Dienstag, 4. Juni 2013

Den neie BGL Sketch!

Fierun net all ze laanger Zeit, an dëser Galaxie, op dësem Planéit, haat ech io an deem Concours matgemaach, wou ech nierft enger GoPro-Camera och eng Nierweroll am nächsten Sketch vun der BGL gewanne kéint. Leider hun ech io net gewonnen, ënner aanerem well "ech net op d'Roll passen", mee daat hun ech io schon duerchgeknaat! De Sketch gëtt et säit gerénger Zeit ze kucken, hei ass en:



Wei fannt der en? Ech perséinlech hun déi eng oder aaner Saachen drun auszesetzen; dobei sierf awer gesoot dass déi folgend X Abschnitter ganz objektiv sin, a kengeswegs, doduerch dass ech net gewonnen hun, beanträchtegt sin. Ech si kee Marketing-Expert, mee ech kenne mech e Bëssen aus (géiff ech mol behaapten) wann et em Film an Schnëtt geet.

De Video fänkt un a seet eis bescheed dass et dës Kéier em d'Studéieren am Ausland geet, kuerz drop gesi mer den neien Haaptacteur, mat engem diskutabel flottem Tshirt. Dann kënnt och schon mäin éischte Kritikpunkt: dei fett Schrëft "I'M FREE" ass amfong just e bëllegen Oofklatsch vun hierem Running-Gag "FAIL", an ouni déi Schrëft géing een net erkennen waat daat wëllt hin an hier Gezappels bedeite soll, oofgesin dovun dass kee normale Mensch einfach sou a sengem Zëmmer ufänkt mat hoppsen. De Saatz deen en duerno seet wierkt wei wann en doheem mishandelt géiff gin, an lo 10 Jooer drop gewaard huet dei schrecklech Persounen dei him d'Liewe geschenkt hun lasszegin.

Als Nächst benotzen se rem e gudden aalen Trick, deen se och schon an aanere Videos benotzt hun; neemlech deen dass den Acteur e Puer Mol am Bild steht, wei kreativ! Aus weiengem Grond do deen aalen Filter drop ass, entfällt mer komplett; weder daat waat d'Mamm rifft ass aal, nach d'Art a Weis wéi se et rifft. Enplus ass bei deem Stéck eng wierklech koomesch Musik dei ech beim beschte Wëllen net novollzun kréien. Dann seet en säi nächste Saatz, wou eng ze laang Paus dertëscht ass, sou dass et op mech wierkt wei wann en do ganz kuerz hänke bliwwe wier an net mei wosst waat lo am Script kënnt. Wann een lo nach ganz genee kuckt, dann erkennt een dass säi Mond gaaaanz kuerz fierum Schnatt nach eng Kéier opgeht, wei wann en nach eppes sooe wéilt. Vun enger ganzer Equipe déi sech mat dësem Clip beschäftegt hätt ech do awer eng besser Aarbescht erwoad. Waat déi uschléissend Schweigesekonn bei 0:28 soll, weess ech och net. De Saatz wäer ouni dei Paus vill mei dynamesch a géiff net sou opgesaat riwwerkommen.

Next up ass de Verglach mat de verschiddene Länner. Mei déiff an d'FAIL-Këscht hätten se mengen ech net kënne gräiffen. Net nëmmen gin Däitschland a Frankräisch komplett lächerlech a voller Clichéen duergestallt mee hieren Running-Gag "FAIL" brengt och nach fäerdeg en absolut iwwerflëssegen Kommentar zu enger nach mei iwwerflësseger Szene ze brengen. Dovun oofgesin: fierwaat soll an Däitschland matzen op ierjendenger random Wiss eng kleng Bänk stooen wou angeblech io awer e ganzt Fest soll stattfannen; oder leeft all Däitschen konstant mat engem Glas Béier rondrem? Enplus: fierwaat konnt sech daat, an ech widderhuelen et nach eng Kéier, GANZT Team net déi néideg Gedanke maachen dass een an Däitschland op engem Fest KEE lëtzebuergegen Moschter bei enger Wurscht dabei kritt?. Dass een d'Schrëft och nëmme méisseg gudd gelies kritt well den Dësch ganz wäiss ass wëll ech scho guernet erwähnen... hei wier zumindest eng schwaarz Emrandung praktesch gewiercht, mee daat war vläicht zevill Aarbescht, am Verglach zu "Copy-Paste aus engem aale Video".

Weider geet et mat Frankräisch... oder soll ech éischter sooen "enger random Spillplaatz bei enger Wiss wou wäit a Breed kee Mënsch ass". Aus wei engem Grond soll deen Musikant deen do rondremwuselt op enger Wiss wou nëmmen eng eenzeg Persoun sëtzt, e Stéck zum beschte gin? De Profit deen en dobäi maache kann ass gleich Null! Enpus, fierwaat huet en e Sonnebrëll un wann den Himmel ganz mat Wollécken bedeckt ass, an den Haaptacteur keen un huet? Ass äerch iwwregens opgefall dass den Haaptacteur suwuel an Däitschland wéi och an Frankräisch exakt dei selwescht Kleeder un huet? ääh, wie eekleg! An der nächster Szene fanne mer dann raus dass seng Wunnéng do an der Belsch ass! Mee Moment mol... hu mer dann net fierdrun an genee dëser Wunning héieren wei d'Mamm him Saache roprifft? Ech si verwirrt, net nëmmen doweinst, mee och well scho rem 2 sënnlos Pausen am Saatz sin. Doropshin follëgt dei wuel langweilegst Party vun der Welt, oder daat wuelt koomeschst Date... méi e gelangweilt an onenthousiastescht Meedchen hun ech mengen ech a mengem ganze Liewen net gesin. Wier ech um Plateau gewiercht, hätt ech dei Szene op mannst nach 2 mol opgeholl, bis dann et wéinstens e Bëssen gudd ausgesäit!

Duerno kënnt en ganz informative Saatz, un deem ech näicht auszesetzen hun, mee net kuerz drop ass et rem souwäit: se wëllen mat engem coolen Effekt punkten, waat, an daat gin ech éierlech zou, och zimmlech geléngt, mee daat verschäissen se sech och direkt rem an deems aus deem Automat MONOPOLY-Suuen rauskommen! Waat der Däiwel huet sech daat Team daat fier d'Requisiten zoustänneg war dobei geduet? Vläit hun se de 50 Euro Schäin deen eigentlech rauskomme soll gebraucht fier de lëtzebuerger Moschter kaafen ze gooen! An fierwaat, wann ee scho Spillsuuen hëllt, ass et keng normal Somme déi sech e Student och effektiv leeschte kann, an net en inexistenten 2000-Euro Schäin, I don't get it! Als nächst kënnt dann dei Szene mat der Toilette... Fällt äerch op dass en nach emmer dei selwescht Kleeder unhuet? Lo huet en dei op mannst scho 4 Deeg laang un, waat dee sténke muss! Och hei probeieren se rem witzeg ze sin andeems se een an enger blöder Positioun weisen. Wéi sou e richtege Freak huet en säi Laptop dobäi a wëll seng Finanzen checken. Fier dëst ze maachen dréckt heen (wann en iwwerhaapt dréckt, fier mech wierkt et eischter wei wann en einfach 2 Knäppercher heemelt) eemol op de V an vläit nach eemol op de B. Ech mengen et muss ee kee Profi sin fier ze verstooen dass een sou NET seng Finanzen checke kann! Eigentlech muss een neemlech seng Clients-Nummer agin, säin Token raushuelen, säi Pinncode agin, dann en Geheimcode vum Token kréien an dann woaden bis de Browser een op de Compte zougräiffe léisst. An et muss een op mannst 1 mol klicken fier all daat méijlech ze maachen! Dovun oofgesin weess dass all Mensch dach een an engem Buedzëmmer fier ze frecke keen Empfang huet ;D

An der nächster Szene géréiert den jonken Häer seng finanzen mam Handy! Wait... fierwaat hëllt en net einfach den Handy mat op d'Toilette, daat wäer dach vill mei bequem? Hei hun ech näicht ze meckeren waat d'Bedingung vun der App ugeet, daat kann effektiv sou laafen. Waat mech hei awer méi stéiert ass de Fait dass de Barkeeper schon amgaangen ass e Café fierzebereeden, an heen dësen der Fraa dei un de Comptoir kënnt direkt servéiert. Ajo: ab haut wësse mer dann alleguer dass "eemol de Fanger ausstrecken" an enger Bar gedeit dass ee gäer e Café hätt, an zwar net ierjendee Café, mee deen wou grad fier en aanere Client préparéiert gëtt! (Iwwregens ass dei "Fraa" d'Roll fier déi mer op de Casting invitéiert gouffen! Lo verstidd de vläit fierwaat ech et als Kompliment opgeholl hun wou gesoot gouff dass "d'Roll net bei mech passt".) An der nächster Szene benotzt den Häer daat Wuert "gëschter", wëll also heeschen dass rem en Daag vergaangen ass, an heen huet NACH EMMER dei selwescht Kleeder un, mann oh mann, waat muss d'Sau sténken! Dann weisst en eis seng Koat an seet dass en domat d'Iesse bezuele wëll. Moment mol, wëll daat lo heeschen dass heen innerhalb vun mol net 2 ganzer Deeg méi wi 2000 Monopoly-Suuen ausgin huet? Waat fier e Student soll daat da sin?

Zu der romantescher Iessen-Szene kann ech net vill sooen; ech muss dobäi sooen dass mer um Casting gesoot kreien dass dei Szene mega iwwerdriwwen an opgesaat soll ausgesin, vun dohier: good job! d'Pointe vum Video gëtt dann entlüft an hee leeft fort, an deet sech dobäi wéi, deen Aarmen. Nächst Szene: oh mäi Gott, en huet endlech dei Kleeder ausgedooen, waat eng Erliichterung. Zu gudder Lescht sin d'Elteren vun deenen am Ufank net wäit genuch fort konnt sin dach nach zu eppes gudd. Ab hei gëtt de Video rem besser, déi frëndlech Stëmm an di kleng Textkëschten resuméieren innerhalb vun 15 Sekonnen waat de Video eis an méi wi 2 Minute vermëttele wollt.

Alles an allem fannen ech dass et mat ee vun de schlechtere Sketchen ass déi d'BGL bis elo geliwwer huet. Vill Saachen si recycled, gezwonge witzeg an dofier dass de Shooting lo baal e Mount hier ass, ass vill ze weineg Léifft am Detail, an daat an allen Aspekter: d'Schauspillleeschtung, bzw den Text kéinten e gudd Stéck besser riwwerkommen, d'Requisiten sin horribel, an Logik (wei zum Beispill mam Laptop op der Toilette) ass och net emmer do. Et kéint een argumentéieren dass verschidde Saachen, wei zB d'Danzen vum Meedchen, express sou sin fier witzeg ze sin, mee suguer dann misst ech deem leider widderspriechen. De FAIL-Witz ass ausgelutscht, zumindest soulaang bis een dohannert och rem eng wierklech witzeg Szene setzt, an dei gezwonge witzeg Saachen waren nach nie witzeg, wéi een gudd un eise lëtztebuergegen Sitcoms erkannt huet...

Ech haat mer erwoad dass, wann e ganzt Team sech em eng Reklamm këmmert, dann weinstens och en anstännegt Resultat rauskënnt... mee vläit hu mer hei och e perfekt Beispill fier de gudden aale Sproch: "Viele Köche verderben den Brei".

bis dohin,
stay tuned.



6 Kommentare:

  1. Ech sin fir mei Zesummenhallt ennert den Bierger vun desem Duerf. Peace :P

    och wann ech dein video besser fonnt hun

    AntwortenLöschen
  2. ech fannen den clip gudd
    deen typchen huet carisma

    AntwortenLöschen
  3. Dann lo mol déi Saachen déi mär opgefall sin:
    1) D´Kessen sprengt bei enger Szen um Ufank: Teschend der Intro an der "Party"-Szen an dann den Sprong zereck bei seng Ried, ännert d´Beliichtung an d´Kessen sprengt! Daat ass jo net allze schlemm, mee passt net well falls heen daat do schon op der selwechter Platz dréint, mecht et keen Senn daat sou ze maachen, bzw. falls heen den Androck vun engem aanneren Daag vermettelen wollt, hätt heen och opmanst kéinten d´Déco méi emänneren!
    2) D'Szen mat der Mamm fannen ech bessen iwwerdriwwen, wéi heen daat als sou dramatesch duerstellt daat souguer den Filter zereck geet bis an d´Mett vum 20. Joerhonnert an fw mecht heen sech grad an deem Moment 3mol an d´Bild? Passt do net ran fannen ech, och wann heen bei all Double en Satz vun der Mamm beihelt, et passt net zesummen.
    3) Do gefällt mär d´Schaarfstellung vun der Cam; den Hannergrond ass bessen méi flou an heen ass eben schaarf, mee och heui fannen ech passt et net ganz ran; entweder bessen méi iwwerdreiwwen, oder daat guer net maachen, well et dann an d´Gesamtbild besser gepasst hätt (P.S. alt rem sprengt d´Kessen an d´Luut get och aannescht haha)
    4) Daitschland... bon falls heen schon clichéhaft wel gin, hätten déi aanner och sollten déi traditionnel bayeresch Tracht undoen, net en Hexenhutt...Dobai kent dat en bayereschen Teller iwwerfelt ass, an et kent einfach net witzeg riwwer, well d'Ambiance net riwwerkent. Den Fail passt do guer net hin menger Meenung noo an ass WEISS, waat een dann mam Hannergrond schlecht differenzéieren kann... Gudd opgepasst fannen ech aawer opmanst dann d´Hiemer an d´Servéiten d´Muster an d´Faarw vun der bayerescher Flagg ze nooempfannen verischen!
    4) Frankreich, daat schéint Frankreich waat sou vill schéin Baustiler opweist an mär gesin am Hannergrond en Betonklatzer deen aawwer matten bei méi niddregen Heiser steet, waat net an d´Bild vun Frankreich passt... Entweder Banlieue 13, oder vill éischter eng Platz mat schéinen Gebéier an dÁtmossphär moies mat Croissanten falls heen den Cliché wierklech emsetzen wel mam Musiker, dann hätt et gepasst. D'Muster um Pullover ass aawwer rem gudd gewielt, erennert bessen un Pantomimen an den Bonnet, an dobai denkt een direkt un Frankreich.
    Den Fail passt rem net.
    5) Belge: Fw weist heen hei seng aal Wunneng amplaatz eng nei, oder opmanst eng öffentlech Platz, wéi bei D. an Fr.? Kent ongegliedert riwwer an den Sprong um Bild bei der Party ass iwwerflesseg, d´Szen kent extrem langweileg riwwer an jo.
    6)Den Effekt ass einfach noozestellen, mee d'Idee an den Filter sin gudd an deem Bild, daat mat den Suen soll et bessen méi witzeg maachen, waat verzeihbar ass, mee fleit bessen domm riwwerkent falls een bei enger Bank nemmen Falschsuen kritt.
    7) Sven, mech stéiert net nemmen sein Code-Input, mee och den Fait daat heen ouni enter ze drecken rankent ;) an daat mam Reseau, bon kA fleit huet een es jo doheem op der Toilett, hängt vun den Maueren oof haha
    8) Szen mam Meedchen: Iwwerdriwwen, mee schéin emgesaat mam Filter an Blur am Hannergrond!
    9) Daat éiwegt "Bing" nervt bessen, beim Bankautomat ok, mee lo och bei der Touche, naja.

    AntwortenLöschen
  4. 10) Schéin an schnell d´Schärft emgesaat wou heen seng Kaart weist! An den Effekt deen beigefügt get wou heen rausgeet daat heen beschleunegt get ass och pas mal an gudd getimed!
    11) D´Meedchen seet den Oowend waar schéin, dobai ass d'Iessen nach ganz do, an sie hunn nemmen gedronk, komesch... Back to the future-Versioun 2013 oder en naivt Meedchen?
    12) Den Blur wou heen optaucht um Bild am Fierdergrong passt do fleit net ideal hin, et ass schéin, mee waat sech am Hannergrond oofspillt ass fleit méi witzeg an deem Fall. Den rouden Filter gefällt mär an deem Kontext iergendwéi, och wann et komesch ass... Mee d´Bild noodeems heen rausleeft huet een Problem: Den Kameramann huet net komplett rem schaarf gestallt op d'Meedchen/Jong, deen aawer deen Moment den Haaptdeel vum Bild ass.
    13) An senger Kummer schengt et rem sou, wéi wann d´Schärft falsch ass: Ech gesin sein PC méi schaarf wéi heen, obwuel heen an déier Szen den Protagonist ass.
    14) Fw huet heen eng Ploschter un der Baak an Eppes um Been? Ass heen punktuell mat senger lenker Baak gefall an mat sengem lenken Been an den Rescht ass verschount bliwwen?

    Pardon fier déi Schreiwwfeeleren, mee muss mech mol un QWERTZ gewinnen, an do feelen puer Tasten, déi bei AZERTY waaren (virun allem Accent

    AntwortenLöschen
  5. eichtens den Clip keint een wirklech besser machen an eng aaner musik wielen an och mol nei ideeen dran brengen! Dass en clip wei all hier clipen mei net ! mee dofir muss de net deng roserei raus loosen dass de den concours net gewonnen hues! Du muss net all sekonn vum Clip kritiseieren an schlecht schwuetzen, verschidden sachen sin einfach mat den Hoher habeigezunn!

    AntwortenLöschen
    Antworten
    1. Fier eng objektiv kritik fannen ech och dassde dech zimlech an den eifer geried hues, Sven. Et ass ok ze verleieren an keen ass onfeelbar. Et waer net schlecht wannsde esou momenter giffs notzen fier en bessen recul zu denger eegener aarbecht ze huelen an dech selwer an fro ze stellen. Aanerer kleng maachen ass wesentlech mei einfach wei iwwert sech selwer erauszewuessen.

      Löschen