Dienstag, 15. Oktober 2013

Guest-Post: Laurent: Studium am Ausland

De Laurent Heyder huet mer en Artikel iwwert d'Studéieren am Ausland geschéckt - ech freen mech iwwer all Artikel deen ech geschéckt kreien an hun deen dunn och prompt akzeptéiert; vill Spass!

Fierwaat et dach wichteg ass am Ausland ze studéieren

No engem Joer zu Zürich hunn ech mech gefrot, firwat dass e Studium am Ausland eigentlech wichteg ass. An mengen Fall war de Choix zimlech einfach, en Studium an Politikwëssenschaft gëtt zu Lëtzebuerg net ugebueden, domat war d'uni.lu vun vireran keng Méiglechkeet fir mech. Ech haat och ni wëlles nom Bac nach Doheem ze bleiwen, et war einfach eng Verännerung néideg. De Choix vun der Staat huet sech dunn duerch Eliminatioun erginn, ech wollt an den däitschsproochege Raum an eng Kombinatioun aus Politikwëssenschaft an Economie, dunn sinn nach Münster an Zürich fir mech iwwreg bliwwen. An bis haut sinn ech mat menger Entscheed vun Studium an Staat glécklech.

Mä firwat ech zu der Iwwerleeung komm sinn, dass et wichteg ass am Ausland gewiescht ze sinn, ass ma lo no 3 Wochen am am 2. Joer richteg bewosst ginn. Nom Stress dee sou een éischt Joer mat sech bréngt ofgesinn vun deem Stress vun der Uni, well do versicht gëtt souvill Leit wei méiglech oder néideg net duerchkommen ze loossen, war och dat alles ronderëm och mol ze verdauen. Vun enger eegener Wunneng wou ee Loyer, Chargen an soss Rechnung muss am Aen behale iwwer Kache, Wäsch maachen an Botzen, eben alles wat sou dozou gehéiert, wann een praktesch alleng ass an muss eenz ginn an net méi d'Eltere sech ëm alles këmmeren. Ouni lo weider dorop anzegoen ass déi Erfahrung schonn extrem vill wäert wann een mol gesäit wei et sou ass, selwer Responsabilitéit ze iwwerhuelen.

Duerch e Gespréich wat ech awer lo mat menge Matstudente haat ass ma opgefall wei wichteg e Studium an engem anere Land ass, ofgesinn vum selbstänneg ginn. Fir meng Schwäizer Matstudenten ass e Studium am Ausland eigentlech näischt normales si kréien dofir och oft gesot si sollen onbedéngt vun de Méiglechkeete profitéiere fir eng Kéier am Ausland op enger anerer Uni 1 oder 2 Semester ze maachen. Doduerch dass ech dunn erzielt hunn, dass an mengem Kollegekrees awer e groussen Deel am Ausland studéiert sief et zu München, Oochen, Bréissel, Montpellier, London, Berlin, Wien,... ware si dach extrem iwwerrascht.

Nodeems ech lo och nach eng Etude gelies hunn, wou op déi Studente agaangen ass déi am Ausland studéiere, ass ma nach vill mei bewosst ginn wat een no sou enger Zäit an engem anere Land alles mathellt, an der Etude ass erauskomm dass duerch déi Zäit am Ausland Frëndschaften an Kontakter opgebaut ginn dei och nom Studium nach bestoe bleiwen an am spéidere Beruffsliewen duerchaus vun Virdeel sinn wann déi eege Firma eemol eppes an deem Land well opbauen.

Eigentlech kann een soen, dass e Studium am Ausland méi wei nëmmen eng aner Uni an eng aner Approche vun Etude ass. Mä dass et eng Beräicherung fir Liewen ass, et leiert een aner Leit kennen, en anert Land, an et kritt een e Bléck dee méi weit wei nëmmen iwwert dat dach zimlech klengt Lëtzebuerg geet. Mir däerfen als Lëtzebuerg net vergiesse wei kleng ma dach am Vergläich zu eise Nopesch Länner sinn, an dass an enger Welt déi haut sou zesumme gewuess an globaliséiert ass, dee gréisste Fehler wär, d'Aen net fir méi grouss Saachen opzemaachen. Sou lang ma Méiglechkeet hunn, finanziell dach gutt ënnerstëtzt ze ginn sollt een déi Méiglechkeet wierklech ergräife an eppes neies ze gesinn an ze erliewen.

An net ze vergiessen all déi Erfahrungen déi een all Kéiers, wann een seng Kollege zu Lëtzebuerg rëm gesäit kann erzielen.

Ech giff mech iwwer Kommentare, Reaktiounen an soss aner Iwwerleeung freeën. 





1 Kommentar:

  1. Dat war ganz léif, mee iwwerliesen huet nach kengem geschuet. Ech hoffen du fënns nach vill Kollegen am Ausland.

    AntwortenLöschen