Mittwoch, 21. August 2013

Movies: The Lone Ranger

The Lone Ranger - by Gore Verbinski

Infosite mat Traileren a Biller

The Lone Ranger gëtt io lo schon eng gudd Zeit iwwerall op der Welt promoted, an endlech leeft en och bei eis. Ier ech en gesin hun, hun ech déi verschiddenst Meenungen iwwert de Film héieren; déi eng hun de de Film gehaasst, déi aaner hun e richteg flott fonnt - allerdéngs hun déi negativ Meenungen d'Iwwerhand gehaat. Dorops hun ech mer geduet dass ech mer daat selwer muss ukucken, an ech muss sooen: ech verstinn déi 2 Parteien!


De Film verleeft e bëssen noom typeschen "gudd géint béis" Schéma an erfëllt deen een oder aanerer Cliché deen dëst Thema mat sech bréngt - daat ass awer net onbedingt en negativen Punkt, daat weist awer just drop hin dass villes am Film vieraus ze gesin ass, waat em e Bëssen u Spannung hëllt. Den Tonto, dem Johnny Depp säi Personnage, dee metlerweil en aale Mann ass, zielt déi ganz Geschicht engem klenge Jong, waat een ab und zu wärend dem Film vergësst, mee genau doran leit e klengen Detail, fannen ech, deen een net vergiessen däerf, mee dorop kommen ech nach zréck.

D'Kulissen vum Film erënneren un déi klassesch Western mam John Wayne; schliesslech gouff en Deel vum Film io och genee do gefilmt wou dës aal Klassiker gefilmt gouffen - am Monument Valley, wou ech fierun knapp engem Mount nach war. Och vum Décor hier ass de Film stëmmeg, de Problem deen ech allerdéngs gesin ass d'Matwierken vun Disney un dëser Produktioun; ze oft am Film mierkt een dass de Film vun Disney ass, an sou kënnt et méi wéi eng Kéier vier dass matten an enger serieuxer Szene oder enger Action-Szene op eemol eppes witzeges geschitt, waat fier mech en totalen Stëmmungskiller ass. (ähnlech wéi bei Iron Man 3 wou um Schluss och nach eppes "schief" geet, matten am Kampf)


Nierft deenen onéidegen an méisseg lustegen Witzer ass nach en aaneren Aspekt am Film dee mech gestéiert huet: verschidden Aktiounen an Szenen wierken einfach total iwwerdriwwen an orealistesch, an daat zu engem Iwwermooss dass een sech denkt "hm, daat war lo blöd" - gleichzeiteg kënnt hei awer den Detail an d'Spill dass den Tonto d'Geschicht erzielt, an sou quasi eppes fräi dobäi erfannen kann, bzw. eppes iwwerdreiwe kann. (ähnlech wéi beim Spill "Telefon" daat mer alleguer kennen).

Alles an Allem ass de Film op kee Fall schlecht, an ze sooen dass en "dee schlechsten Film ever" ass, ass och komplett iwwerdriwwen. Et ass halt en Familien-Film vun Disney am Western-Genre bei deem een heiansdo en Aa zoudrécke muss wann een en mat Rou genéisse wëll. Trotzdem ass et och kee Meeschterwierk daat an d'Filmanallen wert agooen, an sou ass et op der berühmter Ulmerich-Skala fier eng 6.1/10 duergaang! Mee fier wierklech ze wëssen wei de Film sou ass, musst der en wuel selwer kucke gooen!

bis dohin,
stay tuned.



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen