Dienstag, 16. Juli 2013

Amerika Part 16 - Eischt Schrëtt am Yosemite

Sou, hei si mer, am leschten Nationalpark vun der Reess. Noom Grand Canyon, dem Monument Valley, dem Bryce Canyon, dem Lake Powell an dem Death Valley si mer lo schlussendlech am "Yosemite National Park" ukomm! Daat schwetzt een iwwregens sou aus wei een et liest, ouni een Vokal ierjendwei Amerikanesch ze betounen ;). Wéi ech scho gëschter soot ass de Yosemite dofier bekannt dass et hei vill aktiv Bieren gin, mal sehn ob mer een ze gesi kréien!
Op eisem éischten Daag hei hu mer eis mol e bësse rugetaascht an eis d'Saach vun Uewen ugekuckt; mam Handy hun ech dann och dës Panorama-Foto gemaach:


Dee Bierg deen der an der Mëtt vum Panorama gesidd dréit de Numm "The Half Dome" an et war guernet sou einfach eng Foto ouni Mënschen dovun ze maachen, well ierjendwei well wierklech all Mensch eng Foto vun sech mam Bierg maachen. Wéi sech awer rausstellt hun ech et trotzdem net fäerdeg bruet de Bierg eleng ze fotograféieren! Hei drënner fannt der eng Noo-Opnahm vum Bierg, an e Zoom... um Zoom, ja daat gesidd der richteg, erkennt een dass 3 Leit umgaangen sin do lässeg oofzehänken, god damnit!


Mer werten awer lo nach ee ganzen Daag hei am Yosemite National Park verbréngen, well hei huet een d'Méijlechkeet daat ganzt Naturspektakel och mol eng Kéier vun ënnen ze gesin, daat gëtt bestemmt och impressionnant!

bis dohin,
stay tuned.



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen