Mittwoch, 14. August 2013

Eng nei Achterbunn!

Dëst Jooër fënnt déi 673st Editioun vun der alljähreger Schueberfouer statt, an domat zéien fier knapp 3 Wochen eng ganz Rëtsch un Spillstänn, Achterbunnen, Friessbueden an aaner Attraktiounen op de Glacis-Parking! (klengen Pro-Tipp vu mer: verhaalt äerch déi Zuel 673! Meeschtens kann een en Fouer-Carnet gewannen wann een d'Froo, déi wéivillt Fouer et ass, richteg beänfert!) All Jooër rëm héiert een um Radio dass iwwer 200 Stänn do sin, an dass am Duerchschnëtt iwwer 2'000'000 Besicher empfaange gin, net schlecht fier sou e klengt Land wéi mer et sin! Nierft den Séissegkeeten an mengem traditionellen Bummel duerch "d'Strooss mat de ville klenge Stänn", wou een allerhand Saachen ze kaafen kritt déi een net brauch awer onbedingt wëll, zidd mech all Jooër amfong nëmmen nach den "Airmaxx" op d'Fouer, wubäi och deen metlerweil "langweileg" gin ass!


Dëst Jooër soll io dann anscheinend eng nei Achterbunn op d'Fouer kommen, an angeblech sin se schon umgaangen se opzeriiten! Et gëtt vun enger Achterbunn geschwaat, bei der een d'Féiss fräi huet, also quasi wéi d'Black Mamba aus dem Phantasialand. En plus gëtt am Radio vun enger "mobiler Achterbunn" gezielt, waat daat awer genee ze bedeiten huet, kann ech mer schwéier vierstellen. Op alle Fall gouff versëchert dass d'Gondel an der een dra sëtzt mat bis zu 45 km/h fuere wert, waat amfong net sou brilliant ass, mee de Fakt dass déi besoote Gondel och nach dréint mëcht daat Ganzt schon rëm e Stéck méi cool! Eng Affaire à suivre!

Da sin ech mol gespaant waat d'Fouer dëst Jooër ze bidden huet - warscheinlech maachen ech och e klengen Bericht iwwert d'Fouer am Allgemengen, an ech probéieren déi nei Achterbunn mat der GoPro ze filmen :D

bis dohin,
stay tuned.



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen