Sonntag, 25. August 2013

Movies: Kick-Ass 2

Kick-Ass 2 - by Jeff Wadlow

Infosite mat Traileren a Biller

3 Jooër ass et hier dass ech an de Kino gaange sin an mer schon am Parkhaus 2 Dudes entgeint gespronge koumen an ganz enthousiastesch "KICK-ASS" gebläert hun an dobäi wëll rondremgesprongen sin - wéi ech 2 Stonnen duerno festgestallt hun: net fier näicht! Kick-Ass huet sech sou séier wéi keen aaneren Film zu engem vu mengen absoluten Favorite-Filmer entwéckelt. Em sou begeeschtert war ech wou lo endlech den zweeten Deel vun dëser eepescher Saga rauskomm ass... an ech war NET enttäuscht!


Wann een den Trailer kuckt mierkt ee séier: an dësem Film wert et abgooen! Nodeems de Kick-Ass am éischte Film fier vill Opreejung gesuergt huet an sëch vill Fans gemaach huet, hun sech ëmmer méi Leit zesummefonnt fier och e "Superheld" ze gin. Wéi een sech scho baal denke kann spillt de "Chris d'Amico", deem am éischten als "Red Mist" bekannt war, och rem eng Roll, an mëcht et sech zum Ziel de Kick-Ass an all seng Asskicking Kollegen auszelöschen, also emzebrengen.


Kléngt io scho mol net schlecht, fannt der net? Eleng op den éischten Bléck bidd de Film schon eng gudd gefëllten Action-Story; mee halt - do ass méi! Wärend all deem Superhelden-Recruitéieren geet et dem Mindy (d'Hit-Girl) net sou gudd well et verbuede kritt sëch weiderhin als seng Superhelding auszegin - duerch dës Bestroofung vu sengem "Papp" léiert de Kick-Ass an seng Trupp réicht de richtege Wert vun him kennen! Mee genuch zur Story, et gëtt nach genuch daat der musst gesin!

Filmesch gesin ass de Film net grad sou innovativ wéi den éischten Deel - mer hun e Puer vun deenen "wéi gäïl war déi Kameraféirung lo grad?!" an "wéi eepesch ass dei Musik?!"-Momenter, wéi ech se am éischten Deel haat, gefeelt... trotzdem ass de Film ëmmer nach genial ze kucken, an 2-3 nei cool frësch Elementer peppen daat Ganzt och nach op!


Doduerch dass souvill nei Helden (an och Bösewichter) am Film sin gëtt et natierlech vill méi ze kucken an ze bestaunen, sierf et vun de Kostümer oder vun de Waffen an Gadgets déi di eenzel Helden hun, waat daat Ganzt einfach rëm zu engem Freedefest fier d'Aaen mëcht. Entertained ass een also op jiddefall an dësem Film, an och deen een oder aaneren Witz ass gudd platzéiert, genee wéi mer et aus dem éischten Deel kennen.

Wéi ech scho soot feelt mer bëssen d'Innovatioun beim Film - et sin net méi sou vill eenzegarteg Tricker an Shots dran wéi am éischten Deel, mee daat ass absolut net schlëmm! Ech hu mech gudd amüséiert an e kënnt op alle Fall noo un deen éischten Deel run - e würdegen Noofolger also! Ech gin dem Film 7.7/10 op der berühmter Ulmerich-Skala an muss lo mäi Sproch lassloossen deen ech mer dës Kéier ganz eleng ausgeduet hun: Kick-Ass 2 kicks asses too!

bis dohin,
stay tuned.




Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen