Samstag, 6. Juli 2013

Amerika Part 6 - Donner am Canyon

No enger fantastescher 3,5 Stonnen Reess am Auto déi vun genialen Landschaften an Landschafts-wiesselen bestëmmt war, si mer endlech bei eiser éischter gréisserer Etape ukomm: beim Grand Canyon! Um Wee fier heihin huet sech de Bléck zur Fenster raus all 20 Minuten verännert; mol war et Wüst mat weit a breed neicht, kuerz drop huet een dann 1'000'000 Kakteen gesin, dann sin dës rëm verschwonnen an Amplaaz sin gring Hecken opgetaucht, duerno ass et rem komplett Gring gin mat Dausenden vu Beem an klengen banalen Dierfer mattendran.


Gëschter si mer dann an de Grand Canyon National Parc gaangen, fier deen et nëmmen 1 Wuert geet fier en ze beschreiwen: wow! D'Reaktioun déi een sech vun der genialer Kuliss erwaard kënnen op kee Fall ze héisch sin. Leider war et zimmlech niwweleg, sou dass mer keng klooer Vue op de Grand Canyon haaten, wéi een op der Foto gesäit... MEE mer sin nach e ganzen Daag hei, an d'Wierder versprëcht vill besser ze sin, sou dass ech moa vläit eng awesome Foto präsentéieren kann. Enplus gouffe mer gëschter am Grand Canyon quasi "rausgeheit" well en extrem noot Donnerwierder gewütet huet, och dovun hun ech Fotoen, dei posten ech awer moa réicht :)


bis dohin,
stay tuned.



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen