Montag, 22. August 2011

Movies: Rise of the Planet of the Apes

Rise of the Planet of the Apes - by Rupert Wyatt

Infosite mat Traileren an Biller

Fierun enger Woch war ech mer dësen Film ukucken, an ech war besse faul dofier weess ech net mei genee alles waat ech sooe wollt, mee de Gros misst nach do sin :P

Aaaaalso, wei ee vleit um Titel mierkt, handelt dësen Deel nach VIERUN aal deenen Aaneren dei mer bis lo gesin hun. Dass amfong besse schued dass grad dësen Deel an der neier zeit gefilmt gouff, well dei aaner Deeler bestëmmt geiffen extrem beis ausgesin mat all deenen neien Effekter dei mer sou besetzen an der Tëschenzeit. An genee do leit och den eischten Punkt deen ee bemierkt wann een de Film kucken geet:

D'Effekter an d'3D Animeiert Charakteren sin einfach genial. D'Emotiounen an d'Bewegungen, genee sou wei d'Detailler vun den Aafen sin de Wahnsinn, et keint ee baal gleewen dass Aafen wierklech dozou fäheg sin daat ze maan waat se am Film maan. okay, dee Saatz klengt mega domm, mee daat ass fier net ze Spoileren, wubei ech denken dass ech daat dës Keier roueg maache kann, well jiddereen normalerweis weess em waat et bei "Planet der Affen" geht, an suguer wann net, kann een sech et um Titel denken.

Ech perseinlech geiff de Film an 2 ennerschiddlech Deeler andeelen:

Dei eischt 75% vum Film si wierklech mega gudd, an d'Geschicht gëtt flott gezielt. Et gëtt vun deem Wonnermedikament bericht, an et erliewt een wei den Aaf no an no emmer mei gescheit gëtt an logesch denke leiert. Gleichzeiteg kann een verfollëgen waat daat Medikament u Menschen ausleisst. Zimmlech seier leiert den Aaf awer och dei negativ Gefiller vum Mensch kennen, an hëllt se a sein Charakter op, wourop hin heen allen aaneren Aafen dei selwescht Intelligenz ermeijlecht.


Dei reschtlech 25% vum Film sin dann typesch Hollywood-Szenen. Eng gewalteg Schlacht mat tonnen Explosiounen an Geballers, wou herno wei emmer een Held iwwerliewt. mee bon, daat weeess een amfong schon wann een de Film kucken geet. Enplus muss ech sooen dass d'Waffen an d'Gefierter an alles rondrem mol eng Keier net iwwerdriwwen sin, mee einfach normal, wei se och vleit hei am Land präsent sin. Duerch d'Aafen gëtt daat ganzt awer nach mei fancy an et ass emmer nach e coolen Schluss vum Film.

Ech geiff dem Film op der berühmter  "Ulmerich-Skala" eng 7.2/10 gin, woumat ech wäit ennert den 8/10 vun der imdb leien, mee bon, SOU eenorm war de Film net, fier em 8 Punkten ze gin. Trotzdem ass de Film bedenkenlos empfehlenswert, fierun allem well een 0 Vierkenntnis brauch!



7 Kommentare:

  1. "Dass amfong besse schued dass grad dësen Deel an der neier zeit gefilmt gouff, well dei aaner Deeler bestëmmt geiffen extrem beis ausgesin mat all deenen neien Effekter dei mer sou besetzen an der Tëschenzeit. "

    Et gett dach een zimlech gudden Remake vum Tim Burton, deen 2001 eraus komm ass :O

    AntwortenLöschen
  2. dee Remakle ass zimmlech kacke, an 2001 waren d'Effekter bei wäitem net sou wi haut^^

    AntwortenLöschen
  3. Ech hunn den Remake zimlech gudd fonnt deemols, virun allem well den Burton d'Geschicht och bessen selwer interpreteier huet.
    An ech gesinn ganz eierlech keen allze groussen Ennerscheed teschent den Effekter 2011 an 2011. Een Herr der Ringe géif 2011 net besser ausgesinn wei 2001, et wieren just vlait en puer crappy 3D Effekter mei dran.

    AntwortenLöschen
  4. TL;DR
    Iwwerlies dain text

    AntwortenLöschen
  5. affaire de Gout, ech perseinlech stemmen der imdb zou, si hun de Film och relativ niddreg bewert, (dem Burton sein).
    @ deen eenormen kommentar iwwert mer:
    wannste schon keng Eer hues dein Numm ze schreiwen, da huel gefällegst Anonym, an wann et der zevill ze liesen ass da kuck kee Blog oO an waat heescht hei iwwerliesen? et waren 2 mickreg feeler dran... scumbag

    AntwortenLöschen
  6. ech fannen och dass net souvill enerscheed zwechend den effekter 2011 an 2011 as eierlech gesoot...

    mehe faulen sven schreif mol mei an dein blog!

    AntwortenLöschen
  7. hey, ech wollt editeieren, mee daat ass net gaangen! x)

    AntwortenLöschen