Montag, 15. Juli 2013

Amerika Part 15 - E fette Baam

Sou, wéi sech rausstellt hun sech déi 8 Stonnen Auto fueren richteg gelount! Wéi schon erwähnt ware mer am Sequoia National Park, d'Heemescht vun den gréissten Beem vun der Welt; an dovunner gin et der net nëmmen e Puer! Waat een hei gesäit ass e Bësch voller Beem déi alleguer tëscht 80 an 100 Meter héisch sin - et kënnt een sech also sou richteg kleng vier. Op der Foto hei ënnendrënner gesidd der den "General Sherman Tree", deen den Titel "World's biggest tree" dréit. Dobäi ass ze bemierken dass biggest net daat selwescht wéi gréissten ass! Säi Stamm huet en Emkreess vun 33 Meter, an vu dass seng Spëtzt dout ass, wiisst en net méi an d'Luut, mee gett all Jooer nëmmen nach méi déck, sou dass en all Jooer souvill Holz dobäi gewënnt wéi en normalem Baam aus dem Park huet!


Nodeems mer eis dann awer e bësse winzeg vierkomm sin, hu mer eis geduet dass et un der Zeit ass dass mer op d'Beem eroofkucke kënnen, an sou hu mer en Hiking-Tour gemaach, bei deem mer op eng vun den héchsten Plaatzen vum Park komm sin an dës genial Aussiicht geneisse konnten!


Um Wee fier rëm roof vun dësem Tour, deen dofier bekannt ass dass een op Bieren, Réiher an soss welch Bësch-Déieren treffe kann, hu mer dann tatsächlech e Réih begéint! Sensationellerweis ass d'Réih net fortgelaaf waat ech méi noo komm sin fier eng cool Foto wëllen ze maachen, sou dass ech lo voller stolz dësen Snapshot présentéieren kann :D


Lo geet et wéider an den Yosemite National Park, engem Park mat, sou gëtt gesoot, ganz villen aktiven Bieren, an Waasserfäll, souwéi natierlech immens schéinen Panoramas (Panoramen? Panoramata? waat ass d'Mehrzahl??!).

bis dohin,
stay tuned.



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen