Mittwoch, 28. August 2013

Haut war e gudden Daag

Haut war e gudden Daag, an daat obwuel ech mer gëschter Owend baal an d'Box gepisst hun aus Angscht fierun deem waat haut alles kéint schief gooen! Haut war neemlech den éischten Daag vun Zwee op deem ech 2 Prüfungen fier eng eventuell nei Uni (d'INSAS, eng Filmschoul) maache misst.

Déi éischt Prüfung war haut de Mueren um halwer 10, nee um halwer 9, nee awer um 9!!! Do war schon den éischte Problem: ech kruut 2 eMails, an der enger steet dran dass den Test um halwer 9 ass, an der aanerer steet halwer 10. Doriwwer raus stoung um Internet-Site 9 Auer - Resultat: ech war um halwer 8 do, fier op Nummer sëcher ze gooen! (Ok, ech haat net geduet dass et SOU séier mam Metro geet, Google huet mech ugelunn!). Den Test huet dora bestaan dass mer e (relativ langweilechen) Film gewissen kruuten an duerno en zimmlech grousse Questionnaire iwwert de Film missten ausfëllen, fier eist Film-Wëssen ënner beweis ze stellen - alles an allem hun ech e gudd Gefill, zumindest wosst ech iwwerall direkt eppes ze schreiwen, ausser bei der Froo "soo mat GENEE 10 Wieder waat den Director mam Film ausdrécke wëll, an wéi en daat fäerdeg bréngt", ech mengen déi hun ech eiskaal verfehlt. Ech hun zwar 10 Wieder, mee ierjendwei ass et onméijlech 2 Frooen an engem klengen Saatz ze beänferen, fierun allem wann "n' " als 1 Wuert gëllt :/

Eng Stonn duerno ass et em e prakteschen Test gaangen. Grav resuméiert war et sou: "Hei hueste e schwaarz/weiss-Film mat 400 ISO, lo hueste 3 Stonnen Zäit fier op eng Plaatz ze gooen an 24 Fotoen vun der Plaatz ze maachen, merci eddi". Och daat ass VILL besser verlaaf wéi ech gefaart haat - stellt sech raus dass sou e Fotoapparat mat Péllicule schon ierjendwei cool ass :D Lo bleiwt just nach ze hoffen dass sie meng Fotoen gudd fannen, an mech würdeg haalen an dei nächst Ronn ze kommen!

Moa steht dann den "perséinlech Frooen"-Questionnaire an den "Mathe, Physique, Optique, Electrique, Logique"-Test um Programm (Ja, alles an engem Test) - daat misst normalerweis kee Problem sin :)

bis dohin,
stay tuned.



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen