Sonntag, 7. Juli 2013

Amerika Part 7 - En Daag am Canyon

Gëschter gouffe mer io freizäiteg vun der Mama Natur aus dem Park rausgeheit, an daat unhand vun Donner, Reen a Blëtzer; emsou besser wosste mer haut bescheed op weieng Plaatze mer solle gooen fier déi genialsten Vuen ze kréien, an déi flottsten Detailler ze entdecken! D'Wieder huet perfekt matgespillt an sou war et méijlech Dossen u gudde Fotoen am Canyon ze schéissen, sierf et vum Canyon selwer, oder vun klengen Déieren, Pflanzen an Beem.


Opgefall ass mer awer fierun allem dass, obwuel et io eigentlech di ganzen Zeiten just "e grousst Lach" ass, een aus verschiddenen Wénkelen an vun verschiddenen Viewpoints aus komplett aaner Biller kritt, ouni d'Motiv groussarteg ze änneren. Ech hun hei leider nëmmen begrenzten Internet a géiff gäeren 100 Fotoen mat äerch deelen, mee daat muss ech dann wuel noohuelen ;) Meng Auswahl vun haut huet sech op e Puer Canyonshots beschränkt, mee ech fannen dass se alleguerten besonneg sin, obwuel et ëmmer daat selwescht ass!


Als Nächst geet et lo Richtung Monument Valley, also rëm enger Naturgéijend. Op eis woarden eng ganz nei Landschaft, en speziellen Hotel, an rëm e gudden Hëtzeschock, ech si gespaant!


bis dohin,
stay tuned.



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen