Freitag, 12. Juli 2013

Amerika Part 12 - Blue Man Group, M&M's a Casino

Um zweeten Daag zu Vegas hu mer dann och mol Owes eppes ënnerholl! Wéi ugekënnegt haate mer eis eng Show rausgesicht, an daat war keng gerénger wéi d'Blue Man Group. Sie trieden all Owend am Nooperhotel op, dem Monte Carlo, an hun do suguer en Theater deen no hinne benannt ass... Ech wollt sie schon emmer eng Kéier gesin, a wou kéint een daat besser maachen, wéi zu Vegas? D'Show ass absolut genial; vun banalen Witzer fierun der Show bis hin zu iwwerdriwwen komplexen Illusiounen an Trommelaktiounen bidd dës Show vun der éischter bis di lescht Minutt puren Entertainment! Waat als bloo Bühn ufänkt, hällt herno mat enger komplett verréckter "Party" op, wéi et dozou kënnt musst der awer selwer erliewen ;)


Duerno war nach genuch Zeit fier an dei Shoppingmall vis-à-vis ze gooen, déi, wann ech schätze misst, net vill méi kleng wei d'Belle Etoile, mee mat 3 Stäck. Och do ass et rem verréckt wéivill Leit Owes um 10 Auer nach Kleeder, Schung oder suguer Handyverträg shoppe gin... Als Oofschloss vun dësem Auswertstrip si mer nach bei e Classiker laanscht gaang: den M&M's Store, wou een wierklech ALL Faarw eenzel ze kaafe kritt, an domat mengen ech net déi 7-8 Faarwen déi mer aus dem Kino kennen, mee éischter em déi 30 :D


Fier den Daag oofzschléissen, an domat och eisen Vegas-Openthalt, hu mer nach eist Gléck am Casino ënnen bei eis am Hotel probéiert. Mer hun mat $1 ugefaang an si domat op $3,4 komm, an vun do aus rem op 0. 2 Weider Dollars sin och zimmlech séier zu Null gin. Doropshin hu mer mol en 20er Schäin ageheit fier bësse méi kënnen ze spillen; an daat huet sech och gelount! Mer sin zwar op 17 Dollar roofgefall, hun awer dunn, wéi een op deem Bild hei gesäit, 14,9 Dollar gewonnen an hun soumat aus $20, der 30,4 gemaach. Dësen Trend ass nach bis op 34 rop gaangen, mee dann sin aus deenen 34 rëm ganz séier Null gin, keng Chance fier eis ;)


Lo fueren mer dann Richtung Death Valley, wou amfong wäit a breet näicht ass, mee daat ass just eng Tëschestatioun fier den nächsten National-Naturpark!

bis dohin,
stay tuned.



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen