Mittwoch, 3. Juli 2013

Amerika Part 3 - Eng Guitar gëtt gebuer

Op eisem drëtten Daag vun der Reess verloosse mer Los Angeles an fueren weider Richtung San Diego; ier mer awer de Wee fier dohin aschlooen konnten mäi Papp an ech als Musiker et eis net entgooe loossen an den Fender Musical Store zu Corona laanscht ze fueren. Net nëmmen ass daat en zimmlech gäilt Geschäft mat Tonnen T-Shirts, Guitaren, Bäss an Jamm-Säll mee et kann een och eng guidéiert "Factory-Tour" maachen, wou een vu vier bis hannen gewissen kritt wéi eng Guitar entsteht, also vum einfachen Holzbried bis hin zum leschten Poléieren!




An der Regel dauert et 4 Wochen bis 1 Guitar färdeg ass, mee dovun verbréngt eleng d'Hold 2 an eng hallew Woch mat drëschnen. Erstaunlech ass och dass hei sou gudd wéi iwwerhaapt näicht vun enger grousser Maschinn gemaach gëtt; bis op e puer Micometer-Aarbeschten gëtt hei, obwuel et een vun de gréissten Guitar-Hiersteller vun der Welt ass, alles op der Hand gemaach.


No dësem faszinanten an fuerchtbar fiichtem Tour (dobannen muss et fiicht sin fier dass mam Holz alles an der Rei bleiwt) ass et dann knapp 100 Meilen duerch den typeschen amerikaneschen Landscape weider gaangen op San Diego!


Hei gëtt et amfong näicht weltbewegendes ze kucken, mee totzdem huet dës Staat eppes; waat am Daag wéi eng zimmlech roueg Stiedchen riwwerkënnt, verwandelt sech Owes zu enger lieweger "Party"-Zone, mat engem richtegen Groussstaat-Flair! Ajo, eisen Hotel huet 22 Stäck, an bidd domat eng fantastesch Vue iwwert déi ganz Staat, inklusive engem "VIP"-Bléck an de Baseball-Stadium!


Haut geet et weider op Palm Springs, eng weider relax Etapp déi mer hileen fier duerno schlussendlech op Phoenix ze fueren! Hoffentlech hun se den dramateschen Brand bis dohin ënner Kontroll (hei sin d'Noochrichten voll domat, 19 Popjeen sin schon dobäi em d'Liewen komm!), schliesslech ass moa Nationalfeierdaag :D

bis dohin,
stay tuned.




Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen