Montag, 8. Juli 2013

Amerika Part 8 - Monument Valley

Fort vum Grand Canyon, an direkt bei den nächsten Naturphänomän, dem Monument Valley! Hei am Land vun den Indianer geet alles nach e Bëssen aanescht - relax, kee Stress an vill Sonn stinn hei um Programm. Knapps ukomm, si mer op "the View" gaangen, eng Plaatz déi dovier berühmt ass dass een eng genial Vue huet, wéi een op dësem Bild klooer erkennt:


Vu dass d'Wieder bei geilen 30°C gudd matgespillt huet, si mer nach séier an eis Hausung fier dës Nuecht kucke gaangen, an hun eis "Zelter" do opgeschlooen, waat an dësem Fall heescht dass ech meng Schloofsaachen op d'Bett getesselt hun ;). Dëst flott Heisschen, andeem mer um éischte Stack wunnen, läit matten tëscht e Puer vun deenen Felsformatiounen ganz getrei dem Motto "Mittendrin statt nur dabei"!


Ween sech lo denkt "jo gudd, da kuckt een dei Fielsen e Puer Minuten an dass ass d'Saach gedooen" dee leit zimmlech falsch; mer hun mat engem Einheimeschen eng 2-Stonneg Rundfahrt gemaach, an dobäi wahnsinneg vill Saachen zur Landschaft erzielt kritt, dozou gehéieren och d'Nimm déi d'Indianer de Fielsformatiounen gin hun. Nierft "The Elephant, The Three Sisters, The Thumb, Eagle's Eye, Big Hand, Giant Chair, an Big Chief" hu mer déi Folgend am beschten gefall. Domat haalen ech de Post fier haut dann op, an loossen d'Biller fier sëch schwetzen (mat Hëllef vum klengen Text drënner ;) )

The Camel
The Sleeping Dragon (mäi Favorit)
Sun's Eye
Ear of the Wind
bis dohin,
stay tuned.





Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen