Samstag, 13. Juli 2013

Amerika Part 13 - Matten am Näicht

Wann een hei säin eenejermoossen temperéiert Zëmmer verléisst a fierun d'Dier geht, an no 30 Sekonnen schon ufänkt ze schweessen wéi wann een e Marathon gelaaf wier, da kommen engem spontan nëmmen zwou Frooen an de Kapp: "Wou ass Schied?" an "Fierwaat steht hei net alles a Flaamen?". 50°C sin et hei, oder fier et mat méi enger spektakulärer Zuel auszedrecken, 122°F!! Wou ech sin? Am Death Valley, deen sengem Numm all Eier mëcht.



Obwuel een hei matten am Näicht ass, muss een et awer och eng Kéier erliewt hun; nee wierklech, 1 mol geet duer... Hausen mecht een hei op der Furnace Creek Ranch, sou zimmlech der eenzejer Schloofplaatz wäit a breed. Ironescherweis fillt sëch d'Loft déi een hei spiert effektiv wéi déi aus engem Uewen, also engem Furnace, un :/ Soit, well dëst fier eis éischter eng Tëschestatioun war, hu mer décidéiert net immens vill ze maachen (waat ee bei deenen Temperaturen och léiwer soll si loossen).

Beim nooen "Zabriskie Point" konnt ech awer e puer fantastesch Fotoen maachen wärend dem Sonnen-Ënnergang, enplus hun ech en mat menger Kamera komplett gefilmt; endlech konnt ech daat mol maachen, an dann och nach am Death Valley: awesome!



Lo geet et 350 Meilen mam Auto weider an den Sequoia National Park, wou et net nëmmen wesentlech méi angenehm ass, mee och e bësse méi beliewt an ze kucke gëtt.

bis dohin,
stay tuned.




Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen