Mittwoch, 3. März 2010

#11: Lang lang ist's her!

Bonjour dir Dammen an der Hären!
Mein Numm ass...
off, losse mer daat, intresseiert souwisou kee Schwein^^

Ja, et ass laang hier dass ech eppes gepost hun, et deet mer io och schrecklech leed, mee zäitlech war et einfach net dran nach groussarteg meng Fräizäit um Blog ze verbrengen. Allerdings war ech oft genuch an de Kino an op Concerten, sou dass ech nach vill nozehuelen hun, waat Posting ubelaangt! Keng Angscht, dei meescht Saachen existeiren schon um Pabeier an wärten dann och lues a lues ugedrëppst kommen!

Aus eejener Saach hun ech dann nach 3 wichteg Saachen ze sooen, ugefaang bei deem momentan Wichtegsten ;)

Saach 1:

Wei der bestëmmt matkritt hudd ass dëst Jooer de Screaming Fields Festival, wou jonk Nowuestalenter beweisen kennen waat se kennen, an um Enn suguer an der Rockhaal e Concert därfe gin! Abee, ech maache zwar net mat, mee ech messbrauchen mein Medium "Blog" lo mol ganz entspaant fier äerch dofier ze bieden fier ZeroPoint5 oofzestemmen! Daat ganzt kennt der op DESEM LINK FIER 0.5 MAAN . Ween lo awer nach emmer net iwwerzeecht ass, fier deen hun ech dann nach en liiiiicht verwackelten Video, well et och GUER net kaal war am Schoulhaff ;) Vill Spass dobei:




Saach 2:

Zum Thema Ulmi's World: et wärt warscheinlech kee mer et gleewen, mee meng Ulmi's World Blogs sin daat waat am meechten Preparatioun an Zeit kaschten, dei ech am Moment net onendlech zu menger Verfügung hun. Dofier setzen ech eng aal Traditioun fort an schreiwen nemmen nach 1-2 (-3 heiansdo) Ulmi's World Blogs pro Mount, domat ass dann awer och gleichzeiteg versechert dass der net an den Entzuch gerood. Oder wei mei Kolleg, UK-Partner an Möchtegernmoderator Claude Lee Noesen geiff sooen "an de Manquage vum Blogliesen verfaalen".

Saach 3:

Merci dass der all sou fläisseg oofgestemmt hudd bei menge UK-Emfroo! Den Februar Mount haat wierklech eng ganz gudd gelongen Sendung. BTW: Kuckt och dei vum März, ass vun allem eppes dobei, an Langweil kënnt och net wierklech op! Dëse Mount gett et leeiiider keng Movies N More Episod, dofier hun ech mech mam Claude zesummengesaat an eng nei Episod vun Music N More gedreint! Wee mei wëssen well, soll daat gefällegst um Fernseh kucken :P

bis dohin

Banane!




Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen