Donnerstag, 22. August 2013

Luca's Corner: Rammstein @ Rock Werchter 2013

Enn Juni oder Ufank Juli fennt säit den 70er Joëren an engem klengen Duerf mat ronn 3000 Awunner am flämeschen Deel vun der Belsch all Joër en Festival statt, den Rock Werchter.
Dëst Joër woren d’Headliner Green Day, Blur, Editors, Depeche Mode an last but not least Rammstein! Vu dass ech onbedingt nach eng Kéier Rammstein wollt gesin éier sie an eng länger Paus gin, hun ech mer direkt am November en Dagesticket fir den 3ten Dag vum Festival besuergt. No méi wéi engem halwen Joër war et dann endlech sou wäit! Et war Samschdeg, den 06. Juli, an d’Wieder war perfekt: sonneg an Héchsttemperaturen em 27°C. An puncto Organisatioun vum Festival gett et net vill Negatives ze zielen, ausser dass et beim Verloossen vum Festivalpark noom Concert zu engem gréisseren Stau mat 10.000en vun Menschen koum, bedingt duerch alkoholiséiert Leit déi sech einfach mol matzen an d’Strooss gestallt hun fir ze diskutéiren. Soit, kommen mer endlech zum musikaleschen Deel.
Zesummen mat 3 Kollegen hun ech mech géint halwer 9 ca. 10 bis 20 m virun der “Main Stage” positionéiert, an déi Plaz war wieklech quasi perfekt: net ze no an net ze wäit eweg, sou dass een déi ganz Bühn gudd am Bléck hat!

Virun Rammstein huet nach Volbeat, souzesoen als Virband, tëschent 9 an halwer 11 gespillt an d’Leit gutt animéiert (een Circle Pit nom aneren an eisem Eck!). Gerockt hun se op alle Fall, an et war en definitiv en gäilen Warm-Up! Mä dono huet een nach missen 1 laang Stendchen emkréien, mat gehierlosem Duuscht an enger infinitesimaler Ongedold! Während déier Period gouf op der Bühn den Light- an Soundcheck duerchgefouert, wouduerch d’Uspanung nach méi geklommen as. Kleng Randnotiz: déi ganz motoresch an pyrotechnesch Installatiounen goufen schon während der Nuecht op der Bühn duerchgefouert (Rammstein war mat ca. 20 Trucks ennerwee, vollgepaakt mat Bühnenmaterial). 
Um halwer 12 war et dann endlech esou wäit! Mä et huet schon mat engem klengen techneschen Patzer ugefaangen: een Deel vum Rideau gouf ob emol einfach erof geloss, sou dass een elo jhust en schwarzen Virhang gesin huet wou e bessen Damp eraus koum. Sie benotzen nämlech en 2-schichtegen Rideau, deen bei direkter Beliichtung duerchsichteg gett! Bon all ze schlemm war déi Pann net, vu dass et dono direkt mat den éischten Drumbeats lass gaangen as, mat engem synchronen Feierwierk hannert der “Main Stage”.


Den Opener war den SadoMaso-Song “Ich Tu Dir Weh”, den Sänger (Till Lindemann) gett op enger kräizförmeger Plattform mat Fonkereen vum iewegten Deel vun der Bühn erof geloss! Den Optakt vum Concert war schon mol gigantesch! Weider goung et dunn mat enger weiderer Fonkenexplosioun an dem 1ten Lidd vum 1ten veröffentlechten Album “Wollt Ihr das Bett In Flammen Sehen?”, wou et dann zum Schluss nach mat 8 vertikal no uewen geriichteten Flammenwerferen (déi op der Bühn installéiert waren an synchron mat den Musekbeats aktivéiert goufen) schon richteg warem gouf (siehe éischt Bild). Vu dass ech an desem Bericht net op all Effekt kann agoen, wärt ech e puer Highlights opzielen. Beim 6ten Lidd (Feuer Frei!) koumen déi spektakulär Gesiichtsmasken-Flammenwerfer zum Asatz an dono beim kannibalisteschen Song “Mein Teil” gouf den Keyboarder (Flake) zur Ofwiesslung mol nees an engem Kessel fir d’éischt mat engem moderaten Flammenwerfer an dono mat engem richteg fetten Flammenwerfer vum Till (verkleed als Metzler) “gegrillt” (siehe Video)!


Beim éiwegen Klassiker “Du Hast” gouf mat pyrotechneschen Effekter guer net gespuert: 6 grouss Flammenwerfer virun der Bühn an 4 Stéck déi op engem Gerüst iwert der Bühn hungen an no ennen geriicht waren hun sech während dem Lidd öfters ofgewiesselt, zousätzlech goufen nom Gesangssolo vum Publikum an der Mëtt vum Song Rakéiten gestart, déi en Aller-Retour an Richtung Bühnengerüst gemaach hun an zum Schluss dann nach eng Fonkenexplosiozun provozéiren (siehe Video)! Eng kleng Kuriositéit gouf et och: am Ufank vum Lidd wollt dem Lead-Gitarist (Richard) sein Mikro net wieklech funktionéieren, logescherweis koum direkt en Techniker vun der Band op d’Bühn gerannt fir den Problem ze léisen, mä deen gouf vum Till direkt verscheucht an heen huet dono nach eng Wasserfläsch an Richtung Techniker-Crew geschoss :D (keng Angscht, dat as typeschen Rammstein-Humor, sie hun sech dono rem all lieb).


Beim 15ten Lidd “Bück Dich” gouf et mol en zimlech gäilen instrumentalen Intro mat Flammenwerfer-Gitaren, an dono gouf während dem Lidd den Keyboarder Flake vum Sänger Till mat engem Dildo vun “hannen geholl” an huet zum Schluss an Form vun Pastis op den Public an den éischten Reihen ejakuléiert (natierlech eng Inszenéierung mat engem breeden ironeschen Spektrum)! Nom 16ten Lidd “Ich Will” koumen mer dunn an den Genoss vun enger Zugabe. Immnens positiv iwerrascht war ech vun der Piano Versioun vun “Mein Herz Brennt”: den Till an den Flake spillen en wonnerschéint Duett während dem ech eng Hingerhaut haat, zumols wann 60.000 bis 80.000 Leit zesummen “Mein Herz Brennt!” sangen... (siehe Video)
Eent vun den gäilsten Lidder vum Owend war definitiv “Sonne”! Eng Flamen-Orgie par excellence an en brennend Rammstein-Kräiz am Hannergrond vun der Bühn (siehe 2t Bild), einfach göttlech! No circa enger Stonn an 35 Minuten gouf den Concert mam Song “Pussy” ofgeschloss, also stungen insgesamt 18 Lidder um Programm wat fir Rammstein en gutten Duerchschnett as! Als Ofschloss hätt ech mir zwar léiwer “Engel” gewenscht, mä summa summarum war ech voll zefridden mat hirem Optrett.


Den ganzen Concert hat einfacheng gewalteg Intensitéit, d’Jongen war saugutt drop an et huet een richteg gemierkt, dass se nach emmer gehierlos vill Spass un deem hun wat se maachen, obwuel se schon baal 4 Joër op Tour sin!
An puncto Sound gëtt et nix ze meckeren, deen war wieklech top an zumols d’Drums haten richteg Pepp. Et war gutt ze héieren, dass den Drummer (Schneider) an denen leschten Joëren seng Art a Weis wéi en spillt kontinuierlech verbessert huet: intensiv, präzis an awer mat enger gewessener Lässegkeet! 
Alles an allem kann ech behaapten, dass mer dësen Open-Air Concert definitiv besser gefall huet wéi déi 2 Concert’en an der Rockhal am Januar 2010 an am Dezember 2011, wat definitiv duerch déi besser Stemmung um Rock Werchter bedingt war. Vun der Band-Performance hir waren déi 3 Concert’en vun hinnen, déi ech bis elo gesin hun, zimlech op engem nämlechten an immens héichen Niveau!


Ech sin mer op alle Fall bewosst, dass eng Partie vun den Leit mat der Band “Rammstein” net vill kennen ufenken, entweder well hinnen d’Musik net gefällt (instrumentalen an lyreschen Beräich) oder well se duerch d’Meenungen vun den Medien beaflosst goufen, mä dës Band huet definitiv méi ze bidden wéi een dat op den éischten Bléck mengen géif. Et muss een sech mat denen 6 sympatheschen Menschen beschäftegen, mat déier Geschicht déi hannert dëser Museksgrupp stécht wéi och mat der Lyrik. Wann een bis eng Kéier déi herrlech Ironie, den Sarkasmus, den groussartegen Humor an déi enorm Authentizitéit vum Konzept “Rammstein” entdeckt huet, dann kennt een eréicht an den Genoss vun dëser eenzegarteger Band ... 




1 Kommentar: