Samstag, 20. Juli 2013

Amerika Part 20 - The San Francisco Giants

Um drëtten an leschten Daag zu San Francisco ass et Directioun China Town gaang! Dësen komplett vun Chinesen besiedelten Quartier ass net nëmmen extrem hektesch, mee e bidd och eng ganz "intressant" Gerochskuliss! An der Haaptstrooss sin neemlech eng Millioun oppe Stänn mat Fësch (lieweg an dout), Uebst a Gemeis an gebrooden Déieren (mat an ouni Kapp). Donierft hängt déi ganz Strooss voll mat Schëlder op deenen een sougudd wéi näicht versteet, ausser vläit eng Zuel... Duerno hu mer d'Chance genotzt dass déi berühmt Weenecher mol eng Kéier net sou dermoosse voll waren, an sin domat op de "Union Square", enger genialer Shopping-Géijend, gefuer!


No dësem luftegem Trip (ech stoung baussen :D ) si mer op kuerz op d'Hotelszëmmer gaang an da war och schon Zeit fier sëch op de laang ersehnten Baseballmatch vierzebereeden. Den "AT&T Park" war gudd gefëllt an sou e Baseballsmatch bréngt eng ganz intressant Ambiance mat sech. Waat ech allerdings net wosst ass dass zu 70% (wann net suguer méi) amfong näicht um Terrain geschitt, an d'Ecrans an verschidde "Games" den Zuschauer bei Laun haalen. Daat huet mer awer och gudd gefall, zumools well ech nierft mer een sëtzen haat dee mer d'Spillercher erkläert huet an dobäi méi wi ee Witz gerappt huet (vun deenen ech, wann et gudd geet, 2 Stéck verstaanen hun xD ). De Match ass iwwregens Zwee zu Null fier d'Giants ausgaang, "mer" hun also gewonnen ;)



Lo verloosse mer dës Staat, déi zwar e bësse mei hektesch a Chaotesch ass, an awer trotzdem net iwwerfuerdernd. Mer perséinlech huet San Francisco immens gudd gefall, ech géiff suguer behaapten dass ech mech wuel géiff fille wann ech hei wunne géiff! Eist nächst Ziel ass dann lo Pismo Beach, waat dei lescht Statioun ass ier mer rem op LA gin, wou alles ugefaang huet.

bis dohin,
stay tuned.



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen