Donnerstag, 27. Juni 2013

Guest-Post: Eric: Voting Rights an den USA

Op en Neits kritt rem een vun Ierch d'Méijlechkeet en Artiklen op mengem Blog ze veröffentlechen, an ech si frou dass der souvill Begeeschterung géijeniwwer dësen Guest-Posts weist (wei een däitlech un de Viewerzuelen vun deenen Artiklen erkennt). Dës Kéier gehéiert dës Eier kengem geréngeren wéi dem Eric, een vu mengen beschten Kollegen, säit et denke kann! Nodeems de Kevin eist fierun 2 Deeg schon seng Meenung zu Europa gezielt hun, gëtt et dës Kéier nach e Stéck méi intellektuell an Hinsicht op déi rezent VRA-Décisioun; waat genee domat fier Konsquenzen kommen, liest der am beschten selwer:



Den Vote, also d’Méiglechkeet seng politesch Meenung bei Wahlen zum Ausdrock ze bréngen, ass laut den Amerikaner selwer den Grondsteen vun hirer Demokratie. Fir vill Leit war an ass dat Recht awer net evident, sou zum Beispill fir d’Afroamerikaner, déi laang dofir hu missen kämpfen fir hir Usiichten ausdrécken ze kënnen. Rezent Ereegnesser, nämlech eng Decisioun vum “Supreme Court” fir den Voting Rights Act (VRA), d’Basis vum afroamerikaneschen Recht fir ze wielen, ze sträichen, kéint eng Well un Wahlrechtsentzich mat sech bréngen an en Deel vun der amerikanescher Populatioun ausse vir loossen. Dësen Text weist, firwat den VRA sou wichteg war an ass, an argumentéiert dass d’amerikanesch Gesellschaft net bereet ass fir Gläichheet fir jiddereen ouni gesetzlech Basis ze garantéieren.
 Den Voting Rights Act vun 1965, ënnerschriwwen vum Präsident Johnson, war zu senger Zäit déi ultimativ Victoire vun der Civil Rights Beweegung an huet den Jim Crow Gesetzer am Süden den Doudesstouss versat. Déi berühmt Sektioun 5 vum VRA beseet, dass verschidden Staaten an Uerter (präziséiert an der Sektioun 4) hir Wahlgesetzer änneren mussen, sou dass et dem Afroamerikaner méiglech ass, ouni Hindernis ze wielen. Fir dass dat ganzt och klappe soll hunn déi Wahlgesetzer duerch den “Department of Justice” missen approuvéiert ginn, déi federal Regierung hat also d’Iwwersiicht an Autoritéit iwwert déi eenzel Staaten.
Viru kuerzem huet den Supreme Court ënnert dem Chief Justice Roberts Jr. mat engem 5-4 Vote am Fall Shelby County v. Holder d’Sektioun 4 vum VRA als verfassungswiddereg erklärt. Als Begrënnung gët den Roberts un, dass eng Auswahl vun den Staaten op der haiteger Realitéit an net op deeër vun virun 50 Joer berouen muss. D’Vereenegt Staagen vun Amerika vun haut hätt den Rassismus an all seng weitreechend Folgen hannert sech gelooss an eng nei Uerdnung hätt sech gebilt, soen se. Den Kongress misst also en neit Gesetz stëmmen dat un dei momentan Situatioun ugepasst ass. D’Sektioun 5 bleift u sech also bestoen, mee ouni d’Sektioun 4 verléiert se all hir Kraaft an Symbolik déi se iwwert dat lescht halleft Jorhonnert bewisen huet.
Et ass sécher net esou wéi wann net probéiert gouf, den VRA ze ëmgoen. Säit dem Passage 1965 hunn déi Konservativ duerch verschidden Techniken wéi ‘gerrymandering’, ‘at large election schemes’ oder duerch d’Ännerung vun den Wahldistriktsgrenzen versicht, d’Muecht an der Hand vum wäissen Mann ze halen an den Impakt vum afroamerikaneschen Vote ze miniméieren. Den Kongress huet den VRA ëmmer erëm erneiert an heiansdo gestäerkt, souguer ënnert republikaneschen Präsidenten wéi Reagan oder Bush. Lo huet also den Supreme Court, deen déi ganz Civil Rights Beweegung an den 50er iwwerhaapt emol sou richteg un d’Rullen bruet huet, den Konservativen am Fong d’Méiglechkeet ginn, Restriktiounen legal ze erméiglechen. Dass d’Demokraten an d’Republikaner am Kongress eng Léisung fannen fir den zentralen Punkt vum VRA oprecht ze erhalen schéngt wéineg wahrscheinlech. Déi bipartisan Spaltung an praktesch all den wichtegen Themen ass staark wéi ni an et ass gewosst dass d’Demokraten Interêt hunn d’Wielerschaft ze vergréisseren während d’Republikaner dovun profitéieren wann manner Leit wielen. Dass d’Recht op eng Stëmm politiséiert gëtt sprëcht am Fong Bänn wat den Zoustand vun der amerikanescher Demokratie ugeet. Dem Romney säin Statement no der Wahl dass den Obama nëmmen gewonnen huet well en den Vote vun den Minoritéiten krut weist dass Amerika fir hien aus wäissen, protestanteschen Leit mat zumindest e bëssen Suen besteet.
Wann aus politescher Siicht also wéineg Hoffnung besteet, den VRA ze retten, bleift also d’Fro: huet Amerika sech sou grondleeënd verännert, virun allem an den Rassenrelatiounen, sou dass een dorop vertrauen kéint, dass och ouni Gesetz, an enger federaler Regierung déi den Staaten iwwert d’Schëller kuckt, d’Demokratie fir jiddereen déi selwecht ass? Et ass kloer dass d’Situatioun haut anescht ass ewéi an den 60er Joren an dass gesot gëtt dass een d’Gesetzer un hir jeeweileg sozial, politesch an wirtschaftlech Situatioun upassen soll ass absolut nozevollzéien. Schon den Aeschylus, en al-griecheschen Tragödiendichter huet ëm ongeféier 500 v. Chr. postuléiert: “The laws of a state change with the changing times”, an ech denken dass dat hautdesdaags ëmsou méi wouer ass an soll sinn.
D’Amerikaner bretzen sech domat, eng ‘foarwenblann’ Gesellschaft ze hun, wou Hautfaarf keng Roll spillt. Et ass allerdings net schwéier den Géigendeel ze beweisen. An hirem Buch ‘The New Jim Crow’ weist d’Michelle Alexander wéi Afroamerikaner am ‘War on Drugs’ an am Justizsystem benodeelegt ginn, an weieng negativ Auswierkungen dat fir hiert weidert Liewen huet an eng ganz Rass ënnerdréckt. Während Segregatioun de jure zwar ofgeschaaft ass ginn et ëmmer nach genuch Plazen wou eng de facto Trennung vun schwaarz an wäiss herrscht. “Mee den Obama ass jo awer Präsident an vill Afroamerikaner an Amerika hunn sech am Liewen eropgeschafft, d’Chancengleichheet ass jo awer anscheinend do“, wärt een oft vun deenen héieren, déi d’faarweblann Gesellschaft priedegen. Genau sou Argumenter biergen eng grouss Gefor. Exceptiounen wei den Obama schéngen en Beweis fir déi universal Méiglechkeet den ‘American Dream’ ze realiséieren ze sinn, verschleieren awer am Endeffekt dass dausenden aner Fäll an Aarmut liewen an regelméisseg vun der Police schikanéiert ginn. Studien hunn gewisen dass Rassismus net komplett verschwonnen ass mee ënnerbewosst weiderlieft. Souguer wann en ongewollt ass bleift d’Resultat nach ëmmer dat selwecht.

Wann een d’politesch Situatioun an d’Wierklechkeet vun den Rassenrelatiounen bedenkt, kann et duerchaus sinn dass d’Absence vun der Sektioun 5 negativ Konsequenzen, virun allem fir d’afroamerikanesch Communautéit, matsechbréngen kéint. D’Ruth Bader Ginsburg, eng Riichterin vum “Supreme Court”, huet an hirer Géigestëmm op en Zitat vum Theodore Parker verwisen, dat den Martin Luther King an sénger eegener Versioun benotzt huet: “The Arc of the Moral Universe Is Long, but It Bends Toward Justice”. Dës Decisioun ass definitiv en Schrëtt an déi falsch Richtung. Mee bei aller Negativitéit muss een och erkennen, dass dës Situatioun enger neier Generatioun eng Méiglechkeet gëtt, nei Reformen unzeziedelen an ze fuerderen an drop ze bestoen dass hir Rechter geschützt ginn. Ob den ‘Arc of the Moral Universe’ lo zur Gerechtegkeet tendéiert oder net sief dohigestallt, mee d’Geschicht huet eis gewisen dass et net ouni Effort geet. Dofir kann een déi Amerikaner, déi d’universell Gerechtegkeet sichen, nëmmen encouragéieren an hoffen, dass Amerika d’Verspriechen déi hir Verfassung beinhalt och iergendwann anhalen wärt. D’Garantie fir den gläichwäertegen Vote wier en äusserst wichtegen Schrëtt an deem Prozess.


Eric Harsch.




Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen