Dienstag, 9. August 2011

Movies: The Green Lantern

The Green Lantern - by Martin Campbell

Infosite mat Trailern an Biller

Geschter war ech seit baal enger ganzer Woch mol rem eng Keier am Kino, an zwar fier dei nächst DC-Verfilmung kucken ze gooen.Nodeems mech X-Men mega faszineiert huet, an The Big Bang Theory mer loscht op "The Green Lantern" gema huet, haat ech mech bessen domat beschäftegt a wosst also bessen waat op mech duerkennt.

De Film fänkt mat engem klengen Resumé un wei daat ganz gringt Gedengels iwwerhaapt zu staan komm ass, zimmlech knapp und bündeg, waat op kee Fall schlecht ass. Duerno spillt sech halt alles greisstendeels an der realer Welt oof, mee daat weess een io quasi schon wann een an de Film rageet. Trotzdem ass de ganze Film voller koomescher Wiesen an Mutanten, ergo et fennt sech vill Computeranimeiertes rem, an grad do huet mech de Film zimmlech begeeschtert!. Si brengen et emmer rem ferdeg alles nach sou meeega onrealistecht dach ierjendwei real ausgesin ze loossen. Daat mecht dann och e gudden Deel vum Film aus, well io quasi alles woumat gekämpft gëtt, net real ass.

Storytechnech kann een net vill meckeren, d'Story ass nunmol sou, an daat schon eng gudd Zeitchen seit de Comic raus ass. Se ass halt mega clichee mee deemols war daat nach eppes ganz Neies x) De Schluss, wei och su munch Handlung sin liicht vieraus ze gesin, daat ass besse mi schiel, mee soss hun ech um Film net vill ze meckeren.


Ech geiff de Film lo net bedenkenlos un all Mensch weiderempfehlen, mee un Leit dei Marvel an DC Comics/Filmer gäer hun, oder un dei wu einfach gären Effekter op sech wierke loossen. Trotz allem geiff ech dem Film nemmen eng maximal Bewertung vun 6.7/10 gin, fier mei feelt dem Film awer un allen Ecken na bessen.



1 Kommentar:

  1. gei den film Planet der Affen kuken deen ass gudd :)

    Heinze

    AntwortenLöschen