Sonntag, 29. September 2013

Déi éischt Woch Uni

Wéi versprach de Resumé vun deem waat ech op menger Filmschoul erliewt hun, et sin e Puer Dommheeten dobäi an natierlech och déi eng oder aaner serieux Saach, vill Spass!

Daag 1 - Méinden, 23.09.2013

Laut Plang soll et um 9:45 lassgooen mat der Wëllkommensried vum Häer Direkter an all deenen aanere wichtege Leit. No engem Bléck op d'Auer um 10:15 ass et dann och domat lassgaangen - wéi erwaard an scho bekannt vu menger aaler Uni huet den Direkter eis alleguer frëndlech begréisst an eis dann domat konfrontéiert wéi wichteg et ass sëch drun ze gin. Vun senger Ried huet mech de Fakt dass nëmmen 87 vun iwwer 500 Schüler et gepackt hun ugeholl ze gin awer am meeschte faszinéiert; schliesslech heescht daat dass an deem Salle sougudd wéi keen Blani sëtzt dee vun näicht eng Ahnung huet! Duerno kruuten mer eise Stonneplang fier déi éischt Woch ausgedeelt, an op eisem (der Sectioun "Image" hieren) waren do als éischt mol 4 Stonnen fräi ugesoot - perfekt fier Leit kennen ze léieren a gemiddlech eppes ziessen.
Den éischte Cours vun eisem Studium war leider relativ enttäuschend... et war "Sociologie générale", e Fach daat ech mer wierklech net erwoad hätt bei menger Studienrichtung, mee bon, et war awer relativ intressant an manner langweileg wéi et sëch unhéiert, waat och doru läit dass de Proff richteg fäin an oppe war!

Daag 2 - Dënnsten, 24.09.2013

Aaah, endlech hun ech e Fach daat ech och studéieren, neemlech "Techniques du cadrage", also quasi e ganze Cours deen sëch domat beschäftegt wéi een säi Bild opbaue soll, a fierwaat - genial! Eise Proff (deen, wéi ech fannen, dem Steve Jobs ähnelt) huet en extrem cool opgebaute Cours mat Tonnen u Videomaterial aus diversen Filmer aus allen Zäiten. Enplus stellt heen immens vill Frooen an d'Klass (waat bei enger Klass vun 26 Leit och gudd méijlech ass), sou dass de Cours net langweileg ass an amfong zimmlech interaktiv! Sou wierklech vill bäigeléiert hun ech an dësem éischte Cours nach net, waat awer doru läit dass ech duerch meng 5 Jooër Uelzechtkanal eng wierklech gudd allround-Ausbildung hun, trotzdem war de Cours super intressant! Ajo, iwwregens, ech sin en Emwëe vun ca. 2 Kilomater getrëppelt fier bei dësen Auditoire ze kommen an sin soumat nach baal ze spéit komm... hoppla!
No dësem 4-Stënnege Cours ass et direkt mat "Histoire du cinéma" weidergaangen, engem weideren sensationell coolen an intressantem Fach. De Proff, de warscheinlech gréisste Chaot vun der Welt, ass super sympatesch an huet ALLES waat hee gezielt hun mat Bild/Film-Material ënnerstëtzt. Vu dass et eisen éischte Cours bei him war huet heen eis um Schluss einfach mol locker lässeg en Documentaire vun enger Stonn iwwert d'Frères Lumière gewissen (quasi d'Erfinder vum Kino). Dësen Daag huet insgesamt en grousst Grinsen bei mer herviergeruff - wann de Studium sou weidergeet, da sin ech einfach am Paradis!

Daag 3 - Mëttwoch, 25.09.2013

Alt rëm huet sech mein EXCELLENTEN Orientéirungs-Sënn bemierkmar gemaach, an sou sin ech 15 Minuten ze Fouss getrëppelt fier vun A op B ze kommen, obwuel et ganz genee 20 Meter waren. Daat läit awer dorun dass ech de Mass-Stab op der Koat net gesin hun, deen neemlech "10cm = 200 Meter" ass; doduderch sin ech gekonnt laanscht den Auditoire gelaaf an hun en méi mat Zoufall fonnt - mee egal, lo weess ech io wou en ass! Iwwregens war de Cours deen ech baal net fonnt hun de Mathescours. Als Ex-Mathestudent ass et baal onnéideg ze sooen dass ech dem Cours-Inhalt meilewäit vieraus sin, an mer sou amfong keng Gedanke brauch ze maachen dass ech deen Examen packen. (Iwwregens war ech dee beschten am Science/Mathe-Test fier ugeholl ze gin :D ). De Proff huet ausserdem e klengt Spill agefouert: ëmmer wann een e Fehler un der Tafel fënnt, da kritt een ee "Punkt", a ween um Schluss vum Semester am meeschte däer "Punkten" huet, dee kritt Béier geschénkt... sensationell!
Weider ass et mat "Histoire des arts plastiques" gaangen - ee Fach mat deem ech mëch nach muss ufrënden... zumindest huet dei 2-Stënneg Introductioun mer net immens gudd gefall, mee vläit bessert sëch daat io nach! De Cours vun "techniques du son" ass leider ausgefall, mee als Student vun der Sectioun "Image" war ech net all ze traureg doriwwer ;).

Daag 4 - Donnëschten, 26.09.2013

Dëst ass de leschten Daag vun der Woch, vu dass den 27.09 den Daag vun der "communauté française" ass, an sou all Belge Uni op der Franzéisch geschwaat gëtt, fräi huet. Mee egal, et war e coolen Daag, bestooen aus ganz genee 2 Coursen, mat jeweils 4 Stonnen. Den éischte Cours (fier deen ech den Auditoire schon rëm net fonnt haat, an wou ech suguer ze spéit komm sin) war "Techniques du reportage". E wierklech frëndleche Proff huet eis do laang a breed, an all Detail erkläert wéi een eng Reportage (zimmlech basic awer) opbaut, an op waat ee beim Filmen soll oppassen. Als eenzegen (!!) aus der ganzer Klass dee schon eng Kéier sou eppes gemaach huet (merci UK) konnt ech mäin schlechten éischten Androck als Retardataire zimmlech séier guddmaachen andeems ech mat Wëssen geglänzt hun. Als Belounung dierft ech duerno dem Proff hëllefen déi 6 fonkelnei Full-HD-Kameras auszepaaken an anzestellen, an als Alleréischte vun der ganzer Klass ze probéieren  awesome!
Och beim zweete Cours "Techniques du montage" konnt ech glänzen, alt rëm, dank dem Uelzechtkanal! Nodeems jiddereen e puer Frooen no der Erkläerung vun de Basis-Funktiounen vum Programm stelle konnt, hun ech dann och e méi spezifesch Saache gefroot, wouropshin de Proff mech gefroot ob ech schon Erfahrung hun. No menger Änfert "jo, 6 Jooër" huet hee mech vum Cours délibéréiert, an ech haat d'Wiel einfach schon heemzegooen, oder deenen aaneren ze hëllefen -  ech hun daat Zweet gemaach an mer sou direkt mol e puer weider Kollege geschaaf.

Fazit vun der éischter Woch:

Alles an Allem war et eng deck gäil Woch! Ech hun vill Saache erkläert kritt déi ech zwar scho kannt hun, mee net sou am Detail, ech hun direkt e gudde Grapp Kollege kenne geléiert, an ech hu mech richteg wuelgefillt! Fierun allem hun ech gemierkt dass déi 5 Jooër am Uelzechtkanal mer wierklech e grousse Viersprong gin hun, an dass daat amfong déi bescht Vierbereedung war déi ech hätt kënne kréien! Ech si gespaant wéi et weider geet... daat gidd der dann nächste Sonnde gewuer!

bis dohin,
stay tuned.



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen