Montag, 3. Juni 2013

Nostalgie...hach!

A leschter Zeit schwieben ech dauernd an Nostalgie, an ech weess net fierwaat! Méi wi nëmmen eemol den Daag erwëschen ech mech wei ech bei ganz banalen Aktivitéiten beemol drun denken wei daat "fréier" sou war, ansoufern wei en 20-Jähregen vu "fréier" schwetzen derf ;) Duerno ass mer dann awer opgefall dass dei meescht Saachen iwwert déi ech an deene Momenter noodenken alleguer nëmmen bis e gewëssenen Alter gin; doropshin hun ech mer d'Froo gestallt: bis weieen Alter gin dei nostalgesch Gefiller zréck?

Net fier et falsch ze verstooen: ech frooe mech net weivill Jooer mer eis zeréck kënnen erenneren, mee ech frooe mech bis weieen Alter mer Saachen erliewen op déi mer speider nostalgesch zereckkucken. Ech erënnere mech zum Beispill nach ganz genee un den Daag wou ech mäin alleréischte Game Boy mat mengem alleréischte Spill kritt hun! Et war schon däischter dobaussen an ech suutz op eisem donkelblooen Canapé ganz lénks fier d'Këscht opzemaachen. Ech haat déi Säit gewielt well do eng kleng Luut stoung, an ech soss näicht gesin hätt. Ech maachen d'Spill op a si begeeschtert dass d'Kassett Rout ass, meng Lieblingsfoarw. Ech maan de Game Boy un an héieren fier d'alleréischte Kéier a mengem Liewen daat geraïsch daat de Game Boy mëcht, an kuerz drop héieren ech d'Pokemon Musik...EEPESCH!

Par Contre, vun deem Daag wou ech déi alleréischte Kéier den Nintendo DS opgemaach hun, weess ech just nach dass et gereent huet... d'Auerzeit, d'Location an de Grond fierwaat ech e kruut weess ech nemmei. Gleichzeiteg erënneren ech mech net un sou eppes sensationelles dass et nach 10 Jooer a mengem Kapp bleiwt. Bon, dëse Vergleich hinkt vläit e bëssen well et 2 mol em eng Spillkonsol geet. Ech géiff also behaapten dass een haaptsächlech un "éischt Kéieren" denkt wann een nostalgesch gëtt. Mee och daat kennt mer grad net richteg vier... Ech weess nach ganz genee wei mein alleréischte Velo ausgesin huet, ech weess nach wouhin ech di alleréischte Kéier mam Fliijer geflunn sin, mee ech weess scho baal nemmei Wei et war wou ech di alleréischte Kéier Guitar gespillt hun, oder mein Mac benotzt hun, an daat ass knapps mol 6 Jooer hier!

Lo ass d'Froo déi sech mer stellt: ass daat nach net laang genuch hier fier dass ech e kribbelen an de Bauch kreien wann ech dorun denken, oder si mer allgemeng zevill "verwinnt" vun all der Technologie dei eis emgëtt, sou dass mer nei Saachen guer net mei als sou sensationnel empfannen, wei mer se freier gemaach hun? Probeiert mol dei Froo ze beänferten! Daat war et dann haut vu mier, ech haat spontan Loscht dësen noodenklesche Post ze maan; ech mengen ech spille lo bësse Mario Kart 64 ;D

bis dohin,
stay tuned.



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen