Donnerstag, 8. August 2013

Een onfrëndleche Bréiff!

Haut hun ech Post kritt! Ja, den aachten August, an NËMMEN den aachten August, ass deen Daag am Jooër wou ech Post kréien, a soss op kengem aaneren Daag ;). Ënnert deenen honnertdausenden vu Bréiffer an Rechnungen war dann och e Communiqué vun der BGL BNP Paribas, der ech op dëser Plaatz ganz frëndlech wëll matdeelen dass ech mëtlerweil awer eng GoPro hun. An deem besooten Communiqué war meng nei VISA-Kaart, vu dass meng aal dëse Mount oofleeft.

Mee well een sou eng Kaart net einfach sou iwwerreescht kritt, stoungen nach e Puer Sätz um Pabeier fier mer dës nei Kaart feierlech ze iwwerreegen, an daat a ganzen 3 Sproochen, a keng dovun war Portugiesesch - et war Franzéisch, Englesch an Däitsch. Waat daat mam Titel vum Post zedinn huet? Daat kënnt lo:

Op Franzéisch fänkt d'Iwwerreeschungs-Ried sou un:
"Nous avons le plaisir de vous faire parvenir votre nouvelle carte VISA." etc
Op Englesch leeft d'Spillchen ähnlech:
"We are happy to enclose your new VISAcard." etc

Wéi ee mierkt, freet sëch d'Bank richteg a mat vollem Plaiséier mer déi Kaart ze schécken... wier do net déi Däitsch Iwwersetzung:
"Anbei finden sie ihre neue VISA-Karte." etc

Wou em alles an der Welt ass bei der Iwwersetzung déi ganz Freed an Frëndlechkeet higaangen? Dëst huet dozou gefouert dass ech mer daat a mengem Kapp viergelies hun wéi wann et sou do stooe géing: "ANBEI FINDEN SIE IHRE NEUE VISA-KARTE!!", an daat mat enger Stëmm déi un engem Monsieur inspiréiert ass, deen an Däitschland net allze Wëllkomm ass...

Soit, ech hu mer geduet et wier witzeg daat mat Ierch ze deelen... Ech hun iwwregens en neien Sketch-Video a Planung, ech muss just nach e Puer Klengegkeeten ausbesseren an dann filmen ech daat :)

bis dohin,
stay tuned.



1 Kommentar: