Mittwoch, 20. November 2013

Existenzkrise?

Hëllef, ech weess net ween ech sin! Ok, grad sou schlëmm ass et net, mee ech frooe mëch a leschter Zeit heiansdo ob ech de Blog sou weiderféiere soll wéi ech daat bis lo gemaach hun: vun allem Bëssen, vill Movie Reviews awer och mol ganz aaner Themen an sou weider. Déi aaner Alternativ wier dass ech mech méi op de Kino/Video-Beräich konzentréieren an souzesooen d'Neihegkeeten aus deenen Domainer ze berichten. Mer selwer gefaalen béid Ideen, mee ech weess net ganz genee ob ech mëch vun den net-Kino Saachen trennen kann, schliesslech sin dei Posts (haaptsächlech d'Diskussiounen) ënner aanerem déi wou am meeschte Klicks kréien!

D'Froo beänfert sëch also ganz einfach: ech frooen Ierch waat ech maache soll, an dann gëtt entscheed: soll ech beim aktuelle Format bleiwen, also regelméisseg Movie-Reviews schreiwen, ab und zu en intressante Video posten, dotëscht Guest-Posts wéi déi vum Luca bréngen, 1-2 mol am Mount en gréisseren Artikel iwwert en Thema schreiwen, an net ze vergiessen "d'Top 10" déi sëch als ganz beléift rausgestallt hun, ODER soll ech mech méi op de Kino konzentréieren, an souzesooen méi oft "Kino-News" bréngen? Schreiwt mer e Kommentar hei oder op Facebook, oder e private Message; all Vierschlaag ass wëllkomm :)

bis dohin,
stay tuned.



2 Kommentare:

  1. ech fannen et cool dass vun allem e bessen eppes do ass. Wanns du et zevill op een Thema bezitts geif ech wahrscheinlech net emmer erem eppes liesen mee einfach d'Loscht dorun verleieren. Ech fannen hei onregelmeisseg emmer erem engkeier en Artikel deen mech intresseiert an dofir kommen ech och emmer mol erem engkeier kucken.. Fir mech soll et sou bleiwen wei et ass. Mir wellen jo bleiwen wat ma sinn ;)

    AntwortenLöschen
  2. Ech sinn och der Meenung, dass de Site esou bleiwe soll, wéi en ass, Et ass ee vun de beschte lëtzebuerger Blogs iwwerhaapt.

    AntwortenLöschen