Sonntag, 23. Juni 2013

Yey et ass Nationalfeierdaag...

... mee maache mer daat och richteg? Laut dem Lexikon ass en Nationalfeierdaag en gesetzlech festgelueten Feierdaag, weinst engem national wichtegen Ereignis. An eisem Land ass et eigentlech Traditioun de Gebuertsdaag vum aktuellen Herrscher ze feieren, daat heescht dass dësen Daag ca. all 30-40 Jooer changéieren kann. Duerch relativ vill Gedeessems, wéi zum Beispill schlechtem Wierder, feieren mer eisen Nationalfeierdaag awer net um Gebuertsdaag vum Grand-Duc mee um 23ten Juni, an daat schon eng gudd Zäitchen!


Schéin a gudd daat Ganzt, mee wéivill Leit feieren dësen Daag dann effektiv och doweinst? Oofgesin dovun dass RTL de ganzen Programm inhaltech der Thematik upasst, mëcht den Duerchschnëttslëtzebuerger net vill méi wéi um Vierowend gehierlos rauszegooen an op diversen Plaatzen bei onzielege Stänn e gudde Koup Suuen hänken ze loossen an sëch géint 11 Auer en massiv deiert Freedefeier unzekucken, an domat quasi seng Steiergelder fierun sengem Aaen verpuffen gesäit. Dobäi sin ech mer sëcher dass sou gudd wéi guerkeen dobäi och nëmmen eng Sekonn un eisen Heng denkt! Bon, ech gin zou, ech hun daat och net gemaach, mee daat Erschreckends dorun ass dëst Jooër dass d'Leit sëch opreejen sie hätten keen extra Daag Congé, well eisen Feierdaag io leider op de Weekend fällt - et geet hinnen also guernet drëms eise Grand-Duc ze feieren, mee et ass puren Egoismus?!

Ajo, fierwaat feieren mer eigentlech de Gebuertsdaag vun eisem Grand-Duc, an nennen daat de Nationalfeierdaag? Hu mer keen historesch wichtegt Ereignis daat mer feieren kënnen, sou wéi aaner Länner, déi zum Beispill hier Onoofhängegkeet, eng Revolutioun oder hier Vereenegung feieren? Naja, vu menger Säit aus dann Happy Birthday Heng, och wann ech 2 Meint an 7 Deeg ze spéit sin;)

bis dohin,
stay tuned.



1 Kommentar:

  1. Als Mënsch deen géint all Form vun Monarchie as fannen ech deng Approche am lëschten Abschnitt zimlech interessant! Eng Onofhängegkeet oder eng Demokratie wier et méi würdeg ze feieren wei ënger iwerflësseger aristokratescher Famill wënken ze goën. Dobäi sief gesot, dass ech ganz gären géif all Joër enger wichteger Revolutioun gedenken, mä dofir misst zu Lëtzebuerg mol endlech eng gestart gin, vu dass déi batter néideg as...

    AntwortenLöschen