Sonntag, 11. August 2013

Movies: Despicable Me 2

Despicable Me 2 - by 

Infosite mat Traileren a Biller

Despicable Me 2, de Film mat der wuel gréisster Werbe-Campagne säit 100 Jooër leeft lo schon eng gudd Zäitchen hei am Land, a kënnt bei Jonk an Aal gudd un. Net nëmmen ass den Internet voll mat witzege gifs, Biller an Videos vun de klengen gielen Minions, mee et kënnt suguer souwäit dass an den USA Hydranten ugemoolt gin, an Schëlder mat Dimensiounen vun 15 op 15 Meter Reklamm fier de Film maachen. Mee ass deen Hype et derwert? Menger Meenung no: jo!


Wou den éischten Deel, deen iwwregens och schon immens witzeg war, fierun 3 Jooër rauskomm ass waren sech d'Schaaferen wuel nach net ganz bewosst dass sie mat deene klengen gielen Männercher en neien Favorit fier de Spectateur krééiert hun! An genee dësen Trend hun se ideal an den zweete Film agebaut! De Film weist vill méi vun de Minions wéi den éischten Deel, an sie sin net méi den "heemleche Star" vum Film - se si suguer, als Kollektiv, een vun den Haaptpersonnagen gin! D'Minions zeechent, nierft hierer witzeger Sprooch, en gewëssenen "dommen" Humor aus, dee riitraus ouni vill Schnickschnack de Witz bréngt.

Bon, dësen Humor muss een zwar gäeren hun, mee ech behaapten mol dass et relativ schwiereg gëtt net op mannst 1 mol ze schmunzelen bei all deem Blödsinn deen sie opféieren. Natierlech huet de Film och eng, méi oder manner transparent Story; wëll heeschen dass een sech schon zimmlech fréi denke kann wéi de Film ausgeht, mee ass daat net bei sou zimmlech all Animatiouns-Film sou? Daat stéiert och net weider well eben riit duerch Witzer an Easter-Eggs verstoppt sin.

Och ouni den éischte Film ze kennen, kënnt ee gudd noo, schliesslech ass d'Story net sou dermoosse komplex; trotzdem geiff ech rooden den éischten Deel fierdrun ze kucken, well soss kéinten engem, nierft all deenen onméijlechen Erfindungen an physikaleschen Onméijlechkeeten, verschidden Saachen onlogesch vierkommen. Mee och wann een dee Rood net befollëgt, wert een mat Sëcherheet gudd laachen kënnen!

Wann een d'Wiel tëscht "Monsters University" an "Despicable Me 2" géiff ech eis kleng giel Kollegen recommandéieren. Deen aanere Film ass zwar och witzeg, mee dësen leet nach eng Schëpp drop an mëcht aus de Schmunzeler vun de Monsteren, en hoart Oplaachen! Dofier gin ech dem Film 7.9/10 op der berühmter Ulmerich-Skala!

bis dohin,
stay tuned.



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen