Mittwoch, 17. Juli 2013

Amerika Part 17 - The Nevada Waterfall

Mer schreiwen Daag 2 am Yosemite National Park. Nodeems mer gëschter e bëssen manner ustrengend Aktivitéiten gemaach hun, hu mer haut genee sou rem ugefaang. E klengen Rondgang ënnen am Yosemite Canyon huet eis bei flott Aussiichtspunkten bruet, an d'Natur méi am Detail siichtbar gemaach. Waat dëse Canyon awer och bidd sin zahlräich Waasserfäll.


Kuerz drop hu mer eist Daagesziel dann awer fonnt: mer wëllen Uewen hin bei de "Start" vum Nevada Waterfall hiken; stellt sech raus dass dësen Tour am Park-Guide als "ganz ustrengend" opgelëscht ass! Mee egal, daat hu mer réicht duerno rausfonnt an sou si mer monter do rop stolzéiert! Um Wee fier rop huet sech séier bemierkbar gemaach dass dës Wanderung absolut derwert wert sin!


Nach ier mer uewen ukomm sin hun ech duerch e glécklechen Zoufall daat nächst Bild geschoss! Wéi een onschwéier erkennt ass do e Reebou ( :D ) drop; duerch de Sonnebrëll haat ech deen awer net bemierkt, bis op dee Moment wou ech op engem Steen dee ganz rutschesch war weinst dem Waasser daat do rondremsprutzt wann een sou noo beim Waasserfall ass, ausgerutscht sin, an mer sou de Brëll vun der Nues gefall ass!


Uewen ukomm haat een eng genial Vue iwwert dee ganze Canyon, an natierlech vum Waasserfall bis eroof. Leider war et duerch d'Sëcherheetsoofspärungen zimmlech schwéier dovun eng anstänneg Foto hinzekréien; ech hu mäi Bescht gemaach!


Domat schléissen mer dann den Natur-Deel vun eiser Reess oof - et stellt sëch raus dass Amerika vill méi ass wéi nëmmen Groussstied an Fastfood (an diskutabel Waffengesetzer). Déi nächst Etape ass dann lo San Francisco, wou mer 3 Deeg werte verbréngen an (hoffentlech) suguer e Baseball-Match werte kucke gooen, ierjendwéi fënnt een emmer méi Gefaalen un deem Sport, waat een méi laang hei ass ;)

bis dohin,
stay tuned.



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen