am Zigarettenqualm rondremlaafen an warscheinlech mat 14 Jooer d‘Schoul oofbriechen well Baggerführer gin io soooouuu cool ass. Waat mech dann awer schon bereiert huet war d‘Tatsach dass de Peter Zwegat ( xD dee Numm ass zevill) allen eeschtes Probeiert huet dei 300.000 Euro Scholden ze beseitegen, ech mengen, weem seng Laachmuskelen gin net bewegt wann en daat gesäit? Meng Reaktioun war folgend dei, bei där aus dem farbgefüllten Bildschirm eng schwaarz Mattscheiw gëtt, aka AUS MAAN.

Ajo, ier ech daat Thema fier lo mol oofschleissen, wier et nach wichteg ze erklären dass RTL lo 1 Beispill war, an ech de ganzen Blog dorop opgebaut hun. All Sender huet Schrott am Programm, d'ass eben daat waat d'Masse unzitt (c.f. Urinstinkt etc...), an daat ass an all Land sou, sief et Frankreisch, Amerika, Portugal etc etc.. En Interlektuellen Programminhalt huet an der heiteger Zeit sou gudd wei keng Iwwerliewenschance mei, a soufern et sech em en rengen interlektuellen-Sender handelt. N-tv ass zB super, mee wieren se net vun Pro 7 opkaaf gin, geiff ech schwaarz fier hier weider Existenz gesin!

Am trauregsten an awer an sech, dass sech dei ganz Niveauverschiebung vun heisch, op ganz ganz deiff, sou laang gezunn huet, dass et engem net opgefall ass. Wier den Niveau vun haut op moar sou schlëmm roofgaang wei en vun 1992 op 2010 roofgaang ass, geiff all Mensch meckeren. Mee doduerch dass deen Prozess soulaang ugedauert huet, sin d'Menschen net wierklech drop opmierksam gin, an hun et einfach gewerden gelooss bzw hun sech selwer "mi domm" maache gelooss.

(Fernseh mecht net mi domm, mee wei ech schon op 4ieme zum Herr Hoscheit soot, stierwen eis dei Leit dei keen Schrott um Fernseh kucken wesch, an dei Nei di op d'Welt kommen wuessen io dann schon am Groussdeel vun de Fäll mat deem neien Fernseh op, also geet just den Taux Procentuel vun de Leit dei kee Schrott kucken roof... traureg mee wouer!)

Lo hun ech genuch iwwert den däitschen (hei keint och ierjend eng aaner Natioun stooen) Fernseh gemeckert, ëmmerhin gin et och gudd Däitsch Senderen dei kee Scheiss weisen (siehe Umfrage ganz uewen ;D).

Zum Oofschloss awer nach en klengen Tipp fier ganz seier ganz vill Frick ze kreien.

-3 Wochen laang net Wäschen
-dauernd all Krunn am Haus voll opgedreint loossen.
-Asozial gin
-Sech en Koup scholden usammlen (dee schnellste Ween ass et einfach d‘Fortis, samt all den 300.000.000.000.000.000.000 Euro Scholden fier 1 Euro opzekaafen)
-den Peter Zwegat ( xDD) ruffen
-deen leisst deng Problemer dann innerhalb vun 2 Deeg
-du hues keng Scholden mei, Fortis leeft rem
-de Peter Zegat ( xD) gett NACH MEi berühmt, an du kanns 50% vu sengem Income forderen well en dat ouni dech nie gepackt hätt.

Voila! vill Spass nach (; Ech gin lo Fernseh kucken, awer en richtegen Sender, wei zB UK oder Uelzechtkanal... ;D
update; 21.17 OH MEI GOTT HAUT ASS IO METTWOCH, ECH KUCKEN LO RTL XDD



3 Kommentare:

  1. wat eng selbstironie mat der fortis, ulmi ;)

    AntwortenLöschen
  2. Hehe, ech huelen daat locker,ass io scho baal de running-gag bei mer ^^ netzt io neicht emmer eng deck opzefeiren... Mee ehm, heescht dei net lo bgl? Oder paribas? Off egal... Streifenwiki

    AntwortenLöschen
  3. RTL ass krass! behennert O: hun geschter soueng szene gesin, en 19 jährechen deen an eng 69 jährech(deelsweis zreckbliwwen?) fraa verleiwt wua, an kraaaaaas schlecht gespillt, waat denkt RTL sech dobai? Tolleranz an d'welt ze brengen? mat haass-op-d'menschheet-erzeugenden fake situatiounen? Da sollen se weinstens dee richtejen misère dobaussen an der welt weisen :O

    AntwortenLöschen