Donnerstag, 6. Juni 2013

Luca's Corner: Wëssenschaft zu Lëtzebuerg

Schon zënter Urzäiten besëtzen d’Menschen den Drang d’Ursaachen vun bestemmten Prozesser oder Zoustänn an eiser Natur wessen respektiv verstoen ze wellen.  Dat as genau deen Grondgedanken, deen mer haut Wëssenschaft nennen! 
Ouni dës wertvoll Wëssenschaft an sengen Virgänger, déi fréier meeschtens am Clinch mat den Herrscher oder mam Klerus stungen, wär d’Menschheet haut bei wäitem nach net sou wäit entwéckelt. Mir verdanken der Wëssenschaft déi wonnerbar Erfindungen wéi d’Elektrizitéit, d’Liicht an den Internet. All dës Erfindungen sin aus eiser heuteger Gesellschaft nemei eweg ze denken, vu dass grad dës Entwëcklungen eist d’Liewen enorm erliichteren an verschidden Prozesser an der Industrie wéi och am Privatliewen ökonomiséiren.
Ugefaangen bei den medizineschen Entdeckungen , déi wierksam Medikamenter fir Krankheeten geliwert hun, déi fréier iwerhaapt net heelbar waren an esou haudesdags Dausenden vun Menschenliewen konnten gerett gin. Eis Weltbevölkerung gett emmer méi al, mä theoretesch gesin, och emmer méi gesond, well einfach kontinuierlech an intensiv an der Medizin weider gefuerscht gett. Eng vun den innovativsten Entdeckungen zur Zäit leit wahrscheinlech am Domän  vun der Gentechnik, déi awer wéinst der méiglecher Verletzung géint d’Menschenrechter emstridden as, anererseits awer schon Ierwkrankheeten am Mutterleib heelen kéinnt. Dozou gehéiren natierlech och d’genetesch manipuléiert Liewensmëttel, mat denen et engerseits méiglech wier d’Hongersnout an der dretter Welt immens ze verrengeren, mä leider kennt bis elo keen d’Konsequenzen beim Konsum  vun dësen Liewensmëttel iwert eng laang Period.
Trotz allem gett d’Wëssenschaft net nëmmen fir dat Positivt genotzt. Zumols an der Waffenindsutrie gett den techneschen an wëssenschaftleschen Fortschrëtt ëmmer méi zu enger Gefor, wéi z.B. déi modern Massenvernichtungswaffen (biochemesch an radioaktiv Waffen). Wann esou Waffen an d’Hänn vun verreckten Diktatoren oder fundamentalisteschen Reliounsfanatiker geroden, dann besteet en gréisseren Risiko dass Milliounen vun onschellengen Menschden dobäi em d’Liewen kommen.


No dëser klenger Intro iwert d’Roll  vun den Naturwëssenschaften an eiser Gesellschaft, wollt ech awer elo op den Start vun enger lëtzebuerger Wëssenschaftssäit ze schwetzen kommen. Et hun mech richteg gefreet, wou ech gesin hun dass d’Wëssenschaftszeen hei zu Lëtzebuerg endlech hir Präsenz am Internet erweidert huet. science.lu heescht déi nei interaktiv Webpage, déi Kanner an Jugendlecher wéi och Erwuessener uspriechen soll. Op déier Säit fennt all interesséierten Mensch aus allen Altersklassen immens vill aktuell Informatiounen ronderem d’Wëssenschaft an d’Fuerschung.
Lëtzebuerger Fuerschungsprojeten an Wëssenschaftsacteuren wéi och allgemeng wëssenschaftlesch Themen gin um Site virgestallt. Zousätzlech kritt een och en gutten Iwerbléck iwert déi verschidden Berufer an deem Beräich oder iwert d’Funktiounen vun bestemmten Technologien.
Experimenter nomachen, eegen Projeten veröffentlechen oder Froen un den Mr. Science stellen: den Spaßfaktor soll niewend der Wëssensvermettlung net ze kuerz kommen. 
D’Ziel vun den Verantwortlechen vun dëser neier Websäit as et, d’Fuerschung an d’Wëssenschaft ouni déi “grausam” Fachbegrëffer spannend an inhaltlech kompetent ze présentéiren. An dat as genau deen Aspekt ob deen ech well agoen, an zwar dass dësen Site nemmen eng Art Einführung an den groussen Séi vun den naturwëssenschaftleschen Themen as. Et soll definitiv net als Haaptquell fir d’Erweiderung vum Wëssen gellen. science.lu versicht engem déi banalsten an alldäglechst Naturphänomener (an Technologien), wéi den Reebou,  den Wand oder den Dopplereffekt, op eng liicht verständlech Art a Weis ze erklären, ouni dobäi en Thema ze vill ze vereinfachen. Eben eng Art “Schnupperkurs”! Ween sech dann nach weider an méi déif domadder beschäftegen well, deen kann d’Eegeninitiativ huelen an ganz einfach mat eisem Kolleg Google seng Allgemengbildung weider opbauen. Um Facebook kennt Dir hir Seit och liken!
Insgesamt fannen ech et en Schrett an déi richteg Richtung fir dem lëtzebuerger Vollek mol déi immens interessant Themen aus den Naturwëssenschaften méi no ze bréngen an dat Ganzt schmackhaft ze maachen; haaptsächlech well am Lycée d’Mathé, d’Physik an d’Chimie emmer als “decken Blödsinn” an “mega langweileg” bezeechent gin, obwuel grad déi 3 Wëssenschaften an eisem Alldag omnipräsent sin. Déi Fächer stellen méi wéi nemmen mathematesch Formelen duer... Think about it...
„Der traurigste Aspekt des Lebens derzeit ist, dass die Wissenschaft schneller Wissen sammelt, als die Gesellschaft Weisheit.“
(Isaac Asimov)




Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen