Sonntag, 26. Januar 2014

Movies: Out of the Furnace

Out of the Furnace - by Scott Cooper

Infosite mat Traileren a Biller

Mat "Out of the Furance" leeft säit Neistem en interessant Drama am Kino, daat a méi wéi engem Aspekt iwwerzeege kann. Et geet ëm d'Gebridder Baze, gespillt vum Christian Bale a Casey Affleck, déi un sëch grondverschidde sin. De Russell (Bale) probéiert souwäit et geet en anstännege Mann ze sin a säi Liewen an der Reih ze haalen, wärend säi Brudder de Rodney ëmmer méi déiff a Scholde geréit an domat och ëmmer méi verzweifelt Moossnahmen op sëch hëllt fier do raus ze kommen. Daat hëllt en dramateschen Twist wou beemol eppes mam Rodney geschitt, an de Russell all Spuer vun him verléiert.


Un dësem Film gin et, graff gesin, 3 grouss Elementer déi e gudd maachen, ech wert an den nächsten 3 Abschnitter jeweils iwwert eent vun deenen Elementer schwetzen. Fierdrun sierf awer nach gesoot dass de Film eng iwwerzeegend Geschicht riwwerbréngt déi net vun den typeschen Hollywood-Wonneren verschass gëtt, wéi zum Beispill enger iwwerflësseger Liebesgeschicht, oder enger Masse-Ballerei wou keen ierjendeppes trëfft. Allgemeng spillt de Film an enger éischter novollzéibarer a rauer Welt, déi der (leider vill ze heefeger) typescher amerikanescher Situatioun ganz no kënnt.
Fier unzefänken kënnt een net dolaanscht vun de Schauspiller ze schwetzen. Mat sou engem Star-Cast ka scho mol vu vier eran net méi alles schiefgooen. Christian Bale, Casey Affleck, Forrest Whitaker, Willem Dafoe a Woody Harrelson bréngen dëse Film zum glänzen. Zumools dem Christian Bale seng Leeschtung ass wierklech iwwerzeegend, dëse Genre vu Filmer geet him menger Meenung no e gudd Stéck besser wéi déi recht simpel Batman-Filmer, haaptsächlech well en hei säi richtegt Talent beweise kann! Mee och déi aaner Oscarpräisträger an dësem Film verkierperen hiere Personnage richteg gudd, waat natierlech immens zu der rauer an haarder Atmosphere beidréit.

Als zweete Punkt hu mer d'Geschicht an d'Ambiance. Iwwert d'Story kann een diskutéieren: engersäits ass se relativ "banal", ouni vill Nierwegeschichten an Hannergrondwëssen, aanerersäits ass et eng Geschicht déi tel quel aus dësem klengen verkommenen Duerf staame kéint. An do si mer och schon bei der Ambiance: de Film huet einfach den typeschen "klengt amerikanescht Duerf daat net méi sou ganz an Hochglanz ass"-Feeling, deen duerch divers Faktoren verstärkt gëtt (Propperheet, Slang, Stroossenzoustand, Gangs, d'Behuele vun der Police, et). En plus schafft de Russell an enger Schmelz, also engem haarden a schlechtbezuelten Job,sou dass daat Ganzt och nach un de Minette aus eisem Land erënnert, an un déi aal Zäiten.
de Casey Affleck gëtt méi wi eng Kéier schlëmm hiergeriicht
Dësen Minette-Effekt (wéi ech deen lo mol nennen) gëtt och nach doduerch verstärkt dass de Film op Band gefilmt gouff, an net digital, wou wéi mer daat haut des Daags io scho baal gewinnt sin. Vill Freihand-Kamera an eng gewëssen "onschärft" (am Verglach zum Ultra-Super-Mega-HD vun enger digitaler Kino-Kamera) drooen och zu dësem Effekt bäi. Mer ass fierun allem opgefall dass vill "Grain" am Bild war, also sou kleng Partikelen dei ee gesäit wann ee wierklech gudd kuckt - daat stéiert awer net a fällt engem normalerweis och guernet op! Allgemeng wëll dësen Abschnitt sooen dass wierklech gudd Aarbescht bei der Ambiance verbruet gouff!

Fier oozeschléissen géiff ech sooen dass "Out of the Furnace" e Film ass deen warscheinlech net all Mënsch gefaale wert, dofier ass en ze éierlech a réalistesch! Bei mer konnt en awer domat punkten; daat kann allgemeng all Film deen et fäerdeg bréngt dass ech net einfach nëmmen do sëtzen a kucken mee mer Suerge maachen an/oder ugespaant sin. Dofier gin ech dem Film 7.2/10 op der berühmter Ulmerich-Skala. Obwuel ech soot dass d'Story amfong genee sou geschitt kéint sin, fannen ech dass e ganz bëssen Hollywood-Magie net geschued hätt, a wier et nëmmen fier e ganz bësse méi Pepp ran ze bréngen!

bis dohin,
stay tuned.




Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen