Donnerstag, 4. Juli 2013

Amerika Part 4 - Welcome to the desert

Den éischten "gréisseren" Roadtrip hu mer hannert eis; no enger Streck vun 132 Meilen si mer hei an Palm Springs ukomm. Nierft deenen deelweis 7-spueregen Highways huet natierlech och de Wandel vun der Landschaft faszinéiert; vun gring mat Blummen huet se sech lues awer secher zu Bierger mat Sand an Steng verwandelt. Ganz nierwebei huet sech den Thermometer geduet dass et nach flott wer vun angenehmen 95°F op 120°F (=49°C) ze klammen!


Daat huet eis awer "recht" weineg ausgemaach an sou si mer direkt noom Check-In op de Mt. San Jacinto gaangen, bzw hun eis féieren gelooss. Dëst ass e Bierg deen 2500 Meter héisch ass, an vun deem een eng fantastesch Vue iwwer ganz Palm Springs, a méi, kritt! (Als klengen coolen Detail: uewen um Bierg, wou mer mat enger rieseger Gondel hibruet gouffen, waren et rem angenehm 95°F)


Do Uewen ukomm, kann een nierft der typescher Panorama-Foto och nach déi aaner Säit roof gooen fier an de Naturpark ze gooen, deen zimmlech Natur-Pur ass, bis op de Ween deen vu Mënschenhand gebaut gouff fier roof ze kommen. Doduerch dass hei nach souvill am "original"-Zoustand ass, konnt ech e Puer richteg gäil Fotoen maachen! Vu dass d'Loft sou wäit Uewen awer zimmlech dënn par rapport zum Buedem war, si mer recht séier an d'Schweessen komm, an sin dunn rem roof gaangen.


D'Temperatur huet, ob der gleewt oder net, sech geduet se kéint nach e bësse méi klammen, an sou ass et quasi onméijlech gin séch länger Zeit dobaussen opzehaalen; trotzdem si mer nach e bëssen rondrem getrëppelt, mat Betounung op e Bëssen ;) Haut geet et dann och schon rem weider, no dësen 2 Tëschenétappen geet et endlech op Phoenix, wou mer hoffentlech eng cool "Fourth of July" Parad oder Feier werten gesin!


bis dohin,
stay tuned.



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen