Sonntag, 28. April 2013

Casting! Muer!

Richteg gelies! Muer ass dee berühmte Casting vun der BGL BNP Paribas hierem Concours. Ennert all de Videos dei matgemaach hun, gouffen der 3 Stéck rausgesicht deenen hiere Maacher op de Casting gooen dierf, an do dann d'Roll fier dei nächst Sketcher gewanne kann, an nach uewendrop eng GoPro!

Blabla daat hudd der hei bestëmmt schon 100 mol gelies, ech kann et selwer scho baal nemmei héieren ;). Ee Bedenken hun ech awer: vu dass de Casting op Meindes geluet gouff, hun ech mer geduet dass et eventuell fier dei 2 aaner Kandidaten méi schwéier kéint dohin ze kommen, weinst der Schoul; wou ech dann nach gewuer gouff dass en um 12 Auer Mëttes um Kierchbierg stattfënnt (waat zoufälleg passt fier mech well ech dëse Meinden kee Cours hun), hun ech mer geduet dass d'Chancen dass dei 2 Aaner komme kënnen emmer mei kleng gëtt... schlussendlech ass se Null, dei 2 Häeren hun neemlech allen 2 konfirméiert dass se net komme kënnen.

Doropshin folgende Gedankegang: Wann et als richtege "Casting" gëlle soll, an nëmmen 1 vun 3 ageluedenen Leit optaucht, da kritt déi 1 Persoun io theoretesch d'Roll. Daat wier wei wann ee fier e Vierstellungsgespréich net géiff optauchen - Chance verpasst... Aanererseits gesin ech et awer och sou dass daat ganzt io net wierklech e Casting ass, vu dass sie sech schon 3 Leit rausgesicht hun an sech Live vun hiere Leeschtungen iwwerzeege wëllen, an soumat eventuell den Datum an d'Auerzeit réckelen?

Ech weess net weieng Versioun ech méi fair an/oder realistech fannen, waat denkt der? Schreiwt e Kommentar hei drënner, oder einfach op Facebook :)

Als Oofschloss nach e klengen Bléck an d'Zukunft:
An der kommender Woch erwoaden ierch ënner Aanerem de 4ten Deel vum Youtube-Guide (deen der btw enner dësem LINK nach eng Kéier zesummegefaasst hudd), eng Movie Review zum Film "Iron Man 3", e Guestpost vum Sam Flammang, an en Verglach tëscht Utopolis an Cinébelval!

bis dohin,
stay tuned.



1 Kommentar:

  1. Wier io wuel zimlech 0 wann bgl dat net geiff reckelen, wann se sech schon dmei machen 3 leit erauszesichen, wu dchance dass et schüler sin vun fier eran schon grouss as. Me bon, suguer an dem fall mengen ech dass du nach di beschten chancen hues, dei video war bei weitem de beschten an mengen net dass di aaner beemol talent iwer nuecht derzougewannen :P

    AntwortenLöschen