Dienstag, 9. Juli 2013

Amerika Part 9 - Jet-Ski um Lake Powell

Waat ensteht wann een en nationalen Floss hëllt, décidéiert eng fett Mauer op eng Plaatz ze bauen, an e Puer Jooer woart? Genau, e Stauséi! A wann een net nëmmen e Lach domat fëllt mee e Canyon, dann entsteht sou eppes eepesches wei de Lake Powell bei deem mer eisen Daag verbruet hun.

   

Um Lake Powell kann all méijlech Waassersport-Aktivitéiten bedreiwen; vu ganz banale Schwammen bis hin zum sofistikéierten Waasserski! Mer hun eis awer fier daat grad sou coolt Jetski-Fueren décidéiert! Gudd 2 Stonnen si mer op deem net ophaalenden Séi rondremgefuer, an hun eis géijensäiteg kleng Drag-Races geleescht. Ech war nach nie Jetski gefuer, hu mech awer séier domat ugefrënnd an mech vun der Geschwindegkeet begeeschtere gelooss; bis op 104 km/h sin ech komm, an sin dobäi uerdentlech duerch d'Géijend geflunn wu ech op eng Well getraff sin ;D

Leider haat ech am Waasser keng Méijlechkeet eng Foto ze maachen, déi maachen awer nach nodréijlech wann mer op eis nächst Destinatioun fueren, an daat ass de Bryce Canyon!

bis dohin,
stay tuned.




Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen