Donnerstag, 5. Dezember 2013

Seriously Lëtzebuerg?

Ech weess net waat momentan an eisem Land lass ass, mee vun deem waat ech hei zu Bréissel matkréien geet et schéin d'Baach roof. Als éischt brennen regelméisseg e Puer Autooen zu Esch oof, dann liest een ëmmer rëm vu Leit déi Aanerer einfach sou attackéieren, Alkohol a Kläppereien si mëtlerweil och scho baal un der Daagesuerdnung, genee wéi Hausbränn, déi onméijlechst Accidenter (jo Taxi deen 20 Meter déiff gefall ass, ech schwetzen vun der!) a verbal Kläppereien an der Kommentar-Sectioun vun RTL wou d'Leit sëch d'Käpp aschlooen iwwert daat neit Anti-Fëmmgesetz souwéi iwwert eigentlech ALL Thema. Nach dobäi kënnt dass mer eis brilliant 2 Milliounen Euro Schold abruet hun well mer ze spéit uwaaren mam bezuelen... net ze vergiessen sou sensationell Remarken wéi "Moien du Aasch" an "Dier vum Tice gidd mer op de Saak".
Mee dorëms geet et eigentlech nët... bon, den Niveau vun de Sträitgespréicher an der Kommentar-Sectioun an och déi berühmt zitéiert Aussooen sin ee ganzen Artikel fier sëch wert. Waat mëch nach vill méi schockéiert ass ee ganz bestëmmten Aspekt vun all deene Kommentarer, sierf et bei RTL, Eldo, oder soss enger lëtzebuergeger Nochrichtesäit (ech hun lo halt RTL geholl well daat de Cliché ass), neemlech der Auslännerfeindlechkeet!

Okay, wéi den Zoufall et sou wëll sin oft bei deenen uewe beschriwwenen Aktiounen Auslänner involvéiert, mee daat heescht nach laang net dass d'Lëtzebuerger  net op mannst grad sou schlëmm sin; schliesslech gëtt io och net vun all Kläpperei aus dem ganze Land bericht. A wéi den Zoufall et och wëll faalen d'Leit an de Kommentarer nëmmen iwwert d'Portugiesen, d'Franzousen, d'Italiener (etc.) hier ouni och nëmmen daat geréngsten Schamgefill oder Blaat fierum Mond. Ech kréien einfach net novollzun wéi ee vu Moies bis Owes sou eng auslännerfeindlech Laun kann hun, an daat och net zu 100% serieux menge kann. Wann "se" allerguerten "zréck an hiert Land" géiffe gooen, da géiff Lëtzebuerg zimmlech domm drakucken, schliesslech ass sëch den Duerchschnëttslëtzebuerger io vill ze Schued fier "deenen" hier Aarbescht ze maachen.

Dass d'Lëtzebuerger an deem Aspekt relativ rassistesch sin ass io kee Geheimnis, an heiansdo muss och ech mëch staark zesummerappen fier net ierjendeppes Dommes ze sooen, waat dee Moment dann awer aus purer Roserei ass, an net aus Iwwerzeegung. (Zum Beispill hun déi 3 hefteg Reparaturen u mengem Auto alleguer duerch engem Auslänner sengem Fehler misse gemaach gin, a beim drëtten Accident war ech wierklech schwäirosen... mee daat war e Belsch, an ech wunnen am Moment zum gréissten Deel an der Belsch, vun dohier kann ech kaum eppes sooen ;) ) Mee waat mëch dozou ugereegt huet dësen Artikel ze schreiwen war folgend (héischopléisend...) Bild daat säit e Puer Deeg kurséiert:
weider 40% hu mat "Russland ftw" geänfert ;)
Ech gin zou: och ech hu gelaach wou ech d'Bild gesin hun an eng kleng Wourëcht stëcht io dran; mäi Laachen ass mer awer spéidsdens vergaangen wou ech déi divers Kommentarer (deelweis vu Leit déi nach méi Jonk si wéi ech an eigentlech an der Schoul geléiert solle gin dass Rassismus domm ass) gesin hun. "Alles Drecksäck!", "Féckt äerch all domm Auslänner", "Stierwt dann ass eist Land rëm propper" an vill weider Kommentarer waren do ze fannen. Dozou sierf gesoot dass ech d'Rechtschreibung verbessert hun, e gewëssenen Niveau u Qualitéit wëll ech neemlech hei um Blog haalen. Zréck zum Thema: geet et nach am Kapp? Ech stelle mer a leschter Zeit wierklech Frooën waat fier eng Zukunft eist Land mat esou enger Generatioun wert hun.

Wéi gesoot, heiansdo kann een sech eng kleng Remark net verknäiffen mee allgemeng muss een einfach agesin dass "sie" gudd fier eist Land sin an dann kann een nach driwwer noodenken ob et sëch net ëm ee klengen Däiwelskreess handelt... géiffen d'Leit e Bësse méi frëndlech mat en een emgooen, da géiffen et vläit och manner Gewaltaktioune gin? Daat ass méi einfach gesoot wéi bewisen, mee definitiv e Gedankegang wert! Ech fier mein Deel sin momentan en "Auslänner" hei an der Belsch, an ech kann nëmmen dovun dreemen dass zu Lëtzebuerg d'Akzeptanz schon nëmmen hallew sou grouss wier - daat wier e Schratt an déi richteg Richtung. De grousse Problem an eisem Land sin neemlech net d'Auslänner, mee dei Superhelden déi sech Daag an Nuet nei rassistesch Kommentarer afaale loossen! Bleiwt ze kucken waat eis nei Regierung dann lo an deem Beräich verännere wëll; d'LSAP haat io déi eng oder aaner Idee dozou...

bis dohin,
stay tuned.

P.S: eigentlech sin ech io net dee Mënsch deen sëch mat Politik oder sou kriddelechen Themen befaast, an ech wëll mëch mat dësem Artikel och absolut net als Genie duerstellen - et ass mer einfach nëmmen "op de Saak gaangen" (wéi eis Polizei io sou gäer seet) waat een Daag fier Daag ze liese kritt, zumools wann e Gros vu menge Kollegen ierjendwéi Auslänner sin, a sierf et nach ëm X Ecken. Ajo, d'Benotzung vu folgendem Saatzzeechen " " "  ass mat dësem Artikel wuel de Recht vum Mount tabu, wee wëll kann se gäeren zielen :) 




1 Kommentar: