Dienstag, 30. April 2013

And the winner is...

... not me!
Leider ass d'Décisioun vum Gewënner net op mech gefall. Angeblech ass hinnen d'Décisioun awer wierklech schwéier gefall, an et géiff op kee Fall u mengem Talent leien; anscheinend passen ech net gudd genuch bei deen aanere Schauspiller! (Vu dass ech weess waat d'Roll ass, kann ech dës Rejectioun amfong als Kompliment gesin.. der wäert gesin ;) )

Soit, ech gratuléieren dem Randy deen d'Roll kritt huet, an soumat och d'GoPro, déi ech mer wierklech gewënscht hätt! Ech mengen sou no kënnt een enger Gratis GoPro nie méi, déi Chance hun ech da wuel verpasst. Egal, d'Liewe geet weider, an mat mengem Video (deen by the way 8 mol souvill Likes wei den Original op Youtube huet, an d'Viewerzuel gleich iwwerhällt) haat ech vill Spass an eng gudd Beschäftegung an der Vakanz! An och meng (ech kann et net oft genuch widderhuelen) 207 Likes waren e klengt Erfolgserlebnis, och wann daat schlussendlech allem Anschein no iwwerhaapt net mat considéréiert gouff...

Lo ass awer Schluss mat remmaulen an granzen, ab moa geet et hei rem mei normal zur Saach, an daat direkt mat enger Movie Review zu Iron Man 3!! Souvill kann ech scho mol verrooden: de Film ass eepesch :)
(sorry wann der weinst deem hei Bild op Facebook gemengt hudd ech hätt gewonnen :p Dee Spass misst ech mer einfach gönnen)

bis dohin,
stay tuned!



4 Kommentare:

  1. saudomm (also die typsen vun der bgl)

    AntwortenLöschen
  2. egalwaat... dei Video war 100 mol besser wei dei Aaner!! Zielt daat da guernet mat? -.-

    AntwortenLöschen
  3. dafuq? gin dem gurgen 16 rescht mega domm

    AntwortenLöschen