Dienstag, 11. Juni 2013

Good move Sony!

Seit  neistem wësse mer dann endlech wéi d'PlayStastion 4 wert ausgesin. Seit ech fierun 2 Wochen déi nei "Xbox One" liicht kritiséiert hun, hun ech drop gewaard gewuer ze gin waat d'Playstation dann alles u Features mat sech bréngt. Ech wert dorop warscheinlech nach bësse méi Déiff agooen fier dann och schlussendlech en uerdentleche Vergläich kënnen ze zéien; metlerweil gin et neemlech nach nei Infos zur Xbox, ënner aanerem de Präis, deen awer och scho bei der Playstation bekannt ass.


Déi éischt Infos déi een awer vun der neier PS4 héiert, sin eenorm; mat den Aussooen dei gemaach gouffen erliewe mer grad een vun de wuel direksten Ugrëffer op d'Konkurrenz! Alles waat un der Xbox One kritiséiert gouff, huet sech Sony, wéi et schéngt, notéiert an all daat NET bei hierer neier Konsol gemaach, a genee domat prahlen se lo rondrem; zurecht! E besseren Preis (100 Euro manner), manner nëtzlos Features, mei en fairen System wann et em "Spiller léinen" geht, an keen Onlinezwang si Punkten mat deenen d'PS4 uerdentlech Fans gewanne wert. Wann Microsoft net dach nach ierjendwéi noogëtt mat hierer Idee, da wësse mer ganz klooer weieng Konsol de Marché dominéiere wert... An ech sëtzen hei, a woaden nach 1 Jooer dass endlech gudd Spiller fier meng Wii U rauskommen ;D

Waat haalt der bis lo vun deem waat en sou vun de Konsolen héiert? Schon e Favorit fier ierch fonnt, oder sidd der och gestrandet mat enger Wii U déi een net benotze kann momentan?

bis dohin,
stay tuned.



2 Kommentare:

  1. Ech hu weder eng Wii U, nach vir eng vun den 2 anere Konsolen an nächster Zait ze kafen. Hu mech di leshct Joren ëmmer méi op de Pc fixéiert, wall ech deen einfach am beschte fannen.
    XBox vs. PlayStation sin ech schon emmer fir Sony gewiecht, wall ech d'XBox einfach an allen Hinsichten Dreck fannen, net nëmmen di nächst mee och schon d'360. Deen eenzege Pluspunkt deen se huet as Halo, an dat geht net duer fir eng gutt Konsol ze sin.

    AntwortenLöschen
  2. Also wann een sech dei nei Traileren vun Nintendo ukuckt geif ech ganz kloer soen dass Wii U an 3DS hei d' Gewenner sinn. Och wann am Moment Wii U bessen Spielemangel huet kann een sech awer schon op Spiller wei WindWaker HD, Bayonetta 2, Super Smash Bros, X an The Wonderful 101 freen, en plus kommen nach en Groussdeel vun den zukünftegen Third-Party Spiller och op d`Wii U.

    XBox One ass en zimlechen Reinfall an soueng wärt an mengem Zemmer secher net ze fannen sinn. Dat eenzegt wat Microsoft fier mech huet ass Halo, mee dann liesen ech leiwer d`Bicher fier d`Story amplaz mär d' XBox One ze kafen.

    PS4 ass vun denen zwee den ganz kloeren Favorit, net nemmen wat den Preis ugeht. Enner anerem kennt fier d`PS4 io Destiny (vun Bungie,den Macher vun Halo CE/2/3/ODST/Reach) eraus.

    En Gaming PC ass allerdings och eng Alternativ, well et mettlerweil eng zimlech grouss Auswahl gett an sou unsech fier bal all Portemonnaie eppes do ass. Virun allem kann een sech drop verloossen, dass een mat engem PC fier puer Joer dei neist Spiller kann zocken. Dobei kennt nach eppes klenges dat sech Steam nennt wou een d`Spiller oft fier en mei nieddregen Preis kritt.(Konsolen Spiller fänken io mettlerweil bei bal 70 euro un).

    Zesummenfassung: Wii U > PS4 / PC >>> Xbox One

    P:S: Beschten Trailer bis elo: Plants vs Zombies Garden Warfare (virun allem beim live matkucken). Zum Gleck kennt dat och fier 360 an net nemmen One eraus.^^

    js

    AntwortenLöschen