Mittwoch, 11. September 2013

Déi nei iPhones sin do... schon rem.

Apple huet gëschter also neess hier nei Gamme vun Handys viergestallt, a wéi sou oft gëtt ëm déi ominéis Präsentatioun en décken Ramba-Zamba gemaach. Bis fieru Kuerzem war dësen Ramba-Zamba och guernet mol sou onberechtegt, sierf et well se eppes völleg Neies viergestallt hun, oder well se mat neien Designs vun aalen Produiten, souwéi mat Hardware-Opbesserungen gepunkt hun; mee den Trend deen sech Apple mat den iPhones gesaat huet ass dann awer éischter fragwürdeg.

Verstidd mech net falsch, daat hei gëtt lo keng Haass-Tyrade géint Apple, schliesslech sin ech e grousse Fan vun hierem OS X Betriebs-System, an am Allgeméngen och vun hiere Computeren, mee daat waat do gëschter oofgeliwwert gouff huet fier mech d'Faass zum iwwerlaafe bruet. Als kuerzen Resumé waat gëschter geschitt ass: se hun den neien iPhone an 2 Varianten présentéiert: den iPhone 5S an den iPhone 5C. De 5S ass daat waat se säit dem iPhone 3 ëmmer
maachen: eng méi séier a besser Versioun vu sengem Viergänger. Den "C" vun "5C" steet fier Color, an net fier Cheap, wéi vill Leit gemunkelt haaten. A genee do läit fier mech den essentiellen Problem.

Apple huet natierlech vill Fans glécklech gemaach andeems se den iPhone ENDLECH am faarwegen rausbréngen, an soumat eppes maachen waat den klengen schwaarz-Aarbeschter der fier 15 Euro an engem klengen Buttik maache konnt. Ech hun och näicht dogéint dass den Handy lo faarweg ass, ëm Gottes Wëllen net; lo leeft winnstens net méi ALL Lëtzebuerger mat deem nemleschten Telefon duerch d'Géijend - mëcht stéiert d'Manéier an der se daat Ganzt lo rem opzéien. Fier mech kënnt et neemlech genee sou riwwer:

"Hey alleguer, lo passt mol gudd op! Mer wëssen dass den iPhone a leschter Zeit e bëssen onfäheg wierkt nierft aaneren Smartphones, dofier hu mer eis bei dësem brandneien, revoltionéirenden an nach nie erbléckten Design vun engem Telefon geduet dass mer dee Réckstand rëm ophuelen! Eist 3'000-Mann staarkt Team huet sëch zesummegesaat an ass op déi brilliant Idee komm, ierch eppes fier den iPhone unzebidden waat et fier den iPod an amfong all eis aal Produiten schon eiwegkeete gëtt, an Ierch daat ze verkaafen wéi wann et eng Welt-Neiheet wier; den iPhone gëtt et lo a ganzer 5 verschiddene Faarwen, wouvun eng mol keng Faarw ass, ass daat net super???! A mer frooen och just 100 Dollar manner dofier, well dei 20 Gramm Metall déi mer eis bei der Produktioun spueren io och 100 Dollar wert sin!"


Bon, vläit ass et net genee sou oofgelaaf, awer vill aanescht kann et net gewiercht sin... vläit gouff sëch nach d'Froo gestallt "Hmm, wéi kënne mer mat méijlechst wéineg Kreativitéit an den Logo-Faarwen vun eisem Konkurrent am meeschte Suuen maachen?" Lo fehlt just nach dass eng Faarw méi deier ass wéi eng aaner, dann ass alles perfekt. Zum iPhone 5S sooen ech näicht, ech hu mech domat ooffond dass sie aus engem Produit der 2 maachen, mat Hëllef vu klengen Ännerungen, déi den Allgeméng-Benotzer net mol bemierkt, well Facebook, Instagramm an 9gag net wierklech Ressourcen-opwendeg sin.

Allgeméng sin ech zimmlech enttäuscht vun Apple a leschter Zeit - hiert Motto (waat een am "Jobs"-Film oft genuch un de Kapp geheit kritt), neemlech dass se wëllen Produiten wëlle maache fier déi Leit déi aanescht denken, a méi kreativ sin, gëtt sou gudd wéi guernet méi verfollëgt - schliesslech passen se den iPhone io ëmmer méi un d'Gesellschaft un sou dass och méijlechst vill Leit e benotzen... Kuerz: et geet nëmmen nach em Suuën an daat suckt mëch, an ech ferten dass d'Computeren an nächster Zeit och de Bierg werten oofgooen, wubei ech natierlech hoffen dass daat net sou ass!


Daat waren meng Gedanken zum iPhone 5C - bleiwt just nach ze sooen dass ech heimat net sooe wëll dass jiddereen deen en iPhone 5C keeft domm ass, ech wollt just ausdrécken wéi domm ech daat Ganzt fannen!

bis dohin,
stay tuned.



4 Kommentare:

  1. Ech sin ganz denger Meenung, mee dass du do di selwecht Meenung hues wi ech, wonnert mech extrem.
    Du bass selwer groussen Apple-Fan, dat wees ech scho laang, mee ech froen mech wisou der elo eréicht opfällt dass Apple d'Leit veraascht?
    Dëse Post hei, dee mecht fir mech absolut kee Sënn, vue dass de doheem e fetten iMac stoen hues, deen dat duebelt vu mengem Pc kascht huet, an grad emol 75-80% esou stark as?

    AntwortenLöschen
  2. Moien
    Här Laurent David bitt prêt zu l ' international. mat engem kapital soll d ' senegalesesche vun krediten tëscht privatpersounen kuerz-a laangfristeg vun 5000 bis 5.000.000 euro op all persounen, déi ernsthafte well an feststellungen op der ganzer reeller faq :

    - Prêt finanziell
    - Immobilien-prêt
    - Investitionsdarlehen
    - Auto-prêt
    - Perséinlecht prêt

    et steet d ' zufriedenheit vum clienten zu maximal 48 Stonnen no agank ärer ufro-formulaire finanzielle.

    E-mail : investsarlcredits@gmail.com
    E-mail : investsarlcredits@gmail.com

    AntwortenLöschen
  3. Moien
    Här Laurent David bitt prêt zu l ' international. mat engem kapital soll d ' senegalesesche vun krediten tëscht privatpersounen kuerz-a laangfristeg vun 5000 bis 5.000.000 euro op all persounen, déi ernsthafte well an feststellungen op der ganzer reeller faq :

    - Prêt finanziell
    - Immobilien-prêt
    - Investitionsdarlehen
    - Auto-prêt
    - Perséinlecht prêt

    et steet d ' zufriedenheit vum clienten zu maximal 48 Stonnen no agank ärer ufro-formulaire finanzielle.

    E-mail : investsarlcredits@gmail.com
    E-mail : investsarlcredits@gmail.com

    AntwortenLöschen