Dienstag, 2. April 2013

Movies: The place beyond the pines


The place beyond the pines - by Derek Cianfrance

Infosite mat Traileren an Biller

The "place beyond the pines" ass e Film mat ganz villen Facetten. Waat ee mei laang iwwert de Film noodenkt, waat engem emmer rem nei Saachen afaalen dei een aus deem Film matgeholl huet. Ech sooen scho mol am Vieraus dass mer de Film perseinlech immens gudd gefall huet, fierwaat steet dann lo an deenen 5 folgenden Abschnitter!

De Film fänkt, genee wei den Trailer, mat Circusbiller vum "Handsome Luke", gespillt vum Ryan Gosling, un an erkläert relativ séier an präzis d'Hannergeschicht dei hannert dësem Personnage stëcht. Sou gett een dann och zimmlech am Ufank gewuer dass heen e Bouff huet, vun deem heen bis dato awer nach neicht wosst. Doropshin entscheed heen sech seng Motorrad-Circus-Karriere opzegin, an wëllen fier sei Kand opzekommen. Wéi en daat mecht? Heen iwwerfällt mat Hëllef vun engem Kolleg Banken an deenen klengen Vieruerter, an schenkt en Deel vun de Suuen sengem Kand, beziehungweis der Mamm vum Kand.


Vu dass de Luke nach nie eng Bank iwwerfall huet, ass heen natierlech dobei zimmlech nervös, an hektech wann et drëm geet sech aus dem Stëbs ze maachen. A genee daat ass de Produzenten vum Film extrem gudd gelongen fier et riwwerzebrengen! Heibei gouff neemlech ganz vill mat freier Kamera geschafft, wëll heeschen dass d'Bild relativ wacklech an hektech ass, an daat fier net grad eng kuerz Zeitchen. Dei intensiv an realistech Verfolgungsjuegden rappen ee richteg mat, et fillt een quasi wei chaotesch sou eng Aktioun ass. (Falls lo een Loscht op sou e Genre Film kritt huet, deem kann ech "Cloverfield" nemmen wärmstens empfehlen!)

Ongefeier an der halschent kritt de Film en interessanten Twist, an et fänkt quasi eng nei Geschicht un, dei awer mat onzählechen Schnoueren mat der aanerer verbonnen ass, an doduerch en speziellen Laaf hëllt! Zumools an dësem Deel vum Film mierkt een dass all Aktioun dei e Mensch mecht, fréiher oder speider eng Roll wert spillen, waat menger Meenung no och de Message ass deen de Film vermëttele wëll. Vill mei kann ech net op de Film selwer agooen, well soss spoileren ech zevill.

Am Nachhinein ass mer opgefall dass an sech relativ weineg am Film geschwaat gëtt, am Verglach zu aaneren Filmer. Villes erkläert sech duerch prägend Biller oder duerch gudd agesaaten Mimik, an daat waat geschwaat gëtt, dréckt och mol eng Keier richteg vill aus. (Net wei een daat gewinnt ass aus aanere Filmer wou sënnlos ierjendwelch hallewschlau Sprëch an de Raum geworf gin). Donierft gëtt zumools an deenen dramateschen Szenen, menger Meenung no, ganz speziell an gudd ausgewielten Musik agesaat, dei daat ganzt harmonesch ennermolt.


Zesummefaassend haalen ech fest: "The place beyond the pines" ass en immens gelongenen Film deen net fierdrun zreckschreckt d'Realiteit ze weisen, an domat kriddelegen Themen wei d'Korruptheet an der Polizei, an den Drogenhandel unzeschwetzen. A wei scho gesoot weist en immens gudd wei verschidden Aktiounen, egal op grouss oder kleng, mei oder manner grouss Auswierkungen op de Présent an op d'Zukunft kënnen hun. Mer perseinlech war de Film mat enger Längt vun 140 Minuten en Tick ze laang, gleichzeiteg wéisst ech awer net wou genee een hätt kennen bëssen Zeit spueren, sou dass ech dem Film eng ganz gudd Wertung vun 7.4/10 op der berühmter Ulmerich-Skala gin.

Fier den Oofschloss nach en coolt Zitat aus dem Film:

"If you're gonna roll like lightning, you're gonna crash like thunder."




Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen