Dienstag, 18. Juni 2013

Utopolis vs. Cinébelval : Part 1

Oft gin ech gefroot weiee Kino mäi Favorit hei am Land ass; wann ech dann meng Änfert gin entsteht oft eng kleng Diskussioun tëscht den 2 Haaptkinoen hei am Land, also dem Utopolis an der Staat an dem Cinébelval (an Zukunft "Utopolis Belval" betitelt). Als heefege Kinogänger hun ech mer geduet ech kéint mer et erlaaben en Verglach tëscht deenen 2 Kinos ze zéien. Dëst maachen ech an 10 chronologeschen Etapen, vum Parking bis hin zum Salle verloossen. Haut veröffentlechen ech déi 6 éischt dovun, dës beschäftegen sëch méi mat deem waat fierum Film sou lass ass. Moa gëtt et dann den mei techneschen Aspekt, an de Fazit!

1. Wou kann ech parken? (Bezidd sëch op Owes ab 6 Auer)
Utopolis: Hei gin et 2 Méijlechkeeten. Entweder et stellt een sein Auto Open-Air op de Parking vun der LuxExpo (bzw. nierwendrun e bësse weider rop) oder geet an de Parking Sous-Terrain vum Auchan direkt nierwendrun. D'Open-Air Variant ass de gréissten Deel vum Jooër gratis, et kënnt zwar vier dass een en Ticket muss huelen fier ran ze fueren, mee wann een dann aus dem Kino kënnt brauch een en net mei fier raus ze fueren. De Parking am Auchan ass 3 Stonne laang gratis, an ab do kascht all hallew Stonn 50 Cent, méi wéi 3 Euro wert de Präis awer net iwwerschreiden.
Cinébelval: Och hei gin et 2 Méijlechkeeten. Genee wei beim Utopolis gëtt et eng Open-Air Variant an eng Sous-Terrain Variant. De Sous-Terrain bidd eng ähnlech Variant un mat de Präiser; allerdings bezillt een hei fier all ugefaange Stonn 1 Euro, déi 3 gratis Stonnen do fierdrun huet een awer och hei ze gudd. Den Open-Air Parking um "Parking Square Mile" ass allerdings zu kengem Moment gratis wéi ech grad duerch en Telefonat mat engem responsabelen rausfonnt hun!

2.Wéi kréien ech mäin Ticket, a wéivill kascht en? (Bezidd sëch op net-Kanner)
Utopolis: Ënnen gin et 8 Keesen, vun deenen oft 4-6 op sin (heiansdo och méi wann wierklech vill Leit do sin). Donierft gin et nach 4 Ticket-Automaten wou een mat der Visa-Kaart innerhalb vun nët mol enger Minutt säin Ticket kaafe kann. En normalen Ticket kascht 8,80€, an als Student geet dëse Präis op 7,30€ roof. E Film mat Iwwerlängt (also mat mei wei 150 Minuten), souwei en 3D Film kaschten 1 Euro méi. All Méinden kann een fier 6 Euro e Film kucke gooen, an Mëttwochs kann een als Orange-Client 2 Tickets zum Präiss vun engem kréien.
Cinébelval: Hei gin et och 8 Keesen, vun deenen allerdéngs oft nëmmen 3-4, selten och 5, a Betrieb sin (ausser, wéi schon Uewen gesoot, wann wierklech vill Leit do sin). Eng aaner Méijlechkeet fier säin Ticket sur Place ze kréien gëtt et net. En normalen Ticket kascht 9€, an och hei kritt een mat enger Studentekaart den Ticket fier 7,30€ ugebueden. Wann een eng Access-Kaart huet gëtt de Präis nach eng Kéier em 1,7€ reduzeiert. Fier en Film mat Iwwerlängt bezillt een e Startpräis vun 10 Euro, a fier en 3D Film 11€. Speziell offeren u bestëmmten Deeg gin et hei net.

3. Gëtt et e Sparpaket? (Bezidd sëch nëmmen op X Filmer zum Präis vun Y)
Utopolis: 5 Filmer fier 25€. Dëst kënnt raus op 5€ pro Film, waat däitlech ënnert dem Standart-Präis läit. Dës 5 Tickets sin awer nëmmen 1 Mount gudd, et huet een also besser e Kolleg mat ze huelen, wann een net all Woch an de Kino geht.
Cinébelval: 10 Filmer fier 60€. Dëst kënnt op 6€ pro Film raus; wéilaang dës Tickets gudd sin géiff ech ierch ganz gäere sooen, mee weder den Internet-Site liwwert dës Informatioun, nach hierwt säit 35 Minuten keen den Telefon bei hinnen op. Och dëse Präis läit e gudd Stéck ënnert dem normalen Präis. Enplus gëtt et nach eng zweet Formel, dës Beseet: ∞ Filmer fier 250€, an dëst gëllt fier 1 Jooër. Als Mathe-Student kann mer d'Remark net verknäiffen dass d'limite vun 250/n op 0 tendéiert wann n op ∞ tendéiert, waat de Präis natierlech onschlagbar maache géiff. Realistesch gesin kommen ech awer éischter op 4-5€ pro Ticket; daat hun ech doru gemooss dass ech, een deen oft a vill kucke geet, an der Regel 50-65 mol (Statistik enspréngt mengen leschten 3 Kinos-Jooren) am Jooër an de Kino gin. Wanns du also sou oft, oder suguer méi oft geess, dann lount sech dëst Abonnement!

4. Waat gëtt et fier Snacks, a waat kaschten se?
Utopolis: Iwwer Viva, Cola, Fanta, Energy-Drinks bis hin zu Vitamin-Drinks kritt een all déi klassesch Gedrénks déi een sou kennt. Nierwt dem klasseschen Kino-Snack dem Popcorn, gin et eng grouss Auswahl un Kamellen, Nachos, Schokola-Stuff an Glacen. Enplus gëtt et nierft dem séissen Popcorn hei och salzegen Popcorn (deen verschidde Leit anscheinend gäeren hun... e Gedanken a Goût mat deem ech mech net ufrënde kann :P) AN et gin ganz Tuuten Chipsen ze kaafen, mat eepesche Klassiker wéi den Erdnussflocken oder dem Monster-Munch!
Cinébelval: Natierlech gin et och hei all méijlech Softdrinks, Kamellen, Nachos, Schokola an Glacen. Et gëtt suguer eng Art "Menü" wou een eng Béchs Bofferding-Béier zesummen mat enger Portioun Nachos kritt! D'Präisser si bei deenen 2 Konkurrenten zimmlech équilibréiert. Allerdings ass d'Gedrénks am Belval e klengt Stéck méi deier.

5. Wéi laang woaden ech fierum Film? (Bezidd sech op de Retard)
Utopolis: Am Géijensaatz zu de Rumeuren déi nach vu fréier iwwreg sin, muss een net deelweis 20-30 Minuten an der Schlaang fierum Salle verbréngen. Sie hun an de leschten Jooer vill un hierem Timing geschafft, hun kaum bis guerkeng Verspéidung méi. Ween natierlech schon 20 Minuten fierum Filmstart prett ass, dee muss vläit 5-10 Minuten woaden bis de Salle propper gemaach gouff.
Cinébelval: Och hei ass selten Verspéidung, mee a leschter Zeit huet et sëch "verschlëmmert". Aus dem  Kino deen eng Kéier iwwerhaapt keng Waardezeit war, ass e Kino gin bei deem heiansdo alt fierun der Dier woade muss bis se de Salle fräi gin (och wann et schon iwwert d'Startzeit vum Film raus ass). Et ass mer och schon e Puer mol vierkomm dass de Salle réicht opgemaach gouff wou d'Traileren schon umgaange waren.

6. Wéi sin d'Säll, a wéi fannen ech meng Sëtzplaatz?
Utopolis: D'Säll am Utopolis hun alleguer ganz verschidde gréissten, sou kënnen se déi klengst Säll deenen "eelsten" Filmer widmen, an déi nei grouss Attraktiounen laafen an den grousse Säll. Am Utopolis huet sëch awer eppes net verännert: et gi keng reservéiert Sëtzplaatzen. Vill Leit gesin dëst als e Nodeel, mee mech stéiert daat wierklech net. Eischtens hëllt daat e gudd Stéck manner Zeit an der Kees wesch, an zweetens: bis lo haat ech nach kee Problem eng Plaatz ze kréien, ausser eng eenzej Kéier, wou ech ze spéit war. Daat läit ënner aanerem um Opbau vum Salle. Déi éischt Rei ass e gudd Stéck vun der Leinwand wesch, a suguer an den (vun ville Leit verhaassten) 4-5 éischte Reihen sëtzt ee gudd an kritt e gudd Bild vum Bild, ouni duerno mat Genéckschmerzen rauszegooen. Doduerch dass hei déi fiicht Reihen och gudd sin, gin quasi méi "Plaatzen" geschaaf déi d'Leit wëllen. Grouss Leit werten sech eventuell beklooen dass net genuch Plaatz tëscht dem Sëtz an der Reih fierdrun ass, fier seng Been uerdentlech ze postionéieren... e Fakt deen ech net wierklech kontrolléiere kann! Kee vun de Sëtzer huet eng Kappstütz, mee ech hun daat perséinlech leiwer, et ass mei fräi an oppen doduerch; enplus sin d'Sëtzer e bësse mei mëll, waat se och zimmlech bequem mëcht.
Cinébelval: Nierwt 2-3 gréissere Säll huet dëse Kino nach 4 mi kleng Säll. Weieng Filmer a weiengem Salle laafen hun ech nach net ganz verstaan. Zu Zeiten vu Caramba haat ech d'Impressioun wéi wann d'Filmer vum Salle 1 bis Salle 7 hierer IMDb-Bewertung entspriechend laafe géingen, mee daat kann och nemmen Zoufall gewiercht sin. Mëtlerweil erkennen ech keen System, an sin heiansdo enttäuscht wann e wierklech gudde Film am Salle 5 oder 6 leeft, wärend Hanni und Nanni am zweetgréisste Salle leeft. En Fierdeel awer: an der Keess kann een sech seng Sëtzplaatz aussichen an reservéieren. Dëst ass wierklech praktesch, mee féiert an dësem Komplex zu engem grousse Problem. Doduerch dass d'Iessen an d'Tickets gleichzeiteg bezuelt gin, dauert den Ticket-Kaaf méi laang. Wann dann och nach all déi "gudd" Plaatzen scho reserveiert sin, kann sëch de Kaaf nach e gudd Stéck méi laang zéihen, well d'Leit dann ufänken ze diskutéieren, oder sëch suguer fier e ganz aanere Film décidéieren! Donierft fannen ech dass d'Säll en erdréckend Gefill vermëttelen. D'Maueren vum Salle sin quasi direkt nierft dem Ecran, waat deem ganzen e gewëssenen "Këschten"-Effekt gëtt; fier mech kennt net déi richteg Kino-Athmosphere riwwer, wéi een se am Utopolis fillt. Enplus sin déi Puer éischt Reihen quasi net besetzbar, ouni dass een duerno mat engem Genéckschued rëm rausgeht; daat Läit ënner aanerem och dorun dass tëscht der Leinwand an der éischter Réi wesentlech manner Plaatz ass wéi am Utopolis, sou dass déi 3t oder 4t Rei am Belval, der éischter aus dem Utopolis entsprëcht. D'Sëtzer sin (an daat steet genee sou op hierem Site) iwwerdimensionéiert, an och zimmlech bequem. Déi éischt puer Reihen hu keen Kappdeel, well ee soss net no uewe kucke kann!

Den zweeten Deel vun dësem Verglach kënnt moa, a beschäftegt sëch, wéi scho gesoot, mam techneschen Aspekt. Wëll also heeschen dass ech an den Detail agin waat d'Bild, den Toun an den 3D betrëfft.

bis dohin,
stay tuned.



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen