Mittwoch, 5. Juni 2013

D'Jugend vun Haut!

Haut gëtt et eng Klengegkeet fier de Kapp ze rësselen! Gëschter kruut ech e Link vun der News-Site vum RTL geschéckt mat, wéi soll ech daat richteg ausdrécken, schockéirendem (?) Inhalt! Immens vill steht net am Artikel dran, mee dei Puer Fakten dei opgezielt gin sin dann dach schon e bëssen traureg, fierun allem wann ee bedenkt dass dei Kanner eis Zukunft solle sin. Ech zitéieren fräi aus dem Artikel:

"Vun knapp 27'000 befrootene Kanner mengt en Drëttel dass Kéis aus Pflanze gemaach gëtt, Fichstäbercher aus Poulet sin, an dass Nuddelen vun Déieren staamen."

Wubäi dee leschte Punkt mer besonneg vill Angscht mëcht, ech hun ëmmer geduet Nuddelen géiffen u Beem wuessen an dass all Nuddel säin eejene Baam huet?! Dës Statistiken kommen aus, wéi konnt et aanescht sin, England, wou a leschter Zeit ëmmer mei sou skuril Saachen optauchen, bei deenen een sech frooe kann weivill dovunner wouer ass; leider mengen ech dass dës Emfroo effektiv sou Resultater kéint hun.. Hei den Original Artikel op RTL: LINK.


Ech, vier mein Deel, gin dann lo mol nach Kéispflanzen ernten, meng Nuddeldéieren melken an schieren an natierlech kontrolléieren ech d'Qualitéeit vum Schokola vu menge moove Kéi!

bis dohin,
stay tuned.



3 Kommentare:

  1. Nuddelen kommen indirekt vunn deieren :P Fir Nuddelen brauchs de Eer an Eer kommen vunn den Hinger *gnihihihihi* *duck*
    Ansonsten traurig aber war -.-
    Bei Stern TV haaten se eppes ähnleches wou se Frisch gegen Fertig bzw Kanner hu missen erooden waat se Iessen, dFrisch Produkte hunn se net erkannt an dFertig direkt, aka e Freschen Fischstäbchen aus richtegem Cabillot huet fir sie net no Fischstäbchen geschmaach...

    AntwortenLöschen
  2. Fir Nuddelen brauchs de keng Eer... Normal Nuddelen sin Waaser mat Getreid...

    AntwortenLöschen