Donnerstag, 3. Juni 2010

Movies: Brooklyn's Finest

No laanger Paus dann och mol rem eng Episod vun "Movies", an wei gewinnt:

Hei den Trailer

Fier eweg: Brooklyn's Finest ass mengen ech dee Film, deen ech a leschter Zeit gesin hun, an deem am öftsen "fuck" gesoot, zumindest suweit ech mech zereckerenneren kann.

Fir unzefänken gin ech mol, genee wei mer daat emmer sou professionnel bei Movies 'n More maan, direkt op d'Story an. Et gëtt d'Geschicht vun 3 Cops parallel gezielt, wubei am Ufank nach alles een gudden Eenheetsbräi ass; well heeschen dass dei 3 awer na vill mat en een ze din hun. Am Verlaaf vum Film deelen sech dei 3 Protagonisten awer dann op, an sou spréngt d'Geschicht emmer rem tëschent den eenzelnen Storys hin an hier, mee awer an engem agreablen Ausmooss. Et kënnt een also zu all Zäitpunkt gutt no, an et bleiwt su gudd wei keng Froo op.
Dei 3 eenzel Storys sin sou verschidden wei et nemmen geet, deen een, en Cop deen an enger Woch an d'Pensioun geet, leist sech gemiddlech wärend senger rechtlecher Amtszeit gooen, an këmmert sech an sech net mei wierklech em säin Job.
Deen zweeten Cop, huet vill privat Problemer, an vue dass heen vill mat Suuen an wertvolle Saachen ze din huet, verfällt heen emmer rem der Verführung sech net einfach bei de wertvolle Saachen ze bedingen, waat no an no zu enger Sucht an zu engem Verhängsnis gëtt.
An den drëtten am Bond, ass en undercover Cop, deen sehc a Kreeser vun Dealer bewegt, ouni dass seng Deal-Kollegen natierlech eppes dovun wëssen. Heen steet tëscht der Entscheedung op en weiderhin an deenen 2 Domainen soll schaffen, oder op en sech eng sëcher Plaatz beim NYPD huele soll, waat awer zur Follëg hägtt dass seng Deal-Homies net grad frou wärte sin.

Sou, an wann ech ab hei nach 1 Wuert sooen ass et krasse Spiler, dofier haalen ech mol de Mond zur Story an maachen mat der Technik-Analys weider.
Vum reng filmeschen hier, war de Film net sou top Klaas; vill standart Cadragen, keng besonneg Effekter wei zB genial Schärftewiessel oder laang SteadyCam Szenen, an och vum Editing hier war en eischter bescheiden gehaalen. An den Action Szenen ass zwar hektesch geschnidde gin, mee och do hun ech perseinlech fonnt dass daat gewëssen "eppes" gefeelt huet, fier der Szene den Kick ze gin.
Trotzdem ass et 1 Element gin, daat daat komplett ausgeglach huet, neemlech d'Spill mat der Musik. Wei gesoot war de Schnatt eischter Standart, genee wei d'Biller, mee ech hu selten e Film gesin, an deem d'Musik bei villen Szenen sou excellent gepasst huet, an genee dei richteg Emotioun oder Stëmmung riwwerbruet huet!

Zum Schluss nach seier zu de Schauspiller: Menger Meenung no passen se all relativ gudd an hier Roll, bis op dei "oh ech sin sou Rau"-Fraa, dei awer gott sei Dank am ganze Film vleit 10 Sätz seet. Vleit bëssen schlecht gewielt dass deen wou mat Drogen ze din hun, e Schwaarz, eeehm, en maximalpigmenteierten Matbierger ass, mee et ass nun mol sou dass daat einfach deck gudd bei dei passt x)

Als Fazit kann ech sooen dass de Film wierklech eng cool Story bidd, an eng kontinueierlech Spannung, dei fierun allem doduerch erhaalen gëtt dass eben 3 Geschichten gleichzeiteg gezielt gin. De Film geing ech awer wierklech kengem op Däitsch empfehlen, d'Stëmmen sn sou eepesch op Englesh, fierun allem well se all en bëssen aaneren Accent hun . Faszineirend ass et och, wann een de Film an den Ariston, owes, kucke geet, an dann um 11 duerch de Ghetto vun Esch muss gooen fier bei den Auto... "Esch's Finest" muahaha

PS:
Fier mech war den Highlight souwisou d'Geräisch daat den Porjektor gemaach huet <3



2 Kommentare:

  1. Ech fannen dass den Film mol engkeier eng Gangsterfilm ass, wou et net nemen op Gewalt an Specialeffects geht, me wou en mol mei iwwert d'Protagonisten gewuer get,wou en mol mei deif eran an hiert d'Liewen an Denken erangeseit. Dovir ass den Film mol eng gelongen Ofwiesselung zu denen üblechen Mainstream Hollywodfilmer.
    Ech gin der awer Recht mat der Musik, dei wierklech genial ass, an och dass den Film net sou genial geschnidden ass. An den Fil ass zimlech laang, wat en awer ab engem gewessenen Punkt, oder soen mer mol esou bei e puer Szenen mierkt.
    Me ech wuar awer zefridden an hun meng 8 gudd investeiert fonnt.
    Fazit: 2.3 vun 4 Punkten

    AntwortenLöschen
  2. ech gi mol dovun aus dass du "Anonym" de gilles bass?^

    AntwortenLöschen