Dienstag, 13. August 2013

Movies: The Wolverine

The Wolverine - by James Mangold

Infosite mat Traileren a Biller

Marvel ass rëm do a bréngt eis op en Neits een vun hieren beléiwten Superhelden op déi grouss Leinwand; dës Kéier ass et de Wolverine! Fier déi wou et net wëssen: de Wolverine ass amfong e Mënsch mat Schanken aus Adamantium an der Fähegkeet messerschaarf Krallen aus sengen Hänn kommen ze loossen fier domat seng Géijner auszeläschen. An dësem Film geet awer drëm fier him genee dës Eegenschaften ze klauen:


Waat op den éischte Bléck wéi en actiongeluedenen eepeschen Film ausgeseit, entpuppt sech leider zimmlech séier als net grad sou gudd wéi erhofft. Mee lo mol alles der Reih no: de Film huet eng gewëssen düster Atmosphere, wouduerch een schon vun Ufank un (fier de Fall wou een den Trailer net gesin huet) erahne kann dass ierjendeppes net gudd ausgooe wert, beziehungsweis dass ierjendeppes lusch ass. An genee do mëcht de Film eppes waat ech net leide kann, an waat mer och schon beim drëtten Deel vum Nolan senger Batman-Trilogie op d'Nerve gaangen ass: den Haaptpersonnage ass an enger Art Depressioun an huet eng "alles ass Schäiss, ech wëll normal sin, loosst mech a Rou"-Attitude.

Verstidd mech net falsch, dëst ass en gudde Wee fier dem Personnage säi Progrès duerch de Film ze verdeitlechen, mee gleichzeiteg ass et awer och immens ermiddend! Doduerch dass sou Szenen mat der genannter Attitude oft am däischteren Spillen, gëtt een immens séier midd an genervt, an et waard een drop dass dach endlech mol eppes anstänneges soll geschéien.


Ierjendwann kritt de Film awer d'Kéier an bidd dem Zuschauer deen een oder Aaneren spannende Kampf oder Duell, déi dann och zimmlech cool sin. ("Spoiler" : dei Szene um Zuch ass zB gäil). No e puer klengen Momenter fier rëm op ze ootmen geet de finalen Showdown dann endlech lass, an sou sin déi lescht 20 Minuten randvoll mat Spannung an Action, wubai ech fannen dass dëse Kampf mat ee vun den "langweilegsten" war dee Marvel a leschter Zeit bruet huet.



Lo huet daat Ganzt hei natierlech relativ negativ geklongen; sou schlëmm ass de Film dann awer och rëm net! En ass gudd gemaach, wéi mer daat metlerweil vu Marvel gewinnt sin, an den 3D war och ganz anstänneg. Der musst awer op alle Fall bei de Credits 1 Minutt sëtzen bleiwen, do kënnt neemlech nach eng Szene déi engem e bësse Freed bereede kann. Normalerweis kënnt der dei Szene awer net verpassen well de Kino d'Luuten réicht duerno umëcht! Ech gin dem Film 6.4/10 op der berühmter Ulmerich-Skala a géiff sooen dass een mat "Now You See Me" besser drun ass, mee als Marvel Fan kann een e roueg kucke gooen!

bis dohin,
stay tuned.



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen