Freitag, 19. Juli 2013

Amerika Part 19 - The Streets of San Francisco

Gëschter soot ech ganz flüchteg dass hei e bësse méi Loft ass wéi mer es bis lo gewinnt waren; haut kann ech sooen: hei ass VILL méi Loft! Haut war d'Wieder net sou immens, mee mer hun daat bescht draus gemaach! Fier den Daag ze starten si mer nach eng Kéier op de Pier gaangen op deem mer gëschter waren, fier eng Foto vun Alcatraz ze maachen, dem berühmten Ex-Prison. Bis dohin gefuer si mer awer net, daat hätt zevill Zeit geholl!


Als Nächst huet eis eisen Trip bei de "Coit Tower" bruet, en aalen ronnen Tuerm, deen engem eng genial Vue op d'Skyline vun San Francisco erméijlecht! En plus war d'Wieder do grad e bësse besser, grad wéi wann et gewosst hätt dass ech eng Foto maache well ;)


Wéi der wësst, ass dëst schon den 19ten Daag vun der Reess, an domat och den 19ten Daag op deem mer alles ze fouss bzw mam Bus gemaach hun - haut ass eis daat duergaangen an mer hun eis e bëssen un d'Zivilisatioun ugepasst andeems mer eis e Velo geléint hun an domat d'Golden Gate Bridge besicht hun! No ufänglechen Orientéirungs-Schwieregkeeten si mer der Bréck dann endlech zimmlech noo komm, mee d'Wieder haat décidéiert eng Wollek op d'Bréck ze setzen, sou dass quasi e Stéck "fehlt"...


No baal 2 Stonnen Bierg rop fueren si mer dann endlech op dësem Stohlries ukomm a konnten eng zimmlech niwweleg Vue genéissen, an net ze vergiessen: wierklech vill Loft! Fier zréck hu mer iwwregens wesentlech manner laang gebraucht, schliesslech ass et baal nëmmen Bierg oof gaangen! Eppes steht awer fest: mäin Hënner wert mer nach soubaal net verzeien dass ech no 6 Jooer ouni Velo direkt 3 Stonnen op engem net-gefierdeten Suedel gefuer sin ;)


Op eisem drëtten Daag hei a San Francisco werte mer daat Ganzt e Bësse méi roueg ugooen, an keng rieseg grouss Trip méi maachen; mee mer hun eis viergeholl Owes en Baseball-Match kucken ze gooen, daat eleng soll io schon en Erliewnis fier sëch sin!

bis dohin,
stay tuned.



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen